Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Migratioun: Paräis a Berlin fuerdere Fortschrëtter ouni op de Konsens ze waarden
Neiegkeeten

Migratioun: Paräis a Berlin fuerdere Fortschrëtter ouni op de Konsens ze waarden

Frankräich an Däitschland ruffen zu Accorden ënnert e puer Länner

Historeschen Trounwiessel a Japan
Neiegkeeten

Historeschen Trounwiessel a Japan

Dat huet esou a Japan zanter Éiwegkeeten net méi ginn:

dislike
D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress
Neiegkeeten

D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress

Et sollt ee Perséinleches virun der Dier loossen. Mat dëser

Congé aus familiäre Grënn… Wéi geet dat?

Congé aus familiäre Grënn… Wéi geet dat?

Den Aussergewéinleche Congé aus familiäre Grënn kann op einfach Ufro, mëttels engem gesënnerte Formulaire, deen ee vun der Internetsäit vun der Gesondheetskeess (CNS) erofluede muss, ugefrot ginn.

Uecht Gedoen: dëse Formulaire gëllt nëmme fir deen Erzéiungsberechtegten, deen een oder méi Kanner ënner 13 Joer beopsiichtege soll.

De ganze Procedé leeft a véier Schrëtt of:

  • Den Erzéiungsberechtegte muss esou séier wéi méiglech sengem Employeur Bescheed soen, dat mat der Benennung vum Zäitraum, also vu wéini, bis wéini de Congé lafe soll;
  • dëse spezifesche Formulaire muss bis op Benennung vun dësem Zäitraum vollstänneg ausgefëllt ginn;
  • de Formulaire muss uschléissend esouwuel un d‘Gesondheetskeess, wéi och un den Employeur vum Erzéiungsberechtegten deen de Congé ufreet, geschéckt ginn. Falls dëse Congé alternéiert gëtt, muss keen neie Formulaire ausgefëllt ginn;
  • (just fir den Employeur) d‘Transmissioun vum Dekont vun de Congésdeeg, déi aus familiäre Grënn geholl goufen, leeft entspriechend der üblecher Prozedur.

De Formulaire, wann dëse richteg a vollstänneg ausgefëllt ass, gëllt fir den Employeur an d‘CNS als „Krankeschäin“. Et muss een net bei den Dokter goen!

D‘Regierung preziséiert, datt ee keng genee Datumer um Formulaire vermierke muss. Déi Deeg wou een am Congé ass soll ee mam Employeur ofklären, an entspriechend der Evolutioun vun der sanitärer Situatioun ëmmer nees upassen. Sech mam Liewenspartner heibäi ofzewiesselen, ass eng gutt Optioun, esou d‘Regierung.

Och déi Selbststänneg solle vun dëser Mesure profitéiere kënnen, woubäi dat nëmme fir all déi gëllt, déi bei der „Mutualité des Employeurs“ (MDE) affiliéiert sinn. Natierlech huet och all Grenzgänger, dee bei der CNS affiliéiert ass, en Usproch op dëse Congé. Béid Erzéiungsberechtegt kënnen net zur selwechter Zäit vun dësem aussergewéinleche Congé Gebrauch maachen.

Den Employeur kann dëse Congé net ausschloen, den ausgefëllte Formulaire vun der CNS ass u sech maassgeeblech, woubäi een dat alles am Konsens mam Employeur regele sollt. Och do ass elo Solidaritéit gefuerdert.

Illustratioun: Ganz esou schlëmm muss et net kommen, an denkt drun, et ass keng Schoulvakanz! © Allen Taylor / unsplash

Ähnlech Sujeten CNS, Congé, Coronavirus, Covid19, Gesondheetskeess, Regierung, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel