Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Kollektivvertrag beim Cactus huet d‘Ënnerschrëfte kritt
Neiegkeeten

De Kollektivvertrag beim Cactus huet d‘Ënnerschrëfte kritt

Nom prinzipiellen Accord vu Mëtt Februar, huet d‘Gewerkschaft OGBL elo

Däitschland stellt sech wéinst IG-Metall op ongemittlech Zäiten an
Neiegkeeten

Däitschland stellt sech wéinst IG-Metall op ongemittlech Zäiten an

Déi mächteg IG-Metall, déi gréissten däitsch Gewerkschaft, huet haut de

Méi héich Pëtrolspräisser si gutt fir de Klima
Neiegkeeten

Méi héich Pëtrolspräisser si gutt fir de Klima

Um Méindegmueren hunn d‘Ministeren Dan Kersch (LSAP), Pierre Gramegna (DP)

Coronavirus: Lëtzebuerg ass beschtens Virbereet

Gesondheetsministesch Paulette Lenert zouversiichtlech – D‘Land ass virbereet an huet zanter Jore Pläng fir enger Pandemie ze begéinen – Panik ass zudeem dee schlechtste Conseiller bei esou eppes

Coronavirus: Lëtzebuerg ass beschtens Virbereet

Mat der sech stänneg verännerender Sitautioun, déi duerch den Ausbroch vum Coronavirus a China ausgeléist gouf, a ganz besonnesch nodeems elo och an Italien d‘Lag schéngt eppes ausser Kontroll ze geroden, kann ee Versteesdemech dofir hunn, datt et do Leit gëtt déi sech op d‘Sich no Masken a weidere „Schutzmoossnamen“ och hei am Land eppes zur Panik bäidroen. Dat misst awer net sinn.

Fir d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) ass oniwwerluecht Handelen net Ziilféierend an et géif och generell kee Grond ze panikéieren. Si huet jiddefalls confirméiert, datt et zur Stonn keen alarméierend Zeeche gëtt an déi Leit wou aus China ukomm wieren a Quarantaine placéiert goufen. Ass d‘Situatioun an Norditalien beonrouegend? Bestëmmt, mee Panik ass keng Léisung.

CoronavirusLëtzebuerg verfüügt iwwert eng gutt opgestallte Krisenzell an déi huet permanente Kontakt zu den europäeschen an internationalen Autoritéiten. Et géif ee sech zudeem un all d‘Recommandatiounen halen, wat u Virbereedungen ze treffen ass, hätten déi zoustänneg Servicer erleedegt. Et sinn dann och keng besonnesch Moossnamen ergraff gi, fir Leit déi aus Italien op Lëtzebuerg kommen.

Woubäi bis ewell nach kee Land Moossname fir Voyageuren aus Italien getraff huet, an et zur Stonn och net ubruecht erschéngt, hei aktiv ze ginn. Vun der WHO – wou ee lues awer sécher bedenken huet wat d‘Zäitfënster vun der Pandemie ugeet – hätt een nach keng Uweisungen erhalen, weider Moossnamen ze ergräifen. An esou gëtt et och weiderhi keng Kontrollen um Fluchhafen.

Et gëtt Schlëmmeres

Aus China kommen nëmme Wueren un, eng direkt Verbindung fir Reesender gëtt et keng, an ee Monitoring fir all d‘Voyageuren am europäesche Reseau wier illusoresch. Zudeem ass de Gestionnaire Lux-Airport – esou zumindest den Androck op senger Homepage – ganz entspaant. Wann e Monitoring sollt duerchgefouert ginn, misst emol ee fonnt ginn, deen dat iwwerhëlt…

Interessanterweis, heescht et awer och säitens der Gesondheetsministesch, datt de Covid19 bis ewell nach ëmmer wäit manner Doudesfäll verursaacht, wéi déi „gewéinlech Gripp“, un där bekanntlech al Joer honnertdausende leit stierwen. Als weidert Argument geet ugefouert, datt um Coronavirus éischter eeler Mënsche mat existente Pathologie oder Virerkrankungen der Krankheet erleeë sinn.

CoronavirusSäitens dem CGDIS gëtt et och „Entwarnung“. Den Direkter Paul Schroeder erënnert dorunner, datt Lëtzebuerg gutt Opgestallt ass. De SARS an/oder d‘Vullegrippen (H5N1 // H1N1) huet een an de Grëff kritt an och hei och eng Rei Erfarungswäerter matgeholl. Wien sech un déi gängeg Mesuren, am Kontext vun der Kierperhygiène, hält muss keng Angscht hunn sech unzestiechen…

Am „Netz“ gëtt et dann awer Stëmmen, déi méi Opmierksamkeet fuerderen. Esou beispillsweis de Marc Ruppert, President vun der Stater DP, deen et gäre geséich, wann all déi Leit wou aus enger vun de betraffene Regiounen – besonnesch aus Norditalien – nees aus der Fuesvakanz kommen, sech géife prophylaktesch bei den Autoritéite mellen an teste loossen. Firwat eigentlech net?

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Epidemie, Gesondheetsministère, Pandemie, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel