Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Beim OGBL gëtt alt nees vu Streik geschwat
Neiegkeeten

Beim OGBL gëtt alt nees vu Streik geschwat

Wann den 1.Mee op ee 27.Abrëll fält Et ass schonn

Kawasaki-Syndrom: Alles nëmmen hallef esou schlëmm?
Neiegkeeten

Kawasaki-Syndrom: Alles nëmmen hallef esou schlëmm?

E Freideg stierft am Frankräich ee Kand vun 9 Joer

dislike
Bei der Aarbechtsinspektioun geréit de Bausecteur an de Fokus
Neiegkeeten

Bei der Aarbechtsinspektioun geréit de Bausecteur an de Fokus

D‘Aarbechtsinspektioun (ITM) gëtt sech och 2018 d‘Moyene fir senge Missioune

Coronavirus: Éischte Stierffall zu Lëtzebuerg

Coronavirus: Éischte Stierffall zu Lëtzebuerg

Et ka sécherlech keen Trouscht fir kee sinn, datt am Kontext vun der sanitärer Kris, déi duerch eng Pandemie ausgeléist ginn ass, den Doud onweigerlech mat vun der Partie ass. An esou muss och hei Land haut den éischten, duerch de Coronavirus verschëlte Stierffall zur Kenntnis geholl ginn.

Beim Affer huet et sech ëm eng eeler Persoun am Alter vu 94 Joer gehandelt. Méi Informatiounen huet d‘Gesondheetsministesch keng ginn. Gewosst ass awer, datt sech de Gesondheetszoustand vum Affer schonn en Donneschdeg immens verschlechtert hat. Wat dann d‘Zuel vun de bestätegten Infektiounsfäll betrëfft, esou huet déi beim Briefing vu gëschter Owend bei 38 Persoune geleeën.

Op d‘Zuel vun de Persounen déi ënnert Quarantaine gesat goufen, ass d‘Paulette Lenert (LSAP) net agaangen. Dat géif zudeem och kee Sënn méi maachen, esou d‘Ministesch, déi drop higewisen huet, datt sech elo op de Schutz vun de Risiko-Persoune géif konzentréiert ginn. Grousse wäert gëtt och op d‘Vernonft – gemengt ass sech selwer a Quarantaine ze setzen oder sech ze isoléieren – geluecht.

Säitens der Familljeministesch Corinne Cahen (DP) gëtt déi grouss Zuel vu Fräiwëllege begréisst, déi sech gemellt fir eng Hand unzepaken, wann se net schon amgaange sinn. Och am ëffentlechen Transport gëtt et ee puer Upassungen: esou huet den Transportminister François Bausch (déi gréng) erkläert, datt Mesuren ergraff goufen, fir d‘Chauffere vun de Busser esouwäit méiglech ze schützen.

Esou ginn déi viischt Diere vum Bus net méi opgemaach an d‘Leit si gebueden „hannen“ eran- respektiv erauszeklammen. Déi éischt Rei sollt méiglechst „onbesat“ bleiwen. Fir de Passagéier dat ze verdäitlechen, dierf de Chauffer oder d‘Entreprise hei en Ofspärband ubréngen. Et gëtt zudeem den Utilisateure vum ëffentlechen Transport nach emol nogeluecht sech net ze no ze kommen.

Wat déi „spezifesch“ Transporter betrëfft, esou heescht et säitens dem Minister, datt déi vun e Méindeg un ausgesat musse ginn. D‘Transporter zu de „Kompetenzzenter“ si bis elo fir 14 Deeg gestrach, den Transport vu Schüler mat spezifesche Besoinen, déi am Ausland studéieren, fale bis den 30. Mäerz aus. Transporter op de Kräizbierg (Diddeleng) gi bis den 20. Mäerz ausgesat.

Et gëtt och keen Transport fir d‘Ligue HMC an/oder den Tricentenaire bis de 27. Mäerz. Dogéint bleiwe folgend Transporter bestoen: protegéiert Atelieren an d‘Foyere vun Alzheimer Lëtzebuerg. Och de Service ADAPTO fiert weider. Wat dann awer d‘Organismen aus dem Secteur „Spezifesch Besoinen“ (Handicap) ugeet, esou soll et hinnen iwwerlooss bleiwen, wéi si virgoe wëllen.

Bei der Eisebunn gëtt et ab ee Méindeg och „Upassungen“. Et heescht awer, datt se bei den CFL alles maache wäerten, fir ee reguläre Service an de Spëtzestonnen ze garantéieren. Hei ass een awer gutt beroden, d‘Internetsäit vun den CFL am A ze behalen, wëll och hei evoluéiert d‘Situatioun stënterlech. Dat selwecht gëllt méi oder wéineger och fir den Tram, et sollt een also online bleiwen.

Illustratioun: © Malcolm Shadrach / unsplash

Ähnlech Sujeten Corinne Lamesch, Coronavirus, Covid19, François Bausch, Paulette Lenert, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel