Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich: Eng „gréng“ Finall fir d‘Kommunalwahlen
International Neiegkeeten

Frankräich: Eng „gréng“ Finall fir d‘Kommunalwahlen

A 5.000 Gemengen am Frankräich huet et um Sonndeg déi

15 Start-up Entreprise selektionéiert
International Neiegkeeten

15 Start-up Entreprise selektionéiert

Ënnert dem Motto: „Start-ups vs Covid19“ hat de Franz Fayot

Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
International Neiegkeeten

Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!

Dëse Weekend hat d‘ONG „Hand an Hand fir Afrika“ zu

Coronavirus: Panik oder spéit Asiicht?

Schwäizer Epidemiolog stëtzt d‘Diagnos vun der Weltgesondheetsorganisatioun a fuerdert onpopulär Mesure fir der Pandemie ze begéinen

Coronavirus: Panik oder spéit Asiicht?

Mëtt Januar hate mir fir d‘éischt iwwert den Ausbroch vun enger neiaarteger Longeninfektioun bericht a keen hätt sech zu dësem Ament kënne virstellen, dat d‘Weltgesondheet bedreet ass. Et koum anescht an dat ongleewegt Staunen iwwer de martialeschen Ëmgang mat der Krankheet, säitens de chineseschen Autoritéiten, ass mëttlerweil verflunn. Elo ass et eng Pandemie.

Elo knapp zwee Méint méi spéit, huet sech de Coronavirus Covid19 iwwert déi ganz Welt verdeelt. Den amerikanesche President nennt et de „China-Virus“ an ënnerstellt den Europäer net genuch Moossnamen ergraff ze hunn. A China – an Asien am grousse Ganzen – gëtt nach ëmmer déi meeschte Fäll, mee an der Tëschenzäit huet d‘Infektiounswell och wäit Deeler vun der EU getraff.

D‘Wirtschaft hält den Otem un, d‘Leit maachen sech selwer verréckt an d‘Politik versicht mat klengen, sech folgende Moossnamen, den Androck vu Kontroll ze vermëttelen. Mee eng Pandemie ass ee reelle Problem, an deen erfuerdert Moossnamen, och därer déi onpopulär sinn. Dat zumindest mengt de Schwäizer Epidemiolog Marcel Salathé vun der ETH Lausanne. An hien huet Recht…

D‘Welt am Coronaféiwer

Wat awer bedeit et wann d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zu Genève eng Pandemie ausrifft? Fir unzefänke muss ee wëssen, datt de Statut vun enger Infektiounswell keng rechtlech verflichtend Follegen huet. Heibäi handelt et sech just ëm eng Situatiounsbeschreiwung. Fir de Schwäizer Fuerscher ass d‘Ausruffe vun der Pandemie net ze fréi gemaach ginn, éischter ze spéit.

De Marcel Salathé: „D‘Donnée hunn all virgeleeën, d‘Lag u sech kloer. Et huet ee jo net wierklech vill méi misse maachen, wéi sech d‘Kaarte mat der Ausbreedung unzekucken“. Fir de Fuerscher ass de Pandemie-Fall onbestridden a sollt och fir Laien ersiichtlech sinn. Hie weist awer drop hinn, datt ee mat de Wierder sollt oppassen: „Eng Pandemie ass näischt anescht wéi eng weltwäit Epidemie“.

Gutt, mee de WHO-Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus ass iwwert d‘Ausmooss vun dëser Pandemie „maximal“ besuergt, woubäi him d‘Ontätegkeet vu vill Länner eigentlech déi gréissten Angscht mécht. Mee maachen d‘Länner tatsächlech ze wéineg? Laut dem Fuerscher géifen déi politesch Acteure d‘Situatioun zwar eescht, mee net déi richteg Schrëtter ënnerhuelen.

Et muss einfach Kloerheet ginn

Ob een elo hätt misse méi haart duerchgräifen, dat wäert eis d‘Zukunft weisen, elo heescht et no vir kucken an sech (ganz) séier iwwerleeën, wéi een dëser Kris nees Här gëtt. China, Japan a Südkorea weisen eis, datt et méiglech ass, esou eng Pandemie ënner Kontroll ze kréien. A jo dat geet net mat Récksiicht op politesch Befëndlechkeeten, hei mussen déi sech opdrängend Mesure geholl ginn.

Wat Italien decidéiert huet, an och gëschter partiell vum franséische President esou iwwerholl ginn ass, erféiert den einfache Bierger an awer, esou de Marcel Salathé, weisen esou Modeller, datt d‘Moossname gräifen an ee staarken Afloss op de Verlaf vun der Pandemie kënnen hunn. An eben dëse Verlaf wäert eng direkt Konsequenz vun de Moossname sinn, déi ee gewëllt ass ëmzesetzen.

Elo ass et net esou, datt de Marcel Salathé kee Versteesdemech fir d‘Politiker an déi zoustänneg Autoritéiten hätt. Déi mussen ee geféierleche Spagat hikréien: engersäits dierfen d‘Leit net d‘Vertrauen an de System verléieren, anersäits hunn all déi Decisiounen och een net onerhieflechen Impakt op d‘Wirtschaft an de Staatshaushalt. Zudeem, esou de Fuerscher, steet ee ganz um Ufank.

mat indymedia/gva

Illustratioun: unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Epidemie, Gesondheetsinspektioun, Longeninfektioun, Pandemie, SARS-CoV2, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel