Search

You may also like

Wien dierf nach a Lëtzebuerg areesen?
Neiegkeeten

Wien dierf nach a Lëtzebuerg areesen?

De Baussen- an Europaministère informéiert, datt et Upassunge bei de

What the Fakt – De skandinavesche Feierdag Knut
Neiegkeeten

What the Fakt – De skandinavesche Feierdag Knut

Wien kennt d’Reklamm vun IKEA net, wou d’Chrëschtbeemercher aus der

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp
Neiegkeeten

G20-Sommet: Investissementer a Migratiounsstopp

Haut um Méindeg ginn zu Berlin verschidden afrikanesch Staatscheffen erwaart,

Coronavirus: D‘Regierung zitt d‘Schrauwe bäi

Gëschter Owend huet de Premierminister Xavier Bettel déi éischt Mesure bekannt ginn, déi am Kontext vum „Noutstandsgesetz“ erlooss gi sinn: eng dovunner, e Protokoll vun 145 Euro fir all onnéidegen Deplacement.

Coronavirus: D‘Regierung zitt d‘Schrauwe bäi

Nach ass et keng „Ausgangsspär“ am eigentleche Sënn, mee elo ass gewosst, datt d‘Regel net doranner besteet sech guer net méi vrun d‘Dier ze beginn, mee et heescht sech doheem ophalen an déi sozial Kontakter op ee Minimum ze reduzéieren. Esou de Kär vum Message, deen de Xavier Bettel un d‘Natioun geriicht huet. Dat no enger Drénglechkeetssëtzung vum Regierungsrot, deen den nationalen Noutstand aktéiert huet.

Eise Premier huet dann nach emol ganz andrénglech erkläert, datt een sech an engem Wettlaf mam Virus befënnt, an een dësem net erlabe kann, d‘Course ze gewannen. Et misst elo alles wat méiglech ass ënnerholl ginn, fir dës Pandemie anzedämmen. Mat engem groussherzoglechen Dekret ass festgeluecht ginn, datt all d‘Deplacementer op ee strikte Minimum ze reduzéiere sinn, dat wëll festgestallt gouf, datt sech wéineg Leit un d‘Recommandatiounen halen.

Nach ëmmer gi sech Leit Rendez-vousen, Frënn an Noperen treffen sech, wärend et zwéngend noutwenneg ass, datt jidderee bei sech doheem bleift. Dat ass onverstänneg a muss besser ginn, wann ee weider Mesure wëll verhënneren. Zur Stonn ass net decidéiert all d‘Deplacementer ze ënnersoen an et gëtt kengem verbueden op d‘Schaff ze goen. Mir brauche schliisslech eng Rei Servicer fir d‘Liewen oprecht ze erhalen.

Nach kee „Laissez-Passer“ néideg

D‘Regierung rifft d‘Employeuren op, esouwäit nëmme méiglech op den Télétravail/Homeoffice zréckzegräifen. Mat der Belsch huet et an dësem Kontext schonn ee Steierofkommes ginn, mat de Fransouse gëtt zur Stonn verhandelt a wann dat erleedegt ass, soll mat den däitschen Nopere geschwat ginn. Bei deene Beruffer wou den Télétravail/Homeoffice aus ersiichtleche Grënn net méiglech ass, muss den Aller-retour weiderhi méiglech sinn.

Et soll awer nach keen Dokument/Zertifikat noutwenneg ginn, wéi dat beispillsweis a Frankräich de Fall ass. De Premierminister wëll näischt musse verbidden, just fir et ze verbidden. Hei wiere keng Decisioune geholl ginn d‘Leit ze bestrofen, mee fir ze schützen, esou de Premier, deen dann awer nach betount: „Wann awer d‘Police ee Grupp vun zéng Mënschen op der Strooss gesäit, muss si agräifen an dës Persounen interpelléieren.

All Verstouss géint déi a Kraaft gesate Mesuren, gëtt dann och deier. E Protokoll vun 145 Euro ass ze berappen, wann een den Eescht vun der Lag net wëll zu Kenntnis huelen. Fir d‘Geschäfter, déi sech net un déi beschlosse Moossnamen halen, kann de Protokoll bis 4.000 Euro goen. An am Widderhuelungsfall kann sech dat verduebelen. Sollt dat alles awer d‘Leit net zur Besënnung ermonteren, da muss weider verschäerft ginn.

Hamsterkeef sinn net Zilféierend

Un d‘Adress vun de Leit, déi mengen et wier Liewesnoutwenneg sech en eegene Supermarché-Rayon doheem unzeleeën, huet de Premier och ee Message geriicht: „Wann dir äre Caddie ouni Récksiicht voll maacht, penaliséiert dir all déi, wou sech all Dag fir äert Wuel engagéieren“. An dat stëmmt, wie schafft, kann oftmools seng Akeef eréischt an den Owesstonne maachen, déi sinn net begeeschtert, an eidel Rayone gräifen ze mussen.

Den Noutstand gëllt elo emol fir zéng Deeg. No dësem Delai muss d‘Chamber mat enger Zweedrëttelmajoritéit d‘Mesuren, déi vum Regierungsrot beschloss goufen, bestätegen oder annuléieren. D‘Dauer vum Noutstand ass awer op dräi Méint begrenzt…

Zu de Mesuren

Den Deplacement am ëffentleche Raum ass fir all Persoun verbueden, ausgeholl ënnert de folgende Konditiounen:

  • Liewensmëttel akafen, an d‘Apdikt oder soss essentiell Produite besuerge goen;
  • d‘Acquisitioun vu landwirtschaftleche Produiten;
  • de Wee an eng Gesondheetsstruktur;
  • de Wee op d‘Schaff;
  • d‘Visitten an d‘Soine fir eeler Leit, d‘Garde vu Mannerjäreger, Hëllef fir ofhängeg Persounen, Mënsche mat engem Handicap an därer déi besonnesch vulnerabel sinn;
  • den dréngende Besuch bei engem Organ vun der Sozialversécherung;
  • den dréngende Besuch vu Finanzinstituter, Assurancen, a Postdéngschter;
  • den Deplacement aus héijer Gewalt;
  • d‘Fräizäitaktivitéiten, wann se perséinlech oder am Grupp mat Leit mat deenen een zesummewunnt ofgehale ginn, an dat och nëmmen ënnert der Konditioun, datt sech un de sozialen Ofstand vun op mannst zwee Meter gehale gëtt.

Illustratioun: © Achim Silva / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, nationalen Noutstand, Noutstand, Regierungsrot, SARS-CoV2, Xavier Bettel
Next post Previous post