Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Jughurtsfabrick: Etüd zum Impakt op d‘Ëmwelt läit elo vir
Neiegkeeten

Jughurtsfabrick: Etüd zum Impakt op d‘Ëmwelt läit elo vir

De franséische Konzern Fage huet sech virgeholl an der Industriezon

money
Bankenunioun: Bréissel fuerdert Eenegung
Neiegkeeten

Bankenunioun: Bréissel fuerdert Eenegung

Dëse Mëttwoch huet Bréissel op e neits déi 28 Memberlänner

Biodiversitéit ass eis Liewensgrondlag, dofir muss sech agesat ginn, och politesch
Neiegkeeten

Biodiversitéit ass eis Liewensgrondlag, dofir muss sech agesat ginn, och politesch

Gëschter huet d‘Asbl natur&ëmwelt en zolitte Fuerderungskatalog virgeluecht, deen si

Coronavirus: Et gëtt keng „einfach“ Léisung

Et waren drastesch Mesuren ze erwaarden an esou ass et dann och: Elo gëtt géint d‘Auer gespillt

Coronavirus: Et gëtt keng „einfach“ Léisung

Et huet bei eis, wéi eigentlech an de meeschten europäesche Länner, mat engem Fall ugefaangen. Vun do un, war gewosst et géif net beim „Eenzelfall“ bleiwen an et ass sech besonnen op d‘Suitte virbereet ginn. Bedauerlecherweis versicht d‘Politik et ëmmer alle gerecht ze maachen, an dat och esoulaang, bis et net méi anescht geet. Gëschter Owend huet d‘Regierung dëse Punkt erreecht…

No enger Drénglechkeetssëtzung vum Regierungsrot – si huet déck zwou Stonne gedauert – hunn de Premierminister Xavier Bettel (DP) an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) e ganze Moossnamepak virgestallt, déi sech un déi scho getraffe Mesuren uschléissen. Et si Moossname vun engem Ausmooss, wéi ee sech et nach Ufank der Woch net hätt kënnen (oder wëlle) virstellen.

Et ass och ersiichtlech, datt vill Moossnamen deene gläichen, déi bei eisen direkten Noperen, mee och generell an der Unioun duerchgesat goufen. Esou ass verständlech a sécher och eng gutt, well novollzéibar Decisioun, all d‘Schoulen an d‘Accueil-Strukturen zouzemaachen. An dat ass net well eis Butze a Gefor wieren, déi hunn erwisenermoosse kaum Problemer mam Coronavirus Covid19.

Wann si infizéiert sinn, entwéckelen si kaum bis guer keng Symptomer, mee si sinn ee gudde Wiert fir Covid19. Et soll also verhënnert ginn, datt si de Virus weiderdroen. An de Xavier Bettel ass dann och zimlech däitlech: „D‘Kanner an d‘Eltere sinn net a Quarantaine, mee et kann net sinn, datt elo d‘Grousselteren op d‘Kanner oppassen. Dat wier onverantwortlech“. Dat trëfft de Punkt…

An awer soll geléiert ginn

Datt een d‘Butze muss beschäftegen an déi zudeem och net sollten unhuelen si hätten eng extra Schoulvakanz, misst eis och aliichten. Dat awer muss een emol organiséiert kréien, an esou hunn d‘Enseignante bis e Méindeg Zäit, sech mat der „virtueller Schoul“ ze familiariséieren. Dat gëllt iwwregens och fir d‘Uni-Studenten. Et bedeit allerdéngs och fir d‘Elteren ee groussen Effort.

Fir datt déi hire Verflichtunge géintiwwer de Krapperten nokomme kënnen, accordéiert d‘Regierung en „extraordinäre Congé“ aus familiäre Grënn, an invitéiert all déi fir déi et méiglech ass, op den Teletravail zréckzegräifen. Woubäi de Premierminister awer kloer gestallt huet, datt et net esouwäit ka kommen, datt kee méi Schafft an all d‘Aktivitéiten am Land zum erleie kommen.

Et gëllt dann och besonnesch déi vulnerabel Leit ze schützen, wat natierlech och vun dëse gewëssen Efforte verlaangt. Si sollten hir Deplacementer op dat néidegst beschränken, vläicht net grad an de Spëtzestonne vrun d‘Dier goen an esouwäit méiglech déi ëffentlech Transporter meiden. Fir dann awer d‘Versuergung vun eeleren an/oder vulnerabele Persoune sécherzestelle brauch et Léisungen.

An dësem Kontext huet sech d‘Regierung mat den zoustännegen Acteure a Verbindung gesat, fir Léisunge bei der Distributioun auszeschaffen. Wat den ëffentlechen Transport betrëfft, esou ginn d‘Kapassitéiten erhéicht. Esou soll verhënnert ginn, datt Busser an Zich iwwerfëllt sinn. Bei de Busser ass dat eppes méi liicht, hei kann een den Tempo besser virginn an d‘App hëlleft jo och.

Medezinesch Déngschter entlaaschten

Et wäert jo all Mënsch sech bewosst sinn, datt den Ament an de Spidäler dat medezinescht Personal sech op dee schlëmmsten Zeenario virbereede muss, och wann een dësen, dank de Moossname verhënnere wëll. Géint de Covid19 gëtt et zur Stonn weder en Impfstoff nach ee Géigemëttel, an datt ass den eigentleche Problem, deem ee mat drastesche Mesure versicht ze begéinen.

De Leit ze verbidden d‘Famill oder Bekannter am Spidol oder dem Fleege-/Altersheem ze besichen, ass dann och keng Decisioun déi liichtfankeg geholl gëtt. Besonnesch eis eeler Matbierger sinn op de Kontakt ugewisen an et dierf een och si net onbeschäftegt loossen. An all dësen Haiser sinn dem Personal dann och d‘Congéë „gestrach“ ginn. Déi wëssen allerdéngs wat um Spill steet…

War et bis gëschter Recommandéiert keng Veranstaltunge mat méi wéi dausend Leit ofzehalen, esou ginn elo generell d‘Evenementer vun iwwer 500 Leit (am fräien) respektiv 100 Leit (an engem Sall) ënnersot. Kinoen an/oder Schwämmen, mee och gastronomesch Betriber dierfen opbleiwen, datt awer ënnert de Konditioun, net méi wéi 100 Leit gläichzäiteg „eranzeloossen“. Dat erstaunt…

Et erstaunt besonnesch dann, wann direkt no dëser Ausso matgedeelt gëtt, datt een dovunner ausgeet, datt sech bis zu 70% vun der Bevëlkerung (dierft awer och fir d‘Grenzgänger gëllen) mam Covid19 infizéiere wäerten. Bis spéitsten e Méindeg wäert et och do weider Aschränkunge ginn. Dat och da wa gewosst ass, datt fir 95% vun de Betraffenen, datt ganzt just eng schlëmm Gripp ass.

Stresstest a Stress mat den Tester

Well et schonn zimlech ramouert huet, well et Leit soll ginn hunn, déi trotz Ordonnance net op de Virus getest goufen, ass et wichteg nach emol op essentiell Regelen hinzeweisen. Et mécht zum enge kee Sënn eng Persoun déi keng Symptomer opweist ze testen, zum aneren ass de Stock vun dësen Tester net onbegrenzt. Et muss ee besonne mat deem Material ëmgoen dat virräteg ass.

Zudeem sinn d‘Regelen, d‘Moossnamen an alles wat ee soss alles wësse muss um Site vun der Regierung a fënnef Sproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch, Lëtzebuergesch a Portugisesch) anzegesinn. D‘Ekipp vun der Hotline 8002 8080 (gratis) gëtt verstäerkt, fir de Leit Ried an Äntwert ze stoen. Rufft w.e.g. net um 112 un wa keng Urgence besteet, déi Leitung muss fräi bleiwen.

Wien sech net sécher ass, fäert oder mengt Symptomer ze hunn ass gebieden sech selwer ënner Quarantaine ze setzen. Et gëtt zur Stonn gepréift wéi een e System vun „Teleconsultatiounen“ op d‘Bee stelle kann. Esou soll erméiglecht ginn, datt een iwwert den Internet säin Dokter erreecht, deen engem dann déi ubruechte Rotschléi gëtt. D‘Ordonnance gëtt et dann och „virtuell“.

D‘Grenzen zoumaachen, wéi dat an de sozialen Netzwierker plazeweis gefuerdert ginn ass, ka fir Lëtzebuerg keng Optioun sinn. Zum engen hält sech de Coronavirus net drun, a mir sollten eis elo och emol bewosst ginn, datt 70% vum medezinesche Personal aus der Groussregioun an d‘Land schaffe kommen. Et heescht roueg a besonne bleiwen, d‘Regele respektéieren, da packe mir dat…

Ähnlech Sujeten CGDIS, Coronavirus, Covid19, Epidemie, Gesondheetsinspektioun, Gesondheetsministère, LNS, Pandemie, SARS-CoV2, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel