Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vill Goss fir eng Campagne
Neiegkeeten

Vill Goss fir eng Campagne

Ufank Juni, nodeems vum Gesondheetsministère déi grouss Campagne „Net ouni

Bei der Klinick ze parke ka richteg deier ginn – mee elo gëtt reagéiert!
Neiegkeeten

Bei der Klinick ze parke ka richteg deier ginn – mee elo gëtt reagéiert!

E Familljemember oder Frënd an der Klinick leien ze hunn,

Hues de net genuch Plaz muss de neier Schafen
Neiegkeeten

Hues de net genuch Plaz muss de neier Schafen

Déi flott Police-Cité zu Sandweiler, wou den Etat-Major vun der

Coronavirus: keen akute Risk zu a fir Lëtzebuerg

De Gesondheetsministère informéiert d‘Bierger, datt et zur Stonn keen Infektiounsfall am Land géif ginn an datt Lëtzebuerg gutt virbereet ass, sollt et zu positiven Diagnose kommen

Coronavirus: keen akute Risk zu a fir Lëtzebuerg

An enger fir d‘Press organiséierter „drénglech Pressekonferenz“ ass et am Fong geholl éischter dorëms gaangen, d‘Medien – déi de Ministère vill sollicitéiert hunn – an d‘Bierger iwwert den aktuelle Stand ze informéieren an iwwert dëse Wee och nees eppes Rou an de Bliederbësch ze bréngen. De Coronavirus (Covid19) ass deemno zur Stonn nach net zu Lëtzebuerg ukomm…

Fir den Direkter vun der Santé, den Dokter Jean-Claude Schmit, ass wuel kloer datt „Null-Risk“ eng Utopie ass, mee ee beschtens op all Eventualitéiten agestallt ass. Dofir ass panikéiere kloer de falsche Wee, mat der Situatioun ëmzegoen. Alles an allem hätt et eng zwanzeg verdächteg Fäll ginn, déi sech dann zum Gléck alleguerten als negativ erwisen hunn. Mee dat gesinn der och anescht.

Coronavirus

© Ani Kolleshi / unsplash

Esou hunn d‘Europaschoulen hir „Virsiichtsmoossnamen“ erhéicht, wat en direkten Zesummenhang mat de jéngsten Ereegnisser an Italien huet. De Schoulbetrib anzestellen awer hält den Dokter Jean-Claude Schmit awer weder fir sënnvoll nach fir Ziilféierend. Natierlech, esou de Medeziner, kann sech d‘Situatioun séier veränneren, firwat ee ganz opmierksam d‘Entwécklung verfollegt.

Un d‘Bierger am Land dann nach ee Message: „Wann dir aus enger betraffener Géigend kommt, da sot w.e.g. der Gesondheetsinspektioun Bescheed“. An et ass jo och keng domm, léiwer méi Leit ze testen, wéi d‘Méiglechkeet op ze loossen, dat eis Infektiounsfäll duerch d‘Lappe ginn. Woubäi et wéineg Sënn mécht sech testen ze loossen, wann et keng Symptomer huet… esou de Fazit.

Chaotesch Zoustänn an Italien

Wann elo dovunner rieds ass, datt sech de Coronavirus an Italien séier ausbreet, esou muss een hei emol ufänken ze relativiséieren an erklären, wourunner dës spronghaft Zounam vun Infektiounen hir kënnt. Mëttlerweil sinn siwe Mënschen dem Coronavirus erleeën, wäit 200 sinn infizéiert. Dat ass net iwwer Nuecht geschitt, mee säit Codogno, gëtt méi getest an d‘Resultat ass entspriechend.

Et hunn sech deemno net 220 Leit an de leschten Deeg infizéiert, dat waren déi scho virdrun, just dat ebe wéineg bis guer net getest ginn ass. D‘Gefor war jo bis dohinner net offensichtlech, esou zumindest d‘Argumentatioun vun der italienescher Regierung. Eng Regierung déi elo awer muss zolidd Gas ginn an déi sech mat de Noperen an de Partner iwwert d‘Suitte berode wëll.

Coronavirus

© John Noonan / unsplash

An dësem Kontext ass fir haut de Mëtteg eng Drénglechkeetssëtzung (dann awer elo eng richteg) zu Roum aberuff ginn. Dorunner huelen deel Vertrieder aus: Éisträich, Frankräich, Slowenien an der Schwäiz. Esouguer den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn huet sech zu dësem Krisentreffen agelueden. Italien ass dat am stäerkste betraffe Land an Europa an et steet een eréischt um Ufank.

Bis ewell schéngt ausgeschloss, datt et zu Grenzschléissunge kënnt. Dat wier, esou den Zivilschutz, zwar rechtlech onbedenklech géif awer faktesch kee prakteschen Notze bréngen. Anersäits huet déi italienesch Profi-Fussballliga decidéiert eng Rei Spiller hanner zouen Dieren, also ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet, auszedroen. Och d‘Dréiaarbechte vu Mission Impossible goufen ofgebrach.

WHO schéckt Experten

Genève ass no drun un Norditalien, firwat et der WHO net all ze schwéier dierft gefall sinn, um Méindeg en Team vun Experten anzesetzen. Dës Ekipp vum europäeschen Zenter fir Preventioun an Kontroll vu Krankheeten (ECDC) an der WHO soll déi italienesch Verwaltunge bei hirem Kampf géint de SARS-CoV2 ënnerstëtzen. Eng enk Zesummenaarbecht ass awer d‘Viraussetzung.

A China klëmmt d‘Zuel vun den Affer an den Infektiounsfäll weider. An de leschte 24 Stonne sinn 71 Persoune gestuerwen an 508 nei Infektiounsfäll goufen notéiert. Domadder läit d‘Zuel vun den Affer aktuell bei 2.663 Doudegen an 77.658 Infektiounsfäll. Nach ëmmer ass déi chinesesch Provënz Hubei déi am stäerkste betraffe Regioun. Hei war d‘Krankheet zu Wuhan ausgebrach.

Coronavirus

© Liam Burnett / unsplash

Mëttlerweil rifft och den UN-Generalsekretär Antonio Guterres zum Kampf géint de Covid19 op. Et géif elo drëms goen, séier a konsequent dem Impakt op d‘Gesondheet vun der Weltbevëlkerung an der Wirtschaft entgéintzewierken, esou de Guterres bei sengem Besuch vun der WHO zu Genève. Dofir brauch d‘UNO 675 Millioune vun der Weltgemeinschaft. Mee et wëll nach kee bezuelen…

Woubäi d‘US-Regierung enger Mediemeldung no, bereet wier bis zu enger Milliard US-Dollar an de Grapp ze huele fir dem Coronavirus an den USA ze begéinen. Wann dat stëmmt, wat se sech do an der Washington Post zesummegereimt hunn, géif dat bedeiten, datt den amerikanesche Beitrag fir d‘Moossname vun der Weltgesondheetsorganisatioun wuel éischter geréng ausfalen dierften.

mat indymedia/rom/mil/ber/gva/tpe

Foto: © Max bender / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Edpidemie, Gesondheetsministère, Longekrankheet, Pandemie, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel