Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
International Neiegkeeten

De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus

Se hunn sech Zäit geholl zu Wolfsburg, iert se dem

E Minister, seng Police an 62 Datebanken
International Neiegkeeten

E Minister, seng Police an 62 Datebanken

De Minister fir Bannesécherheet, François Bauch (déi gréng), ass nach

Ettelbréck diskutéiert ouni déi Jonk an d‘Francophone
International Neiegkeeten

Ettelbréck diskutéiert ouni déi Jonk an d‘Francophone

E Mëttwoch ginn zu Ettelbréck Atelieren an am Uschloss d’Presentatioun

Coronavirus: Wéi d‘Portugise mat der Kris ëmginn

Wéineg Infektiounsfäll, kaum Doudeger… wéi geet dat a firwat sech den wäert Noutstand halen?

Coronavirus: Wéi d‘Portugise mat der Kris ëmginn

De Bléck aus dem Fënster vun der Redaktioun zu Lissabon, wierkt verstéierend, d‘Haaptstrooss, eigentlech aus dëser Distanz soss ëmmer ee wibbelegen Ameisekoup, ass verweest. Et herrscht de Noutstand, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, mee Ausgangsspäre goufen nach keng Verhaangen. An awer och do gëllt wéi zu Lëtzebuerg: „Bleift Doheem“ an d‘Leit halen sech drun.

Ee groussen Ënnerscheed gëtt et awer schonn. Werft een e Bléck an d‘Geschichtsbicher, stellt ee séier fest, datt esouguer „Revolutiounen“ ëmmer éischter gemälleg vu Statte gaange sinn, si haten – ausser an de Kolonien – ni wierklech Krich. „Mir Portugise sinn ee friddlecht Vollek“, esou d‘Janae de Oliveira“, eis Korrespondentin zu Lissabon. „Reegele befollegen entsprécht eiser Logik“.

An dann dierf een net vergiessen, datt aus demographescher Siicht, Portugal mat de gréissten Undeel un ale Leit an der europäescher Unioun huet. 20% vum Vollek ass iwwer 65 Joer al – déi Jonk hunn hiert Gléck am Ausland gesicht – an dat si Mënschen déi sech souwisou éischter doheem ophalen, firwat den Appell „Bleift Doheem“ elo keng gréisser Changementer fir si bruecht huet.

Zudeem huet déi portugisesch Regierung fréizäiteg all déi Moossnamen ergraff, déi aner op scho bal schänterlech Aart a Weis – vläicht och just aus Dommheet – vernoléissegt hunn. D‘Schoule goufen Zäiteg zou gemaach, de Opruff doheem ze bleiwe gouf vun Erklärungen an net vu repressiven Ukënnegunge begleet. De Gesondheetssystem huet sech séier an effizient opgestallt.

D‘Hausdoktere betreien hir Patiente méiglechst iwwer Telefon an nëmme wien zolidd Symptomer huet soll och an d‘Spidol goen. D‘Leit verstinn dat, si vertrauen hiren Dokteren an esou kënnt et éischter Seele vir, datt d‘Urgence iwwerlaf sinn. Dëse „rouegen“ jo scho bal entspaanten Ëmgang mat dëser onsiichtbarer Gefor, ass beispillhaft. D‘Kontaminatioun a an den Doud verhënnert et net.

Kuckt ee sech d‘Zuelen un, stellt een awer fest, datt mat eppes ëm déi 10.000 Infektiounsfäll an ee puer honnert Stierffäll, de Kontrast zum Noper Spuenien eklatant ass. D‘Recommandatioune vum Gesondheetsminister Marta Temido, gi befollegt a sinn effektiv wierksam. Bleift et esou, dann dierft den Zenit vun der sanitärer Kris bis Enn Mee erausgezu ginn. Dat ass net einfach awer wichteg.

Eeler Leit an Strummerte gi geschützt

Wann et richteg ass, datt de Staatspresident Marcelo Rebelo de Sousa net onëmstridden ass, esou muss een him attestéiere Verstand a Wäitsiicht iwwert seng perséinlech Interesse gestallt ze hunn, wat sech jo elo – ee bëssi wéi bei eis – als deen eenzeg richtege Wee presentéiert. An esou bleift den Noutstand a Kraaft, a de „Chef“ ermontert d‘Regierung weider Mesuren an der Kris ze ergräifen.

Et soll kengem Patron et einfach gemaach ginn d‘Leit op d‘Strooss ze setzen, eeler Mënsche musse besonnesch geschützt ginn an och d‘Strummerte wéi d‘Prisonéier gi „mënschlech“ behandelt. Dës „Uerder“ huet d‘Regierung dann och um Freideg behäerzegt an entspriechend Veruerdnungen an dësem Sënn op de Wee bruecht. Esouguer de Ministerpresident, appelléiert u Vernonft a Récksiicht.

„D‘Leit dierfen dëst Joer net bei d‘Famill fueren, si mussen doheem bleiwen. Dat ass batter, an nach vill méi haart fir all eis Matbierger, déi iwwert d‘Feierdeeg net aus hirem auslänneschen Exil zu hire Famillje komme kënnen. Mee et ass dat eenzegt richtegt, si sollte bleiwe wou se sinn, well wa se kommen, dierfen se d‘Haus laang net verloossen“, esou den Antonio Costa um Freideg.

A wann et richteg ass, datt zur Stonn den Noutstand bis Mëtt Abrëll gëllt, muss ee realistesch vun enger Verlängerung bis an de Juni ausgoen, bezunn op den ze erwaardenden Héichpunkt Enn Mee. Och hei gëllt, datt et eréischt besser ka ginn, wann sech 60 bis 70% vun de Leit infizéiert hunn an déi ominéis „Herden-Immunitéit“ festgestallt ginn ass. An dat kann sech zéien…

Ob d‘Leit dat alles esou laang erdroen? „Gewëss, vun de meeschte Meeschten ass de Message gutt opgeholl ginn, si si gutt informéiert a wësse wat um Spill steet. Mir hunn a Portugal keen esou ee Gesondheetssystem wéi zu Lëtzebuerg, och wann en net schlecht ass. Mir hu verstanen, datt nëmme wann et net zu enger Iwwerlaaschtung kënnt, eng Katastroph ze verhënneren ass“, esou Janae…

mam Janae de Oliveira, indymedia Lisboa

Foto: © Diego Gennaro /Unsplash

Ähnlech Sujeten Bleift Doheem, Coronavirus, Covid19, Portugal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel