Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
GLOW ass frësch, speziell a staark
Neiegkeeten

GLOW ass frësch, speziell a staark

Gorgeous Ladies of Wrestling. Dofir steet GLOW. Den Numm ass

De City Night Bus: Och op Halloween!
Neiegkeeten

De City Night Bus: Och op Halloween!

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt de City Night Bus fir Halloween,

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser
Neiegkeeten

Vertrauen ass gutt, Kontroll ass besser

En Donneschdeg hunn den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) an den

Coronavirus: D‘Gesondheetsministesch informéiert

Coronavirus: D‘Gesondheetsministesch informéiert

Gëschter am Nomëtteg – also dem Zäitpunkt vun der virtueller Pressekonferenz – huet et neien Update zu den Infektiounszuele ginn. D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet déi offiziell Chiffere virgeluecht, an aus dëse geet ervir, datt mir zu Lëtzebuerg 1.333 Infektiounsfäll hunn, an d‘Zuel vun Affer bei 8 den Ament stabil ass. Et wieren alles Mënschen am héijen Alter gewiescht.

Um Dënschdeg hat et mat 224 nei entdeckten Infektiounsfäll eng sensibel Hausse ginn an och um Mëttwoch, waren et der nach emol 234. Woubäi dat Zuele sinn, déi weder dem Bierger nach der Politik wierklech eppes vermëttele kënnen, handelt sech jo dobäi just ëm déi bekannte Fäll. A wat een méi Persounen test, wat natierlech och d‘Fallzuelen entspriechend a proportional erhéicht.

Bis ewell goufen am Schnëtt 1.500 Leit pro Dag getest, an domatter gi bei eis wiesentlech méi Mënsche wéi an allen aner EU-Memberlänner getest. Elo ass dat gutt an et kéint ee mengen, datt et ubruecht wier, all Mënsch am Land engem Test ze ënnerzéien. Blöd awer, datt en Test nëmme Sënnvoll ass, wann een och Symptomer huet, soss fält dësen negativ aus. Dat muss ee verstoen.

De Stand: gëschter Mueren um 11.30 Auer waren 143 Leit hospitaliséiert, dovunner 21 op der Intensivstatioun. Dozou gehéieren déi sechs Patienten, déi mir vu Mulhouse iwwerholl hunn, fir d‘Servicer op der Plaz ze entlaaschten. Ee siwente Patient aus der Regioun „Grand Est“ ass am Nomëtteg bei eis ukomm. Aktuell hu mir 39 Intensivbetter, mee dat kann op 169 erweidert ginn.

Illustratioun: © National Cancer Institute / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Gesondheetsministère, Paulette Lenert, Update
Nächsten Artikel Virrechten Artikel