Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Haut ass den Dag vum Häerz – Passt gutt drop op!
International Neiegkeeten

Haut ass den Dag vum Häerz – Passt gutt drop op!

All Joer fannen sech d’World Heart Federation an déi Lëtzebuergesch

„Street Wheels“: Wann‘s de net wëlls op der Felg dréinen
International Neiegkeeten

„Street Wheels“: Wann‘s de net wëlls op der Felg dréinen

De leschte Sonndeg hat déi kleng Entreprise „Street Wheels“ zu

Fir eng „Propper Stad“ muss och de Bierger eng Hand upaken
International Neiegkeeten

Fir eng „Propper Stad“ muss och de Bierger eng Hand upaken

Bei der Virstellung vum Bilan 2018 vum de Stater Hygiènesdéngscht

Coronavirus: Portugal bereet sech op d‘Kris vir

Et ass nach net laang hir, datt sech Portugal vun enger vu senge schwéierste Wirtschaftskrisen a senger Geschicht erholl huet, an op en Neits geet d‘Angscht ëm. Eng vun de wichtegste Finanz-Quellen, den Tourismus, dreet am Kontext vun der Coronavirus-Pandemie ënnerzegoen…

Coronavirus: Portugal bereet sech op d‘Kris vir

Portugal, ee Land an deem sech an de leschte Joren den Tourismus op en neie Level bruecht huet, huet net wierklech vill Industrie an no der Wirtschaftskris, war dëse Secteur e richtege Moteur. Wann elo d‘Algarve traditionell beschtens vun Touriste besicht gëtt, esou hunn och d‘Haaptstad Lissabon a Porto, e richtegen Touristeboom erlieft. 2019 koume mat 27 Millioune Vacancieren, ronn 7% méi Besicher wéi nach 2018. Mat de Reesbeschränkunge fält den Tourismus awer flaach.

Fir de Joao Fernandes, President vum Tourismusverband „Algarve“ ass et eng schwéier Zäit déi op d‘Branche zoukënnt, an dat net eleng an der Algarve. Mat der sanitärer Kris déi duerch de Covid19 ausgeléist ginn ass, kéint ee sech fir dëst Joer net méi op ee gutt Joer astellen, esou seng Siicht op déi aktuell Lag. Et ass awer elo net esou, datt d‘Leit d‘Loscht un d‘Reesen oder u Portugal verluer hätten. Et sinn déi – sécherlech noutwenneg – Moossnamen, déi d‘Branche zu Stëllstand bréngt.

CoronavirusD‘Fluchgesellschafte stelle Weltwäit hir Déngschter an, déi europäesch Länner maachen d‘Grenzen dicht, esou och Portugal. Keen eran a keen eraus… do ass Tourismus schlicht onméiglech. Dobäi ass d‘Tourismusbranche schonn essentiell fir d‘Wirtschaft vum Land. Industrie gëtt et kaum an déi zwee gréisser Industriestanduerter gehéieren zum engem Volkswon an zum anere PSA (Peugeot-Citroen). Zwou Fabricken déi gläichfalls wéinst dem Coronavirus d‘Bänner ugehalen hunn.

Mëttelgroussen a klengen Entreprise briechen d‘Opträg ewech, mee och déi „grouss“ stinn nach net op zolitte Féiss. Elo huet d‘Regierung – wéi an anere Länner och – entscheet d‘Ekonomie ze schützen, an esou gouf gëschter eng Enveloppe an Héicht vun 9,2 Milliarden Euro bereet gestallt. Sënn an Zweck vun der Moossnam ass et, d‘Produktivitéit vun den Entreprisen ze erhalen an d‘Aarbechtsplazen ofzesécheren, esou de Wirtschaftsminister Pedro Siza Vieria en Donneschdeg.

E groussen Deel gëtt als Kredit fir Entreprisen agesat, déi a finanziell Schwieregkeete gerode sinn, an do ass den Tourismussecteur e vun de groussen Demandeuren. Et solle Steieren a Cotisatiounen (Sozialbeiträg) ausgesat an/oder reduzéiert ginn. Wou elo awer d‘Portugisen dëst Geld hierhuele wëllen, erschléisst sech engem nach net. A wann alles aus Steiergelder muss bezuelt ginn, heescht dat, datt all eenzele Bierger (vum Neigebuerene bis zum Rentner) 1.000 Euro labber maache muss.

An engem Land wou de Mindestloun bei niddrege 700 Euro läit an et nach ëmmer vill Chômage gëtt, ass dat vir den eenzele Bierger schonn en Challenge. Zudeem ass net gewosst, op dat kann duer goen. Woubäi een net ausschléisse sollt, datt jo och Bréissel ugekënnegt huet, datt een keen um Stroosserand stoe léisst. Et kann awer ënner Ëmstänn och derzou kommen, dat gréisser Projeten (Infrastrukturen) musse roue gelooss ginn, wat och nees en direkten Impakt op d‘Ekonomie huet.

CoronavirusDe Staatspresident Rebelo de Sousa huet dëse finanzielle Rettungsplang verdeedegt: „Liewen a Gesondheet kann een nëmme retten, wann d‘Wirtschaft net stierft“. An dat kann een esou gleewen, firwat et essentiell ass, datt d‘Regierung (net nëmmen a Portugal) all Mesuren ergräift déi sech opdrängen, fir den Entreprisen a soss Wirtschaftsacteuren hëlleft iwwert dës erneite Kris ewech ze kommen. Geléngt dat, da sinn och d‘Mënsche geschützt a kënnen Hoffnung op d‘Zukunft hunn.

An natierlech wäert sech dat alles op deen an de leschte Joren, mat vill Méi an Austeritéit sanéierte Budget auswierken. Deen huet sech eréischt kierzlech erholl an den ëmstriddene Ministerpresident Antonio Costa, huet senger Wieler – quasi als Merci dat si hien nach emol wollten hunn – no de Parlamentswahlen zolidd Steierkaddoe gemaach. Béi eng er Staatsschold déi bei 120% vum BIP geleeën, net wierklech gescheit, mee dat zielt an der Politik net an do kann et engem Angscht ginn.

mat indymedia/lis

Illustratioun: © Lxmax Design Studio / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Portugal, Tourismus, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel