Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: Schlofe géint de Stau
International Neiegkeeten

Tacheles: Schlofe géint de Stau

D‘Iwwerschrëft vun dësem Text kléngt e bësse komesch. Wéi soll

#MacronLeaks, erkläert
International Neiegkeeten

#MacronLeaks, erkläert

Och wann d’Walen elo eriwwer sinn, muss een sech iwwert

Bréngt Fleeschverzicht der Ëmwelt wierklech eppes?
International Neiegkeeten

Bréngt Fleeschverzicht der Ëmwelt wierklech eppes?

Un enger Modellrechnung hunn US-amerikanesch Fuerscher elo berechent, wat de

Coronavirus: Geréit d‘Pressefräiheet a Gefor?

Et sinn net eleng autoritär Regimmer, déi wéinst der sanitärer Kris d‘Fräiheet vun de Medie begrenzen

Coronavirus: Geréit d‘Pressefräiheet a Gefor?

Datt grad a Krisenzäiten onofhängeg a kritesch Journalisten a Medie wichteg sinn, dat sollt een zanter dem Vietnamkonflikt verënnerlecht hunn. Elo gëtt awer ëmmer nees gären d‘Pressefräiheet mam Argument vun den iwwerguerdenten Ziler – esou den nationalen Zesummenhalt – begrenzt. An éischter Linn geet et hei drëms, d‘Kritik un der Regierung ze ënnerbannen.

Elo bestreit keen, datt den „nationalen Zesummenhalt“ an der presenter Situatioun immens wichteg ass. Ob een awer dann nach just der Regierung d‘Wuert iwwerléisst? Kritik gëtt gären als Ligen, a gewësse Länner (och an der EU) esouguer als Staatsgefäerdent presentéiert. Beim International Press Institute (IPI) zu Wien, ass een dann och ëmmer méi beonrouegt, wat sech den Ament deet.

Laut der Direktesch Barbara Trionfi, huet et an de leschte Woche massiv Verstéiss géint eben, dat wat mir ënner Pressefräiheet verstinn, ginn. Dat geet vun totalitäre Systemer, wéi beispillsweis China bis hinn zu – sécherlech méi moderate Verstéiss – an de sougenannte westleche Länner. Dat sollt eis beonrouegen, och wann dat esou an der EU a besonnesch zu Lëtzebuerg nach relax ass.

Iwwerwaacht, zenséiert an ewechgespaart

Teheran huet Journalisten déi iwwert d‘Pandemie a seng Auswierkungen op dëse reliéise Staat bericht hunn verhafte gelooss; Egypten huet déi auslännesch Journalisten ausgewisen, an op de Philippinnen mussen all d‘Journalisten a Medienhaiser, déi iwwert de Coronavirus beriichten, sech eng Geneemegung ufroen. An Israel ginn d‘Journalisten iwwert den Handy „observéiert“.

A Malaysien, Thailand a Singapur, mee ganz besonnesch an Indonesien an Indien, ginn d‘Journaliste vun den Administratiounen ëffentlech ugegraff. Et heescht datt zur verstäerkter Verfolgung vu Medieschaffende kënnt, dat ënnert dem Virwand vun der Verbreedung vu falsche Meldungen. An de sougenannte „Subkontinent“ ass wuel am Fokus, mee och soss leeft et net gutt.

Esou gräift den Donald Trump Journaliste verbal un, déi seng Coronavirus-Strategie – déi jo awer déi bescht vun der Welt ass, wëll hien iwwert déi beschten, gréissten a schéinste Servicer verfüügt – a Fro stellen. An Éisträich dierfen nach just d‘APA, déi national Noriichtenagence an den ORF un de Pressekonferenze vun der Regierung deel huelen. Déi aner dierfen awer Froen „areechen“.

Kritik, och wa se net gefält, muss méiglech bleiwen

Fir d‘Barbara Trionfi sinn dat alles klassesch Mesuren, déi Regierungen a Krisesituatiounen ergräifen. Bis zu engem gewësse Grad ass dat legitim, och wann et eng kloer Amëschung an d‘Pressefräiheet bedeit. Et huet dann och an esou Krisen, wéi se grad erliewen an un där mir nach laang wäerten ze knaen hunn, eng gewëssen ëffentlech Akzeptanz.

Datt vill Regierunge schlecht oder ze spéit op de Covid19 reagéiert hunn, datt Feeler gemaach goufen… dat alles sinn Themen déi d‘Politik als „konstruktiv Ureegung“ et besser ze maache betruechte sollen an net als Ugrëff op déi sozial Kohäsioun. Besonnesch an Zäite wou am „WWW“ net déi seriéis Journaliste fir Angscht a Panik suergen, mee d‘Fake News Konjunktur hunn.

D‘IPI verlaangt dann och net manner vun de Regierungen, wéi de Journalisten den Zougang zu den Entscheedungsträger ze erméiglechen, wéi eben och un der „medezinescher Front“ (z.B. Spidoler) beriichten ze dierfen. Si sollten och entspriechend mat Schutz ausgerëscht ginn. Journalistesch Kritik sollt zudeem net als deel vum Problem, mee vun der Léisung wouergeholl ginn.

mat indymedia/vie

Foto: Journalismus, och wann net all d‘Journalisten „Engele“ sinn, ass ee Mëttel därer sech d‘Politik a Friddenszäite gäre bedéngt, awer da fäert, wann d‘Zäiten eppes stiermesch ginn. Esou dreeën och déi sougenannt sozial Netzwierker zur Gefor ze ginn… © Tim Mossholder / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, IPI, Pressefräiheet, Zensur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel