Search

You may also like

surprise
GLOW ass frësch, speziell a staark
Neiegkeeten

GLOW ass frësch, speziell a staark

Gorgeous Ladies of Wrestling. Dofir steet GLOW. Den Numm ass

Deadpool 2 kritt ee leschten Trailer spendéiert, ier et lass geet
Neiegkeeten

Deadpool 2 kritt ee leschten Trailer spendéiert, ier et lass geet

Kanns du dech och nach un Zäiten erënneren, wou e

Dem „Secret Service“ ginn d‘Suen aus
Neiegkeeten

Dem „Secret Service“ ginn d‘Suen aus

Dem Milliardär aus dem Wäissen Haus seng Virléift fir de

Avis fir de Public: D‘Police mécht d‘Büroen dicht

Avis fir de Public: D‘Police mécht d‘Büroen dicht

Ugesiichts der aktueller Situatioun am Kontext vun der Coronavirus Epidemie an a Konformitéit zu den Decisioune vum Regierungsrot vum 12. Mäerz, adaptéiert d‘Police elo direkt an esoulaang wéi et noutwenneg ass, de physeschen Empfang an de Kommissariater.

Ab dem Freideg 13. Mäerz ginn nëmmen nach Leit a folgende Kommissariater physesch empfaangen:

  • Stad Lëtzebuerg (1, Marie a Pierre Curie Strooss);
  • Esch-Uelzecht (104, Boulevard Kennedy);
  • Gréiwemaacher (48 Meeschtem Strooss);
  • Dikrech (8, Alexis Heck Strooss).

All dës Kommissariater sinn 7/7 an 24/24 Stonne fir de Public do.

Den „operationelle“ Fonctionnement gëtt awer weiderhin op alle Kommissariater am Land assuréiert. Hei dierfen d‘Leit och uruffen oder sech per e-Mail mellen. All d‘Donnéeën zu de Kommissariater sinn ënner

https://police.public.lu/fr/votre-police/postes-police.html

oder iwwert d‘Applicatioun

https://police.public.lu/fr/application-mobile.html

ofruffbar. Méi generell recommandéiert d‘Police fir all Fäll déi net dréngend sinn, wa méiglech iwwert de virtuelle Police-Büro ze maachen an/oder sech mat engem Kommissariat a Verbindung ze setzen. Fir alles wat Urgence, imminent Geforen an/oder Bedreeunge betrëfft, ass och weiderhin den 113 unzeruffen.

Matgedeelt vun der Police-Direktioun, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Coronavirus, Covid19, Epidemie, Pandemie, Police, SARS-CoV2
Next post Previous post