Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De François Bausch fält nees aus der Roll
International Neiegkeeten

De François Bausch fält nees aus der Roll

De baupsegen Toun, deen de François Bausch géintiwwer dem Deputéierte

What the Fakt – D’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag!
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag!

Um haitegen 18. Februar gëtt d’Ierfgroussherzogin Stéphanie vun Nassau 35.

Äerzbëschof vu Lyon zu 6 Méint mat Sursis veruerteelt
International Neiegkeeten

Äerzbëschof vu Lyon zu 6 Méint mat Sursis veruerteelt

Nom australesche Kardinol George Pell, deen de 27. Februar vum

Coronavirus: Elo ass et eng Pandemie

Länner schotten sech of, Millioune Mënschen si opgefuerdert doheem ze bleiwen an och bei eis gëtt een esou lues onroueg. Et schéngt wéi wa Panik a Falschmeldunge grad Konjunktur hätten…

Coronavirus: Elo ass et eng Pandemie

Während sech a China – wou de Coronavirus Covid19 an der Milliounestad Wuhan ausgebrach war – d‘Lag zum besseren ze wenne schéngt, gëtt op aner Plazen drastesch duerchgegraff. Italien ass am Noutstand, d‘Fransousen erwägen déi drëtt Stuf vum Krisefall auszeléisen, am Iran bréngt de Virus de Regime un d‘Wackelen an zu Washington huet den US-President en Areesstopp verhaangen.

Wann ee bedenkt, datt den Donald Trump – erwisenermoossen ee Mann vum Fach – nach rezent senge Landsleit verséchert huet, datt et net weider schlëmm wier a spéitstens am Fréijoer, mat de steigenden Temperaturen, just nach eng „Erënnerung“ wier, esou schéngt och de Milliardär endlech den Eescht vun der Situatioun erfaasst ze hunn. Oder zumindest hu sech seng Beroder duerchgesat.

An der Nuecht huet den éischten Diplomat vun der Welt en Areesstopp géint europäesch Auslänner verhaangen. „Mir wäerten all Reese vun Europa an d‘USA fir déi nächst 30 Deeg aussetzen“, esou den Donald Trump an der Nuecht a senger „Usprooch un d‘Natioun“. Amerikaner déi sech teste loossen an Reesender aus Groussbritannien (déi si net méi EU) si vun der Moossnam ausgeholl.

Eng krass Mesure, déi den Donald Trump awer erkläre kann. Esou ass den US-President mat senger Ekipp iwwerzeegt, datt d‘Europäer (ausser de Britten) net déi selwecht Schutzmoossnamen ergraff hu wéi datt d‘USA gemaach hunn. Washington hat schonn Enn Januar en Areesstopp fir Reesender aus China verhaangen. D‘USA haten dës Mesure scho géint Reesender aus dem Iran ergraff.

US-President stellt d‘EU a Fro

Um Mëttwoch, am Kontext vun engem Treffe mat de Bänker, huet den Donald Trump d‘Remark gemaach, datt d‘Epidemie a China, a méi generell an Asien, réckleefeg ass. Mee hien huet senge Gespréichspartner och gesot: „Wéi dir wësst, hu mir en aneren Deel vun der Welt, Europa, dat a ganz schlechter Verfassung ass. (…) Europa stellt en eenzegaartege Problem duer“. Wéi dann dat?

Fir den US-President, ass déi am Schengen-Raum grenziwwerschreidend Beweegungsfräiheet de Problem, firwat een Europa insgesamt als „Problem“ behandele muss. Fir den Direkter vum US-Institut fir Infektiounskrankheeten, Anthony Fauci, deen sech am Kongress net zu Europa ausdrécke wollt, misst sech Amerika awer elo och op eng Ausbreedung vum Virus astellen.

CoronavirusHien huet a senger Ried virum Kongress d‘Amerikaner opgeruff hiert Verhalen der Kris unzepassen an hire Beitrag ze leeschten: „Wei schlëmm et wäert ginn, wäert vun eiser Fäegkeet ofhänken, wéi mir zwou Konditioune bewältegt kréien: den Zoustroum vun Infizéierten andämmen, d‘Verbreede vum Covid19 verhënneren“. An den USA sinn aktuell 37 Mënschen dem Covid19 erleeën.

Offiziellen Zuelen no wieren an den USA ronn 1.100 Mënschen infizéiert. D‘Donkelziffer awer, déi dierft erhieflech méi héich leien. Dat huet leider méi mam US-Gesondheetssystem ze dinn, wéi datt nis ewell eréischt 11.000 Persoune getest goufen. Zum enge geet keen ouni Krankeversécherung bei den Dokter just well een eng Gripp huet, zum anere waren déi éischt Tester feelerhaft.

D‘Wirtschaft ugeschloen, den Tom Hanks infizéiert

Déi amerikanesch Boursse sinn um Mëttwoch op en Neits an d‘Knéie gaangen. De Milliardär hat e Méindeg ugekënnegt, mam Kongress iwwert Lounsteiererliichterunge schwätzen ze wëllen an och klengen Entreprise Kreditter zouzegestoen. Et gëtt och iwwert Hëllef fir Mënschen déi op d‘Stonn bezuelt ginn, an de facto am Krankheetsfall keen Dollar ausbezuelt kréien. Déi ginn och net krank.

Fir dës Mënschen ass eng Consultatioun bei engem Dokter déi allerlescht Optioun, esouguer da wann se eng Mindestofsécherung sollten hunn. Eng universell Krankeversécherung, wéi dat an Europa (bal) iwwerall de Fall ass, géif hei Wonner wierken. Dem Donald Trump ass et zuweile méi wichteg mat de Fluchgesellschaften, Hotelieren an Croisière-Operateuren ze schwätzen.

Den US-Ausseministère huet vun Auslandsreese generell ofgeroden. Eng absolut Première: d‘NBA – also déi op maximale Profit ausgeriichten US-Basketballliga – ënnerbrécht seng Spillsaison wéinst dem Coronavirus. Dat no der bestätegter Infektioun vun engem Profi vum Club „Utah Jazz“. Krank ass och den Acteur Tom Hanks, deen aus Australien seng Fans via Twitter informéiert huet.

Aus Sécherheetsgrënn huet den Donald Trump dann elo emol seng Wahlkampfveranstaltungen op Äis geluecht an och Reesen an d‘Ausland sinn den Ament keng virgesinn. Wann et richteg ass, datt Mënschen zur Stonn net Reese sollten, esou gëtt et keng Aschränkunge beim Wuereverkéier. Ob et zu weidere Mesure komme kann ass net auszeschléissen, mee fir den Ament wier dat emol alles…

Italien zitt de Rimm weider bäi

Nodeems en Dënschdeg déi italienesch Regierung dat ganzt Land zur „rouder Zon“ erkläert huet, sinn d‘Moossnamen elo nach eppes weider verschäerft ginn. Konnt ee gëschter nach ee Patt huele goen oder ee Maufel am Restaurant iessen, esou ass domadder elo och Schluss. Eenzeg d‘Apdikten a Liewensmëttelgeschäfter dierfen opbleiwen. Päck dierfen awer nach weider zougestallt ginn.

Domadder huet de Giuseppe Conte all net „noutwenneg“ Geschäftsaktivitéiten ugehalen. Och an de Fabricken déi fir d‘Produktioun net onverzichtbar sinn, mussen zoumaachen. An zwou Wochen dierft den Effet vun den zousätzlechen Aschränkunge vum ëffentleche Liewen ze spiere sinn, heescht et aus dem Büro vum Ministerpresident, dee fir sech entscheet huet doheem ze bleiwen.

CoronavirusAn d‘Lag ass wuel net „kritesch“ mee mat iwwer 12.400 Infektiounsfäll an 847 Affer, ass Italien dat an Europa am stäerkste betraffend Land. D‘Supermarchéë stierme wier net sënnvoll, wëll d‘Versuergung ass geséchert. De Giuseppe Conte verlaangt vu senge Landsleit net ze panikéieren a sech un d‘Recommandatiounen an d‘Uweisungen ze halen. Ass deem net esou gëtt et Strofen.

Zou Roum gouf awer och en Hëllefspak a Milliardenhéicht beschloss ginn, deen och zur Stäerkung vum Gesondheetssystem genotzt soll ginn. Fir bedreete Wirtschaftssecteure sinn emol 25 Milliarde reservéiert ginn. Wéinst der vu Bréissel operluechten Defizitgrenz, muss Roum elo mat Bréissel déi Neiverschëldung ofklären. Dat awer sollt am presente Fall éischter eng Formalitéit sinn.

WHO erkläert de Coronavirus Covid19 zur Pandemie

Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet gëschter d‘Infektiounskrankheet Covid19/SARS-Cov2 zur Pandemie erkläert (Ënner Pandemie gëtt eng Länner a Kontinenter iwwergräifend Ausbreedung vun enger Krankheet beim Mënsch bezeechent. Am Ënnerscheet zu enger Epidemie, ass eng Pandemie net Regional begrenzt NvdR). Mëttlerweil sinn 114 Länner op der Welt heivu betraff.

Laut der leschter Iwwersiicht, si weltwäit eng 118.000 Mënsche betraff, iwwer 4.000 schonn un dësem Virus gestuerwen. A ville Spidäler kämpfe Mënschen ëm d‘Iwwerliewen an et ass sécher, datt dës Zuelen nach weider steige wäerten. Dat läit zum engem un den ënnerschiddleche Systemer, wéi och dem Zougang zum Gesondheetssystem. Eng Gemeinsam Linn hätt hëllefe kënnen…

Dozou den WHO Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus. „ Mir sinn déif besuergt, dat esouwuel wéinst dem alarméierende Grad vun der Ausbreedung, wéi och dem alarméierende Grad un Ontätegkeet“. De Mike Ryan, Chef vum WHO-Noutprogramm: „Déi nei Beschreiwung ännert näischt un de Moossname vun der Organisatioun“. An och zu Bréissel ass een um Dill…

Wéinst dem Coronavirus gouf et ee „virtuelle Sommet“ vun de Staats- a Regierungscheffe vun der EU. Si hu Moossnamen ergraff fir déi wirtschaftlech Folge vun der Coronavirus-Pandemie schonn ze antizipéieren. Esou konnt ee Sonnerinvestitiounsfong an Héicht vu 25 Milliarden Euro beschloss ginn, dee besonnesch klengen a mëttleren Entreprise virbehalen ass. Weider Mesuren si méiglech.

Lëtzebuerg weiderhin entspaant mee Opmierksam

Während ronderëm eisem Land d‘Leit ufänken zolidd nervös ze ginn an och zu Lëtzebuerg – dat zumindest an de sozialen Netzwierker – selwer ernannten Experten éischter Panik provozéiere wéi intelligent mat dëser Kris ëmzegoen, gëtt et nach ëmmer wierklech kee Grond aus der Këscht ze sprangen. Lëtzebuerg ass gutt virbereet an eis Dokteren net méi schlecht wéi déi amerikanesch.

Um Honnertkommasiwen huet d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) gëschter nach emol e Punkt gemaach, a wéi de WHO-Direkter confirméiert, datt een am Kontext vum Covid19 op eng Pandemie zousteiert. Si huet géintiwwer dem Maurice Molitor verséchert, datt d‘Autoritéiten alles am Grëff hunn, esou wei dat ebe méiglech ass. A jo mir sinn wierklech gutt preparéiert.

CoronavirusDat verhënnert net, datt d‘Leit sech d‘Liewe selwer schwéier maachen an/oder zur Panik undreiwe loossen. Woubäi et natierlech och un der Aart a weis vun der Berichterstattung leie kann, datt sech Mënschen „ustieche loossen“. Kloer, wa gewosst ass, datt eng Entreprise wéi d‘Ceratizit vu Mamer seng franséisch Frontaliere bitt doheem ze bleiwen, dréit dat net zur Berouegung bäi…

Et ass also net verkéiert hei nach emol drop hinzeweisen, datt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem an d‘Rettungsdéngschter wéi och dat medezinescht Personal, ganz gutt opgestallt ass. Dat heescht net datt keen zu Lëtzebuerg um Covid19 stierwe kann. Wann sech allerdéngs jiddereen un déi grondsätzlech Hygiènesmesuren hält, roueg a besonne bleift, da sollt kee Grond zur Panik bestoen.

mat indymedia/was/gva/rom

Foto: Um Mëttwoch huet sech den Donald Trump mat de Leader vun de gréissten US-Assurance getraff an dësen ee „grousse Schratt an der Äntwert op d‘Kris vum Coronavirus Covid19“ ugekënnegt. En Drëttel vun den amerikanesche Bierger hu keng oder nëmmen eng minimal Krankeversécherung. © The White House

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Epidemie, Gesondheetsministère, Pandemie, Paulette Lenert, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel