Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Griichesche Jughurt aus der Beetebuerger Industriezon
Neiegkeeten

Griichesche Jughurt aus der Beetebuerger Industriezon

De franséische Konzern „Fage“ huet sech an der Industriezon en

money
Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten
Neiegkeeten

Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten

De Generalsekretär vun der OECD, Angel Gurria, huet um Donneschdeg

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung
Neiegkeeten

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung

Et ass déi éischte Kéier, datt sech de nationale Fong

Coronavirus: D‘Gewerkschaften ergräifen d‘Wuert

D‘Patrone mussen adequat Preventivmoossnamen ergräifen, d‘Salariéeën dierfen net penaliséiert ginn

Coronavirus: D‘Gewerkschaften ergräifen d‘Wuert

Géintiwwer der besuergnesserreegender Verbreedung vun der duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléister Infektiounskrankheet, hunn eng Rei Patronen/Entreprisen zu Lëtzebuerg schonn ugefaangen eng Rei Preventivmoossnamen ze ergräifen. Dat engersäits fir hir Mataarbechter ze schützen an och d‘Kontinuitéit vun hiren Aktivitéiten ze assuréieren.

Dat bréngt mat sech, datt Salariéeën déi rezent an Risiko-Gebidder ënnerwee waren, ugewise kënne ginn eng Zäit doheem ze bleiwen. Dat ka vun 2 bis 3 Woche goen. Fir den OGBL eng Initiativ, déi weist datt ee bereet ass Verantwortung ze iwwerhuelen, firwat dat och begréisst gëtt. Wou een dann awer net méi averstanen ass, dat ass wann déi erzwonge Fräistellung zu Laaschte vum Congé geet.

Esou huet no der ALEBA och den OGBL Informatiounen erhalen, datt et Fäll géif ginn, an deenen d‘Leit vun der Entreprise heem geschéckt goufen an zäitgläich gezwonge ginn, dës Deeg vun hirem legale Congé ofzezéien. Dat allerdéngs geet esou net, soen déi Escher, a weisen drop hinn, datt kee Salarié gezwonge ka ginn, säi Congé am Kontext vun enger preventiver Moossnam opzeginn.

Congé, esou déi richteg Feststellung vun der Gewerkschaft OGBL, ass do fir dat sech de Salarié vu senger Aarbechtsleeschtung erhuelen a senge Fräizäitaktivitéiten nogoe kann. Entreprisen/Patronen déi sech fir eng imposéiert Quarantaine entscheeden, mussen dat entweder als extraordinäre Congé oder eng Dispens aktéieren. A kengem Fall dierf zu Lounausfall an/oder Congésverloscht kommen.

Wann ee sech drop eenege kann, datt de „Problem“ ee gesamtgesellschaftlechen ass, da sollt den Appell vum OGBL un d‘Patronen an Entrepreneuren op fruchtbare Buedem falen. Dat heescht, datt jidderee Verantwortung muss iwwerhuelen, firwat eng Kooperatioun mat de Personaldelegatiounen onerlässlech ass. Besonnesch mat de Sécherheetsdelegéierte sollt hei zesummegeschafft ginn.

Den OGBL invitéiert dann och den Aarbechtsminister Dan Kersch zur Ausaarbechtung vun enger Circulaire fir d‘Patronen an d‘Entreprisen. Esou sollen dës responsabiliséiert an drun erënnert ginn, datt si verflicht sinn fir d‘Sécherheet vun hire Salariéeën ze suergen. D‘Gewerkschaft weist dann och drop hinn, datt d‘Patronat op den onfräiwëllegen technesche Chomage zréckgräifen dierfen.

All dat, wéi och nach de „Chômage Accidentel“ sinn Moossnamen déi am Aarbechtsrecht ënnert den Artikele L.532-1 bis L.532-4 festgehale goufen. Et gëtt also net wierklech en Argument deene Leit, déi een heemgeschéckt huet, Congésdeeg ofzeknäppen. Zudeem ass dat juristesch héchst bedenklech a féiert nëmmen zu engem Dissens, an dat zu engem Ament wou Rou erfuerdert ass.

Foto Harry Fabel / Pixabay

Ähnlech Sujeten Congé, Coronavirus, Covid19, Dispens, Fräistellung, OGBL, Quarantaine, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel