Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kuck dësen Trailer op kee Fall am Büro!
International Neiegkeeten

https://moien.lu/online-dating-what-to-say-if-not-interested/

Wann d’Deadpool-Filmer eppes eenzegaarteg mécht vis a vis vun anere

eh dating website
International Neiegkeeten

Galerie: American Roadrunners Lëtzebuerg

All Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu WEIDER ARTIKEL ZUM THEMAE

Aweiung vun der BnL: 1,8 Millioune physesch Wierker erwaarden Iech!
International Neiegkeeten

Aweiung vun der BnL: 1,8 Millioune physesch Wierker erwaarden Iech!

Um leschte Septemberdag ass um Kierchbierg dat neit Gebai vun

Coronavirus: Néien Héichpunkt erreecht!

Zuel vun den Doudegen ass an der chinesescher Provënz Hubei um Mëttwoch ëm 242 Stierffäll op 1.310 geklommen – 14.840 nei Infektioune bestätegt

Coronavirus: Néien Héichpunkt erreecht!

Mat enger Verduebelung vun den Doudesfäll bannent 24 Stonnen, bleift d‘Provënz Hubei déi am stäerkste betraffe Regioun vum Coronavirus 2019-nCov. Laut deem haut de Moie verëffentlechte Bilan, sinn en Dënschdeg 242 Mënschen der Infektioun erleeën. Zudeem sinn 14.840 nei Fäll registréiert ginn.

Bis haut sinn an der Provënz insgesamt 1.310 Persoune verstuerwen, 48.208 goufen infizéiert. Hei hunn d‘Vertrieder vun der Gesondheetskommissioun an der Provënz awer drop higewisen, datt déi héich Zuel vun Neiinfektiounen, am Zesummenhang mat engem neie Verfaren zur Diagnostik stinn an d‘Patienten entspriechend der neier Klassifikatioun, registréiert ginn.

Esou ginn zanter dem Donneschdeg och déi „klinesch Diagnosen“ den Zuele vun de bestätegten Diagnose bäigefüügt. Wat dat elo heescht a wéi et sech op d‘Hausse an der Statistik auswierkt ass nach eppes onverständlech. Haut de Moien hunn keng nei Informatiounen zur Verbreedung vum Virus virgeleeën. Zudeem misst een vun enger héijer Donkelziffer bei den Infektiounen ausgoen.

Geséchert schéngt awer, datt mat den neien Infektiounen an der Hubei-Provënz, an Zentralchina d‘Zuel vun den erkrankte Persounen iwwer 59.000 leie muss. Déi deeglech virgeluechten Zuelen, representéiere laut den Experte méi d‘Fäegkeet Fäll ze identifizéieren an ze mellen, wéi dat reellt Ausmooss vun der Epidemie. Weltwäit sinn ausserhalb China iwwer 500 Infektioune bestätegt.

De wirtschaftlechen Impakt

Nodeems am Dezember zu Wuhan d‘Krankheet ausgebrach ass, an ufänglech vu „gewollter Panik duerch d‘Medien“, du vun „Interesse vun der Pharmaindustrie“ an aneren neizäitleche Wäisheeten an de sozialen Netzwierker rieds war, sinn d‘Stëmme vu ville Kregéiler verklongen. Vill Länner hunn hir Bierger aus China zréckgeholl an et gëtt ëmmer manner Fluchverbindungen…

A China selwer si vill Fabricken entweder nach zou oder grad esou mam noutwennegste Personal ausstafféiert wat zu Produktiounsausfäll féiert. Dat wierkt sech op den internationalen Transport, ob zu Land (Seidestrooss bis Beetebuerg), zu Waasser oder an der Loft (Cargolux) aus. An dat wierkt sech a béid Richtungen aus, vu datt vill Fluchgesellschaften hire Verkéier einfach agestallt hunn.

Coronavirus

Déi gréissten Telekommunikatiounsfoire „World Mobile Congress“ (WMC) zu Barcelona ass wéinst dem Coronavirus ofgesot ginn, nodeems sech ëmmer méi Entreprise entscheet hunn hir Participatioun auszesetzen. Natierlech ass och d‘Tourismusbranche immens staark betraff an eigentlech Roden och d‘Länner vun enger Rees no China of. De Schued ass nach net ze bezifferen.

An elo ass och nach de Formel-1 Zirkus betraff. Den Daachverband vum Automobilsport, d‘FIA verréckelt dee fir den 19. Abrëll geplangte „Grousse Präis vu China“. De véierte Laf vun der Saison zu Shanghai soll – wann sech d‘Situatioun verbessert – méi spéit am Joer nogeholl ginn. Et géif hei op d‘Sécherheet vun de Piloten an de Mataarbechter grousse Wäert geluecht, esou d‘FIA.

Soss nach eppes?

U Bord vun der „Diamond Princess“ déi viru Yokohama (Japan) mat nach ëmmer ronn 3.600 Leit (Passagéier a Crew) festgehale gëtt, sinn och 39 nei Infektiounsfäll ze notéieren. Dat sinn dann elo insgesamt 174 Passagéier déi erkrankt sinn, dorënner 4 Persoune ganz eeschthaft, wéi de japanesche Gesondheetsministère haut matgedeelt huet. D‘Quarantaine leeft nach bis den 19. Februar.

Zu Genève, um Sëtz vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) hu se wuel nach keng Léisung fir d‘Krankheet fonnt, dofir huet d‘Longekrankheet elo säin eegene Numm: „Covid-19“ soll se zukünfteg genannt ginn. De Chef, Tedros Adhanom Ghebreyesus, huet erkläert datt „Covid“ fir Corona Virus Disease steet. Och déi virleefeg Bezeechnung „2019-nCov“ gëtt elo offizialiséiert.

Coronavirus

Aus 2019-nCov gëtt elo „Sars-CoV-2“. Den Numm gëtt vun engem internationale Comité zur Taxonomie vun de Vire festgeluecht. d‘Experte sollen sech fir dësen Numm entscheet hunn, well et eng Verwandtschaft zum SARS-Virus (Sars-CoV) gëtt un deem 2002/3 honnerte Mënsche gestuerwe sinn. D‘Viren si laut den Experten, Variante vun enger an der selwechter Virenaart.

Gutt Nouvellen dann aus Frankräich: déi chinesesch Koppel, déi zu Paräis hospitaliséiert war, si geheelt an konnten d‘Spidol verloossen, esou de franséische Gesondheetsministère. Dës Koppel, e Mann vun 31 an eng Fra vun 30 Joer aus Wuhan hunn zu den éischte gemellte Fäll (24. Januar) gehéiert. D‘Kritäre fir eng Entloossung si ganz streng an entspriechen dem internationale Konsens.

mat indymedia/tpe/gva

 

Ähnlech Sujeten 2019-nCoV, Cargolux, Coronavirus, Covid-19, FIA, Héichpunkt, Provënz Hubei, Sars-CoV, SARS-Virus, Tedros Adhanom Ghebreyesus, World Mobile Congress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel