Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mediahuis ass neien Aktionär vum Lëtzebuerger Grupp Saint-Paul
Neiegkeeten

Mediahuis ass neien Aktionär vum Lëtzebuerger Grupp Saint-Paul

Aktuell present an der Belsch, an Holland an an Irland

dislike
Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet
Neiegkeeten

Google säi Sexismus-Skandal ass e Symptom vun enger grousser Krankheet

Google suergt erëm fir Negativ-Schlagzeilen. Grond dës Kéier: Sexismus. An

dislike
Den mPass fir Entreprisen ass beléift. Mee et ass ee besuergt, datt kleng Entreprise benodeelegt ginn!
Neiegkeeten

Den mPass fir Entreprisen ass beléift. Mee et ass ee besuergt, datt kleng Entreprise benodeelegt ginn!

Fir den ëffentlechen Transport attraktiv ze gestalten, gëtt gären de

Coronavirus: Vill Informatioune wéineg Äntwerten…

Wann d‘Gesondheetsministesch vill Neies unzekënnegen hat, esou war si net esou Wuertfreedeg bei hiren Äntwerten op d‘Froe vun der Press

Coronavirus: Vill Informatioune wéineg Äntwerten…

Um Sonndegnomëtteg huet et nees eng virtuell Pressekonferenz ginn, an déi gutt Nouvelle, et gëtt kee weidert Covid19-Affer ze bekloen. Dräi Persoune sinn zur Stonn op der Intensivstatioun, 37 Persounen hospitaliséiert an ronn 800 Persoune gëllen als infizéiert. Wat déi lescht Zuele betrëfft, esou sinn déi mat Virsiicht ze genéissen, vu datt se den Ament mat den Tester net nokommen.

Och hei am Land sollte mir vun enger grousser Donkelziffer ausgoen, wat awer u sech ganz normal ass a net sollt zur Beonrouegung bäidroen. Zum engen ass et Sënnfriem en Test ze maache wann et keng Symptomer gëtt, zum aneren ass d‘Prozedur u sech net einfach. An um Terrain sinn sech déi zoustänneg Déngschter net ganz eens op et besser an der Nues oder am Mond eng Prouf ze huelen.

Dat dierft wuel éischter egal sinn, mee och esou Detailer wëlle berécksiichtegt ginn. Den Ament gesäit et esou aus, datt alles drop ausgeriicht, d‘Bierger méiglechst ze berouegen. Dat gëllt och fir d‘Ukënnegung, datt d‘Maison Médicales duerch virgeluechten Noutzentre sollen ersat ginn. Et gëtt an der Stad ugefaangen, wou elo d‘LuxExpo, ab de Mëtteg 14 Auer Covid19 Verdachtsfäll checkt.

Am Laf vun der Woch sollen nach dräi weider dëser Zentre bäikommen. Zu Esch ass et d‘Rockhal, zu Ettelbréck wäert dat Ganzt an d‘Däichhale verluecht ginn, mee op der Musel gëtt zur Stonn nach gepréift op Gréiwemaacher fir d‘Installatioun vun esou engem Zenter gerëscht ass. Obwuel et zur Stonn nach „roueg“ ass, am Verglach mat den Noperen, ass dat eng wichteg preventiv Moossnam.

Sech elo op de „worst case“ anzestellen ass jiddefalls besser, wéi ze spéit anzegräifen an esou dem Chaos d‘Dieren opzemaachen. Dat ass och ee wichtegen Hiweis vir d‘Bevëlkerung, déi wierklech begräife muss, datt een et net zu enger massiver Infektiounswell dierf komme loossen. Et muss méiglech bleiwen, d‘Soinen och leeschten ze kënnen. Dat seet eis awer och, datt et wäert daueren…

De Besuch beim virtuellen Dokter

Mat der Ariichtung vun dëse virgeluechten Noutzentren, ass awer keng Aluedung ausgeschwat ginn sech einfach dohinner ze beginn. D‘Prozedur bleift wéi se ass: fir d‘éischt schwätzt ee mat sengem Hausdokter, an dat méiglechst vun doheem aus, iwwert den Telefon. Eng virtuell Consultatioun ass elo och méiglech. Et ass dann den Dokter deen déi weider Instruktiounen u säi Client weidergëtt.

An de Strukture selwer, gëtt zesumme mat de private Laboratoiren den test gemaach. Et ass wichteg datt all d‘Donnéeën zentraliséiert ginn, fir esou effektiv wéi nëmme méiglech mat der Pandemie ëmzegoen. Dat soll zudeem zu enger besserer Iwwersiicht zu den tatsächleche Fäll féieren. Wat elo d‘Spidoler betrëfft, esou hunn déi am ganze Land hir Kapassitéiten ugepasst a sinn och virbereet.

Déi vun der NATO zur Verfügung gestallten Infrastruktur beim CHL, ass wéi mir elo wëssen, kee Spidol. Et hat do eppes Kritik ginn, datt mir dat zu Bari (Italien) ofgeholl hunn, wou d‘Italiener dach a gréisster Nout sinn. D‘Kapassitéit läit dann och net bei 200 Better, wéi dat am Paperjam nozeliese war, mee 100. Et sinn hei och keng Apparater matgeliwwert ginn, esou d‘Ministesch.

Et gëtt dann nieft de Spidäler an Noutzentren och nach d‘Méiglechkeet liicht Fäll oder Patienten „déi et iwwerstanen hunn“ a stationär behandelt kënne ginn, zu Kolpech am ale Rout Kräiz Gebai opzehuelen. Dat selwecht gëllt fir d‘Termalbad zu Munneref, dat, esou d‘Ministesch bannent véier Deeg operationell ka sinn. Wéi vill Better Kapassitéit dat ausmécht, gouf leider net preziséiert.

Alles ënner Kontroll oder gëtt et nach Schwaachstellen?

Wien sech d‘Méi sollt gemaach, d‘Pressekonferenz ze verfollegen (Video), deem dierft opgefall sinn, datt d‘Froen un d‘Ministesch deels onbefriddegend beäntwert goufen an Detailer zumindest aktuell nach Staatsgeheimnis sinn. Dat ass elo net dat, wat een Vertrauensbildend bezeechne kann, och wat et sécherlech bei deem engen oder anere Punkt verständlech ass. An awer…

Zudeem, muss et erlaabt sinn festzestellen, datt d‘Froe vun de Medien net voll ëmfänglech consideréiert ginn. Esou wollte mir wëssen, wéi eng Prozeduren a Mesure fir déi Leit virgesi sinn, déi op der Strooss liewen, a per Definitioun vun den Zankerten net kënnen heem geschéckt ginn. Eis Fro gouf gekierzt a mat där vu Bertelsmann-RTL zesummegeluecht, net ganz manéierlech…

Coronavirus

Wierklech beäntwert ginn ass se net, firwat sech d‘Fro vum mënschleche Stellewäert opdrängt. Gutt et muss een d‘Strummerten net leide kënnen, mee och si Mënschen. Et war wuel erauszehéieren, datt wann en Obdachlose sollt an infizéiert diagnostizéiert ginn, deem dann en Daach iwwert dem Kapp besuergt géif. Wéi dat soll ausgesinn, wéi ass do de Suivi? Dat wollt d‘Ministesch net soen.

E klengen Detail ass awer gewosst: et ass am Kontext vun enger Covid19-Infektioun geséchert, datt och wie keng Krankekeess sollt hunn, gefleegt gëtt. Ob deem och nach esou ass, wann een an d‘Phas vum Triage kënnt? An ausser de Mënschen ouni Daach iwwert dem Kapp, gëtt et nach déi Leit déi zu Schrasseg oder Giwenech entweder asëtzen oder do schaffen. Wat ass mat deenen?

Déi Fro, déi mir wuel esou laang wäerte musse schrëftlech un de „livestream“ schécken, bis dann een sech dëser unhëlt, ass verständlecherweis net wëllkomm. Et erzwéngt jo elo awer keen eng Äntwert, eis géif et duer goen, wa se gestallt géif ginn. Ënner normalen Ëmstänn hätt ee se jo selwer gestallt. Méiglech ass awer och, datt schonn eng gewëssen Zensur ugewannt gëtt. Noutstand eben…

Illustratioun:Pixabay

Ähnlech Sujeten Chamber, Coronavirus, Covid19, Gesondheetsministesch, Krautmaart, Noutstandsgesetzer, Paulette Lenert, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel