Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mënschenhandel an Ausbeutung och bei eis
Money Neiegkeeten

Mënschenhandel an Ausbeutung och bei eis

All zwee Joer leet déi Consultativ Mënscherechtskommissioun (CCDH) der Chamber

En Telefonsgespréich mat Folgen
Money Neiegkeeten

En Telefonsgespréich mat Folgen

Nodeems nei Virwërf opkomm sinn hunn d‘US-Demokraten éischt Moossnamen ergraff,

Editorial: Maskeflicht elo awer?
Money Neiegkeeten

Editorial: Maskeflicht elo awer?

Datt een a Krisenzäiten zuweilen och muss Entscheedungen zréckhuelen oder

money

A Krisenzäiten: Gemenge verzichten op de Loyer

Am Kontext vun der duerch de Coronavirus Covis10 ausgeléiste Pandemie, verzichten d‘Stad Lëtzebuerg, d‘Stad Esch an Diddeleng, während der Dauer vun der Kris, op d‘Loyeren

A Krisenzäiten: Gemenge verzichten op de Loyer

Et hat an de leschten Deeg vill Appeller un d‘Besëtzer vu Wunnraum zu Lëtzebuerg ginn, dach elo an dëser Krisesituatioun zumindest temporär op de Loyer ze verzichten. Dat awer nëmme fir d‘Geschäfter an Entreprise, déi aus de bekannte Grënn hir Aktivitéiten deels oder ganz hu missen astellen. Fir déi, wéi fir d‘Privatleit, ass de Loyer déi gréissten Ausgab an do brauch et Schutz.

Och d‘Banke sinn opgeruff, bei de Remboursementer vun de Kreditter, déi Geschäftsleit eventuell net wéi gewinnt bedénge kënnen, Flexibilitéit a Gedold ze weisen. D‘Stad Lëtzebuerg war déi éischt, wou sech e Méindeg zu dësem Schratt entscheet hat. Den éischte Schäffen, Serge Wilmes (CSV) hat op sengem Facebook-Account bestätegt, datt dëse Schratt ëmfänglech ëmgesat gëtt.

D‘Stad Lëtzebuerg, déi iwwer 33 Geschäftslokaler verfüügt, wollt e Beispill fir all déi privat Proprietäre sinn, déi si oprifft et hir gläich ze maachen. Och de Buergermeeschter vun der Stad Esch huet säi Facebook-Account engem Communiqué un d‘Press virgezunn. Och de Georges Mischo (CSV) wëll also d‘Geschäftsleit, déi sech Raimlechkeete bei der Gemeng gelount entlaaschten.

Zu Diddeleng dann ass et de Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot, dee gëschter Moien d‘Entscheedung getraff huet, senge Locataire vu Geschäftsraim de Loyer fir d‘Dauer vun der Kris auszesetzen. Dat ass sécherlech eng gutt iwwerluechten Decisioun an dierft zumindest an dësen dräi Stied fir eppes méi Zouversiicht bei de concernéierte Geschäftsleit suergen. Mee geet dat duer?

Lëtzebuerg sollt et net wei Europa maachen

Wann een dës vun der Stad, den Escher an den Diddelenger getraffen Entscheedung nëmme ka begréissen, esou huet och dës Medail eng „Récksäit“. Natierlech geet et elo net drëms de Schratt dee vu Vernonft gepräägt ass, ze kritiséieren. Verwonnert dierf ee dogéint scho sinn: wann déi Leit, wou de Mangel u Solidaritéit an der EU kritesch begleeden an eesäiteg Decisiounen denoncéieren, et hinne gläich maachen, da werft déi gutt gemengten Aktioun eng ganz Rei Froen op.

Zum enge sinn d‘Gemengen am Syvicol zesummegeschloss, an och an dësem Veräi sollt schonn déi technologesch Méiglechkeete ginn, Videokonferenzen ofzehalen, an folglech esou wäitreechend Decisioune matenaner ze koordinéieren. Et kann sech dach net ugoen, datt Geschäftsleit, déi wou méiglech um „Duerf“ e Lokal vun der Gemeng gelount hunn, dovunner ausgeschloss ginn. Esou lueflech d‘Initiativ ass, esou schiedlech ass se, wann se net generell am Land applizéiert gëtt.

Wann et den ament nach d‘Wirtschaftsacteure sinn, déi am Fokus sinn, esou sollt een elo d‘Bierger bei dësen Iwwerleeungen net ausblennen. Hei kann een de Gemengen nëmmen de gudde Rot ginn uecht ze doen, besonnesch am soziale Wunnberäich, wou et aus erwisene Grënn kann zu „Enkpäss“ kommen, am Virfeld Léisungen ze sichen an esou déi betraffe Locataire zumindest physesch ze entlaaschten. Fir si ass et den Ament ganz schwéier d‘Konsequenze vun der Kris ze erfaassen…

Et si schwéier Zäiten an si wäerten sech laang hinzéien. Wie mengt datt mir schonn an e puer Wochen a vertrauter Gesellegkeet Grillen oder och nëmmen nees op d‘Schaff kënne goen, sollt säin erfrëschenden Optimismus géint eppes Realismus tauschen. Wien sech zäiteg op haart Zäiten astellt sollt besser domadder ëmgoe kënne wa se kommen. Zudeem ass wichteg de Bierger ze erklären, datt d‘Infektiounskrankheet, net den eenzege Problem ass an d‘Weltwirtschaft zolidd bedreet ass.

Illustratioun: NeONBRAND / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Diddeleng, Esch-Uelzecht, Loyeren, Pandemie, Stad Lëtzebuerg, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel