Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht
International Neiegkeeten

400 Enseignante bei der Konferenz fir Zesummenaarbecht

Zuelräich Enseignanten, Presidente vu Schoulcomitéen, Direktere vu Primärschoulen a Lycéeen,

Klimastreik: D‘Greta schwätzt an d‘Masse lauschteren no
International Neiegkeeten

Klimastreik: D‘Greta schwätzt an d‘Masse lauschteren no

Mat senger Ried huet d‘Greta Thunberg an engem Park am

Lëtzebuerg schéckt keng Truppen an den Irak
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg schéckt keng Truppen an den Irak

Haut a muer hëlt de Vizepremier a Minister fir Verteidegung,

Coronavirus: NATO fuerdert Kampfpaus an Afghanistan

NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet fir d‘Dauer vun der Pandemie, d‘Konfliktparteien an dësem vum Covid19 schwéier impaktéierte Land opgeruff, eng „humanitär Kampfpaus“ anzeleeën.

Coronavirus: NATO fuerdert Kampfpaus an Afghanistan

Et géif en dréngende Besoin dës humanitär Kampfpaus ëmzesetzen, esou de Jens Stoltenberg, dee wéinst de Gefore vun der Coronavirus-Pandemie, eng Sanitär Kris am Land befiercht. Et ass wuel richteg, datt den Afghanistan nach ëmmer ee Problem mat Gewalt an Instabilitéit huet. D‘Land huet awer och en zolitte Problem mam Covid19. Offiziell gëtt et awer nëmmen 80 Infektiounsfäll.

80 Covid19-Patienten an zwou Persounen déi un der Infektiounskrankheet verstuerwe sinn, dat wäert weder d‘Regierung vum Ashraf Ghani (vun der UN unerkannte President), nach déi vum Abdullah Abdullah (deen sech och als President gesäit) a wuel kaum vun den radikalislameschen Taliban fir ausräichend halen, dem NATO-Generalsekretär senger Fuerderung nozekommen.

Zudeem huet den US-Ausseminister Mike Pompeo de Konfliktparteie rezent erkläert, datt d‘USA dem Land 1 Milliard US-Dollar Entwécklungshëllef entzitt. De Message ass dann och éischter als „Reklamm an eegener Saach“ ze gesinn, well d‘Diskussiounen an Afghanistan sinn d‘Saach vun den USA. Wann d‘NATO besuergt ass, esou betrëfft dat ganz kloer déi auslännesch Zaldoten.

Kabul wëll dausende Prisonéier fräiloossen

Wann een am Afghanistan vu ronn 80 bestätegten Infektiounsfäll schwätzt, esou sollt ee wëssen, datt a Punkto „Tester“ éischter wéineg virgesinn ass. Déi kaschte Geld, musse mat Devise bezuelt ginn an et dierften och „strategesch“ Iwwerleeungen eng Roll spillen. Wéi vill Mënschen dann elo am Afghanistan tatsächlech mam Covid19 infizéiert sinn, léisst sech guer net feststellen.

Mee déi afghanesch Autoritéiten hunn dann awer Moossnamen ergraff, déi drop hindeiten, datt et mat der Kontaminatioun schonn eppes méi eescht ass. Esou sollen elo 10.000 Prisonéier entlooss, fir eng Propagatioun vun der Infektiounskrankheet ze verhënneren. Dat léisst de Schluss zou, datt d‘Pandemie och schonn do ukomm ass. Medezinesch ass d‘Land souwisou mannerbemëttelt…

Elo huet d‘NATO eng 16.000 Mann am Afghanistan stationéiert, a bis ewell huet just Washington sech mat den Taliban op eng Beendegung vum Konflikt gëeenegt, an dësen d‘Verspriechen ofverlaangt, d‘Kämpf anzestellen. Am Géigenzuch géifen si hir Zaldote schrëttweis ofzéien. Dat dierft ugesiichts den ongekläerte Muechtverhältnisser eppes Zäit an Usproch huelen…

mat indymedia/bru

Foto: Den 2. Abrëll gëtt et ee virtuelle Meeting vun der Allianz. Eng Allianz déi vu sech behaapt eng Milliard Mënschen ze schützen, mee un der laange Léngt vu Washington gefouert gëtt. Bei dësem Meeting am virtuelle Raum, wäert awer net eleng iwwert den afghanesche Konflikt geschwat ginn. Wann ee da bedenkt, datt déi meescht Länner vun der NATO zu de gréisste Waffenhändler gehéieren, ass et mat der Hoffnung, datt fir d‘Dauer vun der Pandemie d‘Konflikter ausgesat solle ginn, séier eriwwer… © NATO

Ähnlech Sujeten Abdullah Abdullah, Afghanistan, Ashraf Ghani, Covid19, Jens Stoltenberg, Kampfpaus, NATO, Pandemie, Taliban
Nächsten Artikel Virrechten Artikel