Search

You may also like

Fräigab vu Vëlospiste fir Speed-Pedelecs
Neiegkeeten

Fräigab vu Vëlospiste fir Speed-Pedelecs

Speed-Pedelecs (S-Pedelecs) sinn Elektro-Vëloen, déi mat Motorënnerstëtzung bis zu 45

Den Donald Trump huet Immigranten de Kampf erkläert – 800.000 Dreamers mussen dowéinst em hier Zukunft fäerten
Neiegkeeten

Den Donald Trump huet Immigranten de Kampf erkläert – 800.000 Dreamers mussen dowéinst em hier Zukunft fäerten

Um Dënschdeg huet den Donald Trump den Dreamers-Programm vum Barack

Nordsyrien: Flucht an d‘Ongewëssheet
Neiegkeeten

Nordsyrien: Flucht an d‘Ongewëssheet

Säit Ankara seng offensiv géint d‘Kurden an Nordsyrien ageleet huet,

Coronavirus: Nee et ass keng Schoulvakanz!

Coronavirus: Nee et ass keng Schoulvakanz!

Datt am Kontext vun der Coronavirus-Pandemie all d‘Schoulen an d‘Foyeren zougemaach ginn, dat stellt net nëmmen d‘Elteren an d‘Kanner viru Problemer, och d‘Enseignante mussen sech elo eppes afale loossen, wëll den Unterrecht, esou zumindest den Educatiounsminister, gëtt net ausgesat.

Zu Lëtzebuerg gëtt et, esou d‘Zuele vum Claude Meisch (DP) eng 150.000 Schüler, Studenten a Léierbouwen, déi emol sécher tëscht dem 16. an dem 23. Mäerz net dierfen an d‘Schoul goen, Zu dëse muss een nach emol eng 20.000 Enseignanten, Chargéeën, Educateure a Formateuren zielen. An natierlech ass och d‘Erwuessenebildung bis op weideres aus de selwechte Grënn ausgesat ginn.

Den Educatiounsminister stellt dann och nach fest, datt et heibäi an éischter Linn net dorëms geet d‘Léierpersonal oder d‘Schüler/Studente virun der Infektioun ze schützen, mee et natierlech geduecht ass, eng Verbreedung vum Covid19 ze verhënneren. Elo sollen dann déi (Stand 13. Mäerz) 14 Deeg fir d‘Schüler/Studenten net „verluer“ sinn, déi solle vun doheem aus léieren.

Wéi de Claude Meisch – deen als Educatiounsminister jo schonn eppes ëmstridden ass – elo de ganze Programm wéi virgesi bis de 15 Juli wëll ëmgesat kréien? Gutt et brauch Ambitiounen an wichteg ass et positiv agestallt ze bleiwen, mee et sollt vläicht net grad dovunner ausgoen, datt de Schoulbetrib an den nächste sechs bis aacht Wochen nees normal kann opgeholl ginn.

Et wäert och Prüfunge ginn

Fir d‘Krapperten aus dem Primär, soll et ee „Schoulaufgabe-Plang“ ginn, an hei géif den Akzent op déi Fächer geluecht, an deenen déi eenzel Schüler Problemer hunn. Fir déi aus dem Cycle 4.2 heescht et sech op déi standardiséiert Epreuve virzebereeden. Déi entfalen an der Woch vum 16. Mäerz, a sollen an der Woch vum 30. Mäerz nogeholl ginn. Esou zumindest de Stand vu gëschter.

D‘Butze ginn dann och agelueden all hir Saachen, och déi vun der Schoul zur Verfügung gestallten Tabletten, mat heem ze huelen. Den Ofschloss vum 2. Trimester op zwou Wochen no der Vakanz zu Ouschtere verluecht. Am Secondaire ginn och d‘Prüfungen hannert d‘Ouschtervakanz verluecht. Si, also d‘Schüler, gi vum Minister ermontert d‘Zäit zu hirem Virdeel ze notzen an ze léieren.

Et dierf och drop insistéiert ginn, datt d‘Schüler/Studenten net ënner Quarantaine gestallt ginn, an déi sech dierfe fräi bewegen, och wann si sech un déi allgemeng gülteg Virschrëften ze halen hunn. Dat heescht keng gréisser Versammlunge besichen oder organiséieren. A klenge Gruppen zesumme léieren ass erlaabt, an si mussen sech och net Strikt un de Stonneplang vun der Schoul halen.

Rock de Streber

Wéi sech dës sanitär Kris op d‘Examen zum Ofschloss vum Schouljoer am Secondaire auswierkt? Dat kéint eng Kristallkugel beäntwerten, mee bekanntlech ass dat keng zouverlässeg Quell. Wat also ass virgesinn? Eng Gutt Fro déi net ofschléissend beäntwert ka ginn. Zwar huet de Minister 2 Zeenarien am Bléck, mee och déi sinn der Evolutioun vun der Situatioun am Land ausgeliwwert.

Dës Kris, déi elo schonn en Impakt op dat nächst Schouljoer huet, stellt awer vill Studenten déi am leschte Joer sinn, virun aner Problemer: ouni Diplom kann ee sech net op der Uni aschreiwen. Aus dësem Grond huet de Claude Meisch eng Initiativ lancéiert, an där d‘Universitéiten opgefuerdert ginn, d‘Delaie fir d‘Aschreiwungen nach emol ze iwwerdenken oder ganz auszesetzen.

Wat elo den Zäitraum vun dëser „Paus“ ugeet, esou huet de Minister do gëschter nach emol un den zwou Wochen déi beschloss goufen, festgehalen. De Claude Meisch ënnersträicht awer och, datt et vun der weiderer Entwécklung vun dëser sanitärer Kris ofhängeg ass. Op et iwwerhaapt Sënn géif maachen, wann dat ganzt Land „infizéiert“ ass, d‘Schoulen zou ze loossen, muss gekläert ginn.

Remark: Elteren déi genéidegt wieren doheem ze bleiwe fir op hir Schoulflichteg Krapperten uecht ze doen, gëtt en aussergewéinleche Kontingent vu Congésdeeg aus familiäre Grënn. Dëse Congé ka vun engem Elterendeel geholl ginn, wann et keng aner Optiounen huet. Et ass méiglech dëse Congé tëscht den Erzéiungsberechtegten ze alternéieren.

Deen dofir noutwennege Formulaire kann een um Site vun der Gesondheetskeess (CNS) eroflueden an dann ausfëllen an un d‘CNS a de Patron „mailen“. Et gëtt sech erwaart, datt d‘Leit dës Mesure mat Beduecht notzen an sech och iwwerleeë sollten, wiem seng Aarbechtskraaft der Allgemengheet am meeschten Notzt. Zudeem sollt ee kucken, op net och „d‘Noperschaft-Schoul“ méiglech ass.

Illustratioun: © Mesh / unsplash

Related topics Claude Meisch, Covid19, Educatiounsministère, Maison Relais, SARS-CoV2, Schoul, Universitéit Lëtzebuerg
Next post Previous post