Search

You may also like

déi Lénk zur Ministerpresidentewahl: Tabubroch an Thüringen
Neiegkeeten

déi Lénk zur Ministerpresidentewahl: Tabubroch an Thüringen

De liberale FDP-Kandidat Kemmerich gouf mat de Stëmme vun der

D’Weltgeschicht an 20 Minutten? Kee Problem!
Neiegkeeten

D’Weltgeschicht an 20 Minutten? Kee Problem!

Et ass schnell eriwwer, wann een sech nëmmen op di

Erneierung vum Kollektivvertrag bei der Kronospan
Neiegkeeten

Erneierung vum Kollektivvertrag bei der Kronospan

D‘Gewerkschaften OGBL an LCGB hunn déi lescht Woch mat der

Covid19 Pandemie: Eng kuerz Situatiounsiwwersiicht vu Lëtzebuerg

Covid19 Pandemie: Eng kuerz Situatiounsiwwersiicht vu Lëtzebuerg

Den offizielle Bilan fir d‘Lëtzebuerger Land huet gëschter Owend laut dem Site vum Ministère, um 22 Auer bei 26 Infektiounsfäll geleeën. Bei enger Persoun vu 94 Joer wier et ganz schlëmm, esou d‘Informatioun. 93 Mënsche goufen ënnert Quarantaine gestallt. Ronn 400 Tester si gemaach ginn.

A villen Entreprisen – a besonnesch do wou den Teletravail méiglech ass – ginn ëmmer méi Leit heem geschéckt. An der Tëscht dréinen awer och am Land verstäerkt Hamsterkeef op, woubäi dat Blödsinn ass an nëmmen zur Panik bäidréit. Dofir nach emol: et gëtt keng Enkpäss bei der Versuergung an och déi nächst Woche sollten eis weder Schäisspabeier nach Nuddelen ausgoen.

De Covid19 fuerdert säin éischt Affer an der Regierung: wéi de Wirtschaftsminister (deen nach virun zwee Deeg mat senge „Kollegen“ am enke Kontakt gestanen ass) Franz Fayot op senger Facebooksäit matgedeelt huet, war hien Ufank der Woch mat enger infizéierter Persoun a Kontakt, an och wann hie keng Symptomer géif opweisen, hätt hien sech selwer ënner Quarantaine gesat.

Eng Sënnvoll a begréissenswäert Decisioun, un där ee sech dierf ee Beispill huelen. Zudeem huet de Wirtschaftsminister d‘Méiglechkeet säi Mandat vun doheem auszefëllen an eng zouverlässeg Ekipp déi den Ëmgang mat den neien Technologie beherrscht. Hien dierft awer séier vun anere Kollegen an Deputéierten „imitéiert“ ginn. Zumindest vun deene wou mat him Kontakt haten…

Illustratioun: visuals / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Epidemie, Fränz Fayot, Pandemie, SARS-CoV2
Next post Previous post