Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De Slipknot-Frontmann Corey Taylor huet Gebuertsdag!
https://moien.lu/dating-sodapop-would-include/

What the Fakt – De Slipknot-Frontmann Corey Taylor huet Gebuertsdag!

Metalheads opgepasst: Haut kënnt Dir op de Gebuertsdag vum Corey

https://moien.lu/best-first-message-to-send-a-girl-on-a-dating-site/
https://moien.lu/dating-sodapop-would-include/

D’Nordstad kritt keen Zucharret bäi

D’Nordstad ass mat Ettelbréck an Dikrech eng wichteg Achs fir

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach
https://moien.lu/dating-sodapop-would-include/

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach

Wann e sech de Rapport vun der IGSS (Generalinspektioun vun

Lëtzebuerg ass op dat schlëmmst Virbereet

Inneministesch an CGDIS-Direkter hu verséchert, datt den Zivilschutz geséchert ass

Lëtzebuerg ass op dat schlëmmst Virbereet

De CGDIS ass voll ëmfänglech operationell, och wann et richteg ass, datt sech zur Stonn de Gros vun den Aktivitéiten am Hannergrond ofspillen. Wéi et den Direkter Paul Schroeder gëschter am Livestream erkläert huet, wier de CGDIS schonn zanter Mëtt Februar ganz intensiv domadder beschäftegt, sech op d‘Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, sech virzebereeden.

Och d‘Coronavirus-Hotline 8002 8080 déi am Mäerz opgemaach gouf a vum CGDIS geréiert gëtt, wier scho ronn 24.000 mol ugeruff ginn. Säit dem 9. Mäerz ass den operationelle Gestiounszenter am Krisemodus. Den 112 bleift den Urgence virbehalen an ass zur Stonn nach net iwwerlaascht an d‘Leit schénge begraff ze hunn, datt et déi falsch Nummer zu Froe wéinst dem Coronavirus ass.

Et wier een dann elo och op all Eventualitéite virbereet, de Schutz vun der Bevëlkerung schéngt deemno geséchert. Dat zumindest behaapt d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP), déi awer betount, datt een elo ofwaart wat sech do entwéckelt. D‘Regierung wier nach ëmmer hoffnungsvoll sech net dem schlëmmst erdenklechen Zeenario – deen awer virgesinn ass – stellen ze mussen.

Nach huet et genuch Hänn

Wat elo den Effektiv betrëfft, esou huet de Paul Schroeder wësse gelooss, datt eng 550 Secouristen, 4.100 Pompjeeën a Ambulanciere kënnen agesat ginn. Déi ginn nach emol vu ronn 200 Leit an der Administratioun an den technesche Servicer ënnerstëtzt. De Schutz vun de Rettungsdéngschter huet absolut Prioritéit. An de Reie vum CGDIS gëtt et 31 Infektiounsfäll, 1 dovunner ass hospitaliséiert.

Interessant och schonn ab dem 1. Abrëll ee 5. Standuert fir de SAMU um Findel, bei der Air Rescue soll operationell sinn. Dëse Standuert sollt eigentlech eréischt am Mee säi Service ophuelen. Dat soll hëllefen d‘Spidoler ze entlaaschten an offréiert weider Flexibilitéit. Och d‘Zuel vun den Ambulanzen (mir hu jo grad eréischt 44 neier kritt) ass an de Zentren uechter d‘Land erhéicht ginn.

Laut dem CGDIS-Direkter verfügen seng Leit iwwert dat noutwennegt Material fir dës Kris ze geréieren. D‘Missioun vun der logistescher Koordinatioun an d‘Inventariséierung vun de Spidol-Kapassitéiten an der Krisenzell vum Gesondheetsministère, gëtt poch vum CGDIS assuréiert. Hinnen ass zudeem am beschte gehollef, wann d‘Bierger sech doheem an net dobaussen ophalen.

Illustratioun: © Jon Tyson / unsplash

Ähnlech Sujeten CGDIS, Coronavirus, Covid19, Inneministesch, Paul Schroeder, Regierung, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel