Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)
Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt et am Kader vum Reamenagement vum

Olympesch Jugend-Wanterspiller zu Lausanne 2020: Vu Victoiren an Néierlagen
Neiegkeeten

Olympesch Jugend-Wanterspiller zu Lausanne 2020: Vu Victoiren an Néierlagen

Nodeems leschten Donneschdeg déi 3. Editioun vun den Olympesche Jugend-Wanterspiller

Dausende Migrante sinn op der mexikanesch-amerikanescher Grenz ukomm
Neiegkeeten

Dausende Migrante sinn op der mexikanesch-amerikanescher Grenz ukomm

Iwwer 4.000 Migrante vun der „Karawann“ befannen sech elo op

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Gudde Rot ass Schwéier

Nach ass d‘Lag am Land net dramatesch, mee et d‘Situatioun gëtt ganz Eescht geholl

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Gudde Rot ass Schwéier

Alles ronderëm de Coronavirus Covid19 evoluéiert séier. Esou séier, datt och d‘Politik et schwéier huet deem ganzen nozekommen, firwat et eventuell ubruecht wier, statt de klenge Schrëtter ee groussen ze woen. Wirtschaftlech bedenke muss een elo hannert déi gesondheetlech Preventioun stellen. Ob eis Regierung dat kann oder waart bis et net méi anescht geet, bleift ongekläert.

Nom Regierungsrot gouf et gëschter dann eng ganz op de Covid19 zougeschnidde Pressekonferenz, an där de Premierminister Xavier Bettel, zesumme mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert, dem Mëttelstandsminister Lex Delles an dem Wirtschaftsminister Franz Fayot, aleedend festgestallt huet, datt d‘Situatioun ganz Eescht ass, an all Bierger déi och als dat esou sollt consideréieren.

De Coronavirus Covid19 ass offiziell vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zur Pandemie erkläert ginn. Wann elo de Xavier Bettel vun de Residenten am Land erwaart d‘Situatioun esou ze bewäerte wéi se ass, nämlech eescht, esou riicht d‘Regierung a sengem Ensembel en Appell un d‘Bevëlkerung, net ze iwwerreagéieren oder a sech vu Meldungen a Panik verleeden ze loossen.

Et gëtt un d‘Vernonft appelléiert an et sollt elo jiddereen – déi eigentlech souwisou behäerzegt – Hygiènesmesure respektéieren: „Mindestens 30 Sekonne laang d‘Hänn wäschen“ sollt een awer net musse fuerderen, woubäi an der haideger Welt… Nieft dem anhale vun Hygiènesregelen, sollt een den Ament drop verzichten sech d‘Hänn ze reechen an och de Begréissungskuss sollt ee si loossen.

Des weidere ginn d‘Leit gebiede vun engem Besuch bei de Grousselteren Ofstand ze huelen. Och wann eis Altersheemer gutt opgestallt sinn, gëllt et hei all vermeidbare Risk auszeschléissen. Sollt sech de Coronavirus zu Lëtzebuerg weider verbreeden, esou gëllt et prioritär déi Schwächst an Ufällegst Leit ze schützen, esou de Premier, deen awer betount datt een nach an der Phas 1 ass.

Mir sinn alleguerte gefuerdert

„Phas 1“ heescht, datt mir zu Lëtzebuerg nach an der „Episod: Epidemie“ sinn, also de Virus nach net selbstänneg seng Ronnen um Territoire dréit. Zil ass et dann och, de verhënneren, datt sech de Covid19 verselbststännegt. D‘Eenzelfäll miss een esou séier wéi méiglech identifizéieren an dann isoléieren. Et ass een awer bereet d‘Phas 2 auszeléisen, sollte weider Infektiounsfäll optrieden.

Zur Stonn huet d‘Regierung festgeluecht, datt all Manifestatiounen/Evenementer mat méi wéi dausend Persounen annuléiert sinn. Sollt een d‘Moossname verschäerfe mussen, géif een d‘Vollek zäitno informéieren. Fir d‘Leit dann elo awer och net mat Informatiounen ze „erschloen“, zitt d‘Regierung et vir, d‘Bierger am Land etappeweis um Lafenden ze halen, esou d‘Paulette Lenert.

Et gëtt och drun erënnert, datt wann een de Verdacht huet infizéiert ze sinn, et dee falsche Wee ass bei säin Hausdokter oder an d‘Urgencen ze goen. Deen eenzeg richtege Wee ass et sech iwwert d‘Hotline 8002 8080 vun der Gesondheetsinspektioun (gratis) ze mellen. Déi leeden all weider Schrëtter an d‘Wee. Wien allerdéngs keng Symptomer opweist, kann och net getest ginn.

Corona

Zur Stonn sinn zu Lëtzebuerg 12, verschiddener schwätzen och vun 19 Mënsche vum Coronavirus Covid19 betraff, 93 Mënsche goufe bis ewell ënnert Quarantaine gestallt. D‘Gesondheetsministesch weist och nach emol drop hinn, datt sech d‘Situatioun rapid verännert, mee ee mat de Noperen a Kontakt steet an op all Eventualitéite virbereet ass. Et géif een awer versichen an der Phas 1 ze bleiwen, esou d‘Paulette Lenert.

Interessant – mee net onwichteg – d‘Annonce, datt déi sougenannt Medezinesch Haiser (Maisons médicales) zu Esch-Uelzecht (Süden), Stad Lëtzebuerg (Zentrum) an Ettelbréck (Norden) vun 8 bis 16 Auer ophunn, fir Persounen déi Symptomer presentéieren opzehuelen. Et gëtt zudeem och mat de private Laboratoire geschwat, fir Coronavirus-Tester duerchzeféieren. An domadder net genuch.

De virtuelle Rendez-vous beim Dokter

Och elo an der Diskussioun: d‘Consultatioun via Internet. Hei gëtt awer zur Stonn nach berode wéi dat sech ëmsetze léisst. Schoule sinn zur Stonn nach keng zou. Sollt de Fall antrieden, datt ee Kand a Quarantaine muss, soll den Elteren erméiglecht ginn ee Congé aus familiäre Grënn ze huelen. Do dierften awer schonn d‘Patrone vun der Leit verlaangen doheem ze bleiwen.

De Mëttelstand- an de Wirtschaftsminister hunn och Moossnamen ugekënnegt. Entreprisen déi ënnert de Coronaviruskris leide solle gehollef kréien. Bis ewell huet et 50 Demande fir Zäitaarbecht ginn. Vun dëser Mesure si ronn 1.500 Salariéeën am Land betraff. D‘Ceratizit huet beispillsweis seng Frontalieren aus der „Region du Grand Est“ gebieden net op d‘Schaff ze kommen.

Säitens dem Mëttelstandsminister, ass et den Tourismussecteur, deen him den Ament am meeschte Kappzerbrieches bereet. Reservatiounen déi stornéiert ginn, laangjäreg Clienten déi nach net reservéiert hunn an och déi üblech Previsiounen, op déi soss Verlooss war, dat alles ass den Ament näischt Erfreeleches. No de villen Investitioune sécherlech eng vun de schlechten Noriichten.

Gëschter war dann nach e Gesetzprojet ugeholl ginn, deen Entreprise déi Liquiditéitsproblemer hunn soll de Réck stäipen. De Konjunkturcomité deen den 23. Mäerz zesummekënnt, soll dann och iwwert de partielle Chômage befannen. Sollt d‘Kris zouhuele kéint dëse Comité méi oft siegéieren, esou de Wirtschaftsminister. De Premier huet nach emol däitlech gemaach datt et kee Spaass ass.

De Franz Fayot sengersäits stellt nach kloer, datt sollt et noutwenneg ginn, gewësse Projeten op Äis kéinte geluecht ginn. Hie stellt zudeem fest, datt och wann eis franséisch Frontalieren (aus der Region du Grand Est) an enger Risikozon wunnen, et zur Stonn net a Fro kënnt d‘Grenze fir dës Leit ze schléissen. Zudeem ass Lëtzebuerg en Transitland, also misst een all d‘Grenze schléissen.

Illustratioun: © Camillo Jiminez / unsplash

Ähnlech Sujeten CGDIS, Coronavirus, Covid19, Epidemie, Fronatlieren, Gesondheetsinspektioun, LNS, Pandemie, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel