Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng
International Neiegkeeten

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng

Fir de Site zu Diddeleng wäert eng beonrouegend Episod ufänken.

Aflatoxiner am Popcorn-Mais
International Neiegkeeten

Aflatoxiner am Popcorn-Mais

D’Lëtzebuergesch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet warnen d’Verbraucher virun engem erhéichten Aflatoxin-

Militärmanöver mat Atomwaffen?
International Neiegkeeten

Militärmanöver mat Atomwaffen?

„Et soll een net mam Feier spillen“, sot meng Mam.

Coronaviruskris an der Lombardei: Dramatesch ass keen Ausdrock!

An Italien gëllt zanter enger Woch eng wäitreechend Ausgangsspär. Eng onbeléifte Moossnam déi awer schéngt Resultater Opweises ze hunn.

Coronaviruskris an der Lombardei: Dramatesch ass keen Ausdrock!

Bis virun enger Woch sinn d‘Zuele vun den Infektiounsfäll an Italien reegelrecht duerch de Plaffong gaangen an Europa gouf zum gréissten Infektiounscluster no Festland China. Déi gutt Nouvelle, et klëmmt wuel nach ëmmer weider, mee laang net méi esou séier. Dat – esou zumindest d‘Siicht vun den Experten – wier och der drastescher Ausgangsspär ze verdanken. Mee et ass nach net eriwwer.

An esou huet de Gouverneur vun der am schlëmmste betraffener Regioun Lombardei, Attilio Fontana misse feststellen, datt dat alles bei wäitem net duer geet. Nach ëmmer gëtt et emol ze vill Leit, bei deenen Hänn wäschen an eventuell eppes virun d‘Gesiicht ze halen, dat héchst vun de Gefiller ass, firwat dësen sech mat engem dramateschen Appell un d‘Awunner gewannt huet.

„Wann dir et net mat gutt gemengten Opfuerderunge verstitt, da musse mir zu aggressiv Mesure beschléissen“, esou den Attilio Fontana, un deen Deel vun den Italiener déi sech net un déi verhaangen Ausgangsspär halen. D’Spidoler si briechend voll: Zu Bergamo (eist Bild) ass et esou schlëmm, datt d‘Arméi mat Camionen d‘Läiche siche kommen. D‘Servicer sinn iwwerlaascht-

Fräi Better gëtt et net méi an zu Brescia gesäit et och net besser aus. Zu Bergamo denkt een driwwer no, d‘Foire zu engem Noutspidol ëmzerëschten. Mee wat hëlleft et méi Better ze hunn, wann déi liewesnoutwenneg Apparater feelen? A wouhier soll een dat medezinescht Personal hierhuelen? Et feelt hei einfach un Allem. Esouguer de Crematoire ass iwwerfuerdert ass muss „Ofweise“…

Dank dem Asaz vun der Arméi, déi logistesch flexibel ass, sollen elo d‘Särg, déi net zu Bergamo ageäschert kënne ginn, op Crematoiren an de Nopeschregioune verdeelt ginn. Iwwregens… d‘Regionalregierung huet sech eng afale gelooss, fir ze kontrolléieren, wéi vill Leit sech dobaussen ophalen: iwwert den Uertungssystem vun den Handye léisst sech dat ermëttelen.

Wéi eng rechtlech Grondlag et dofir méiglecherweis gëtt ass leider net gewosst, mee d‘Erhiewung huet erginn, datt gutt 60% vun den „Handyen“ doheem waren. Déi aner gi weider Schaffen, akafen oder Spadséieren. Dat geet ënnert den aktuellen Ëmstänn net. „Dat sinn emol ze vill Mënschen“ esou unisono d‘Politiker, d‘Medezinner an déi fir den Zivilschutz zoustänneg Administratioun.

Wien sech elo ouni wierklech gudde Grond dobaussen ophält, dee muss mat enger zolitter Geldbouss rechnen, et wier esou méiglech an Haft geholl ze ginn. Dës Moossnamen déi provisoresch bis op den 2. Abrëll festgeluecht goufen, sinn elo op onbestëmmten Zäit verlängert ginn. Sënn an Zweck vun der Moossnam ass et den Tempo vun den Neiinfektiounen ze reduzéieren.

mat indymedia/mil

Foto: D‘Arméi kënnt op Bergamo fir d‘Särg vun de Coronavirusaffer ofzehuelen. Et ass keng Plaz méi fir déi Verstuerwen am Spidol. Ech hunn nach ni esou eppes Schreckleches gesinn… © Valerio Capraro, Bergamo (Info: d‘Foto ass hënt um Mëtternuecht opgeholl ginn)

Ähnlech Sujeten Attilio Fontana, Ausgangsspär, Bergamo, Coronavirus, Covid19, Italien, Lombardei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel