Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Déi Saach mam Vältesdag als totale Schmu
Neiegkeeten

Editorial: Déi Saach mam Vältesdag als totale Schmu

Säit geraumer Zäit huele verschidden Aktiounsdeeg ëmmer méi u Bedeitung

Kommentar: E Patronage fir Esch2022
Neiegkeeten

Kommentar: E Patronage fir Esch2022

Knapps datt ee bericht huet, Esch2022 géif elo kommunizéieren, gesäit

geek
Nerd News: Microsoft verbënnt „Chromium“ mat „Edge“
Neiegkeeten

Nerd News: Microsoft verbënnt „Chromium“ mat „Edge“

De 6. Dezember huet Microsoft ugekënnegt, datt ee Pläng huet,

Coronavirus: Esou lues gi sech d‘Mënschen der Lag bewosst

Coronavirus: Esou lues gi sech d‘Mënschen der Lag bewosst

Um Donneschdeg ass de Kap vun den 300 Infektiounsfäll iwwerschratt ginn an et ass imminent wichteg, datt een sech un déi vun der Regierung prekoniséiert Moossnamen hält. Eis Police ass um Dill fir dofir Suerg ze droen, datt dës „Reegelen“ och befollegt ginn a wien sech partout net wëll drun halen, de sollt sech mindestens op ee Protokoll vun 145 Euro astellen.

D‘Krisesëtzunge kréie keen Enn an esou sinn och um Donneschdeg nees eng Rei Pressekonferenze gehale ginn. Esou vun der Gesondheets- a Verbraucherschutzministesch Paulette Lenert (LSAP), déi annoncéiert huet, datt ee sech op den Héichpunkt vun der Pandemie, zu Lëtzebuerg – dat am Kontext vun den Infektiounen an Hospitalisatiounen – an den nächste 14 Deeg virbereet.

Et heescht elo awer net dat dës Previsioun „geséchert“ wier, woubäi sech d‘Ministesch verbitt un de Spekulatiounen deelzehuelen. Esou gëtt et „Quellen“ séi sech drop behaapten, datt et zu Lëtzebuerg ganz séier kéint dausenden Infektiounsfäll ginn. Dat ass sécherlech dommt Gebraddels, mee et kann et elo faktesch net ausschléissen. Woubäi all eenzelen derzou bäidroe kann eben dat ze verhënneren.

Wéi et sech erwaart ginn ass, klëmmt d‘Zuel vun den Infektiounsfäll weider. Zum 19. Mäerz huet et bei eis 335 Bestätegt Infektiouns- a véier Stierffäll ginn. 14 Persoune waren Hospitaliséiert, wouvu vir véier Patienten d‘Lag ganz Eescht ass. Den Duerchschnëttsalter vun dePatiente bedréit 46 Joer. Bei den Affer handelt et sech ëm Persounen déi eeler wéi 80 Joer waren a Virerkrankungen haten.

Doheem bleiwen ass dee beschte Schutz

Ugesiichts dem Fait, dat een iwwer 300 Fäll rezenséiert huet, muss dovunner ausgaange ginn, datt et vill méi Leit am Land gëtt, déi de Virus mat sech droen. Mat déi einfachst Schutzmoossnam ass et seng „sozial Distanzen“ anzehalen a méiglechst doheem bleiwen. A jo dat ass guer net emol esou einfach, dat an de Käpp vun de Bierger ënnerzekréien. Mee et gëtt stënterlech besser, gutt esou…

Den Direkter vun der Police Philippe Schrantz, huet dann och gëschter sengersäits drop higewisen, datt seng Beamte schonn honnerte Kontrollen duerchgefouert hunn. Hie bestätegt dat déi meeschte Geschäfter déi sollten zou sinn, hir Dieren och tatsächlech zougemaach hunn. Trotzdeem, esou den Direkter vun der Police, hu misse Protokoller an Héicht vu 4.000 Euro ausgestallt ginn.

E Geste deen de Beamten net liicht vun der Hand geet, mee oftmools verstinn d‘Leit et net anescht, och wann d‘Situatioun natierlech immens komplizéiert ass, an d‘Leit wuel d‘Gefor, net awer den Ëmgang domadder verstinn. Dat weess och de Minister fir Bannesécherheet, François Bausch, dee gëschter nach emol op d‘Mesuren agaangen ass an drop higewisen huet, datt et kee Pardon gëtt.

Hien huet esou d‘Police ugewisen, ganz besonnesch den Horesca-Secteur am A ze behalen, wou jo dat mat der sozialer Distanz naturgeméiss richteg komplizéiert ass. Hien huet dann nach all deene „ganz schlaue Käpp“ – a Krisenzäite gëtt méi Profiteure wéi ee mengt – déi hir Etablissementer fir „privat Aluedungen“ mëssbrauche mat op de Wee, datt esou eppes zolidd Strofe mat sech bréngt.

D‘Police ass eigentlech gutt opgestallt

Trotz de bekannte Problemer beim Rekrutement, wat villen ze denke gëtt, et géif net genuch Police am Land, kann de Philippe Schrantz hei berouegen. Sechs Beamte wiere bis ewell vum Covid19 betraff. Alles an allem huet den Direkter vun der Police eng 1.500 Agenten zur Verfügung, an et sollen elo och eng 300 Beamten zousätzlech an den operationellen Déngscht versat ginn.

Zudeem besteet d‘Méiglechkeet op dat administratiivt Personal, an op d‘Beamte vun der Police Judiciaire zréckzegräifen. Et ass folglech net ze erwaarden, dat an den nächsten Deeg d‘Zaldoten, mat op Patrull goe mussen. Woubäi och dës Optioun net ausgeschloss gëtt, wat jo och Sënn mécht. Fir den Ament ass de Rôle vun eisen Zaldoten awer nach op d‘logistesch Ënnerstëtzung begrenzt.

Op et iergendwann zu enger Ausgangsspär komme muss, hänkt ganz vill vum Beholl vun eis all of. Esoulaang sech un déi verhaange Moossname gehale gëtt a sech keen de Batti stellt, kann de Minister vun dëser ultimativer Mesure ofgesinn. Akafen, eng Kéier an der Natur „duerchootmen“ (op mat oder ouni Hausdéier) bleift also méiglech, esoulaang dat de Reegelen no bedriwwe gëtt.

Am Kontext vum „Akafen“ huet de François Bausch awer insistéiert, datt ee seng Besuergungen zügeg virhëlt an net nach grouss Kosettercher hält. Et soll een och wierklech aus Langweil akafe goen. Mir hätten et also quasi nach an den eegenen Hänn. Bei eise franséischen Noperen, war dat am „Bleif doheem“ guer net verstane ginn, wat schonn zu iwwer 4.000 Protokoller gefouert huet…

Apropos Protokoll: d‘Generalstaatsanwältin Martine Solovieff ass dann och hirersäits nach emol op de juristesche Volet agaangen an huet „exemplaresch Strofe“ versprach an huet nees op d‘Tariffer higewisen, déi bei Zuwidderhandlung ugewannt ginn. Ze bedenken hei: wann een e Protokoll kritt sollt een dëse bannent 30 Deeg bezuelt hunn, soss verduebelt sech de Montant automatesch.

Dat gëtt eng haart Noss fir déi ganz Ekonomie

Säitens dem Sozialminister heescht et, datt alles wat méiglech ass gemaach gëtt, fir den Impakt vun dëser sanitärer Kris op den Aarbechtsmaart ënner Kontroll ze behalen. Op den 19. Mäerz hat ronn 3.200 Demande fir de partielle Chômage ginn. Eleng am Bausecteur sinn dovunner eng 45.000 Salariéeë betraff. Mee och den Aarbechtsmaart muss sech der Evolutioun vun der Kris unhuelen.

Fir elo op d‘Situatioun vun de vulnerabele Persounen anzegoen, huet d‘Regierung eng gesënnert Internetplattform annoncéiert. Ënnert corona-letzshop.lu. Hei ginn den eelere Persounen (65+), an all de vulnerabele Mënschen déi essentiell Produiten ugebueden. Esou mussen déi net ausser Haus a sech ëm Risk aussetzen. De ganzen Detail dozou, huet iech d‘Redaktioun gëschter matgedeelt.

Zanter dem Mëttwoch sinn all d‘Maisons Medicales a sougenannt „Coronavirus-Zenter“ verwandelt ginn. Hei goufe schonn honnerte Leit empfaangen. Et ass awer wichteg sech net aus eegener Initiativ an ee vun dësen dräi Zentren ze beginn. Iert een dëse Schratt ënnerhëlt, muss ee virdru mat sengem Hausdokter geschwat hunn, deen entscheet dann ob Maison Médicale oder Drive-in.

Ab e Méindeg ass dann och de Fluchhafen zou, zumindest fir d‘Passagéier. Eenzeg d‘Cargolux an d‘Air Rescue halen hir Aktivitéite bäi. Interessant, bis de Moien 9 Auer stoung vun dëser Mesure um Site vu Lux-Airport näischt, mee mir haten eis schonn iwwert hir exzellent Kommunikatioun geiergert. Rapatriementer solle méiglech sinn, wiem et awer gefält wou en ass soll do bleiwen…

Illustratioun: Hanna Kovalchuk / Pixabay

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Lëtzebuerg, Regierung, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel