Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADRIɅN – Video Release vun „Discontinuous“
Neiegkeeten

ADRIɅN – Video Release vun „Discontinuous“

Schonn am vergaangene Joer huet de jonke Lëtzebuerger Songwriter ADRIɅN

Frankräich wëll nees d‘Kontroll iwwert d‘Migratioun kréien (Analys)
Neiegkeeten

Frankräich wëll nees d‘Kontroll iwwert d‘Migratioun kréien (Analys)

„Mir wëllen nees d‘Kontroll iwwert eis Migratiounspolitik zréckkréien“ sot de

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung
Neiegkeeten

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung

Nom groussen Treffen an de stonnelaange Gespréicher zu Berlin huet

Den „Etat de Crise“ gëtt ëm dräi Méint verlängert

Um Samschdeg huet d‘Chamber der Regierung „Sonnerrechter“ zougestanen, mee déi Deputéiert hu sech drop verstännegt hir Decisioune ganz opmierksam a kritesch ze verfollegen

Den „Etat de Crise“ gëtt ëm dräi Méint verlängert

Samschdeg 14 Auer um Krautmaart: All déi an der Chamber vertruede Parteie sinn zesummekomm, fir der Regierung hir Noutstandsgesetzer unzehuelen. Fir dës Gesetzer ass eng Zweedrëttelmajoritéit vun Néiten, woubäi et vu virera kloer war, datt déi géifen ugeholl ginn. Mat 56 Jo Stëmme sinn déi Gesetzer dann elo fir d‘Dauer vun dräi Méint effektiv. Eng Verlängerung ass net ausgeschloss.

Et war dann awer och eng zimmlech „ongewinnte“ Sëtzung, well aus Sécherheetsgrënn – et soll ee schliisslech Ofstand halen – waren déi Deputéiert op véier Säll opgedeelt ginn. Esou huet et sech erginn, datt déi Deputéiert een nom aneren an der Plenière hire Vott ofginn hunn. Et geet heibäi grondsätzlech emol dorëms, déi ganz Regulatiounen, déi ergraff goufen, och ze confirméieren.

Fir de Rapporter vum Gesetz, den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo, muss de Bierger elo kloer gemaach ginn, datt dëst, déi aschneidendst Gesetzer zanter Joerzéngte sinn, déi vun den Deputéierten hu misse gestëmmt ginn. Mat der Ëmsetzung vum Artikel 32.4 vun eiser Verfassung kritt d‘Regierung déi entspriechend Muecht zougestanen, Reglementer ouni Chamber anzeféieren.

Regierung

Woubäi et hei „Grenze“ gëtt an och d‘Chamber net seng Kontrollfunktioun verléiert. Déi kann zu all Ament agräifen, esou de Mars di Bartolomeo, deen nach emol drun erënnert, datt d‘Deputéiert d‘Méiglechkeet behalen, den Noutstand ausser Kraaft ze setzen oder ze suspendéieren. Dat dierft besonnesch der CSV-Fraktioun wichteg sinn, där et net liicht gefall ass, d‘Gesetzer ze stëmmen.

An esou Situatiounen ass et net fir Bauchwéi ze kréien

D‘CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen gëtt esou d‘Gefill net lass, datt d‘Regierung net alles op den Dësch leet. Et feelt u Prezisiounen, Koherenz an u Koordinatioun, esou hir Siicht op déi aktuell politesch Decisiounen. Dat ass duer gaange fir bei der Koalitioun Onmutt auszeléisen, an esou hunn de Georges Engel (LSAP) an d‘Josée Lorsché (déi gréng) sech dem gestallt.

Fir de Fraktiounschef vun der LSAP ass et zimmlech gewot, der Regierung ze ënnerstellen, si hätt dat net kënne virausgesinn. D‘Fraktiounscheffin vun déi gréng, fënnt datt de Moment Kritik un der Regierung ze übe schlecht gewielt ass. Dozou huet d‘Martine Hansen gemengt, datt et säitens der CSV kee Reproche ginn huet, mee ee Froen huet déi enger Äntwert bedierfen.

Nach hätt een d‘Demokratie net ofgeschaaft oder ausgesat an et wier den Deputéierten hiert gutt Recht Äntwerten ze kréien. Ee klengen Dissens deen dann de Premierminister Xavier Bettel (DP) schlichte konnt. Jo den Text dee gestëmmt ginn ass, wier net perfekt an et wäert mussen zu Adaptatioune kommen. Zudeem sinn d‘Minister jo disponibel a bereet an d‘Chamber ze kommen.

Bei der ADR huet de Fernand Kartheiser festgestallt, datt ee wuel keng aner Wiel hat, wéi der Regierung hei de Réck ze stäipen. Mee och hien erwaart sech, datt et zäitno zu eng Upassung vun de legislative Prozedure kënnt. Fir den Ament hätt ee keng aner Instrumenter zur Verfügung. Si si jiddefalls gewëllt, hire Beitrag zur Kriseléisung ze leeschten, esoulaang keen Abus gedriwwe gëtt.

Individuell Fräiheete ginn ofgeschaaft

Säitens déi lénk ass d‘Tonalitéit eppes anescht. Si maachen sech Gedanken iwwert d‘Aussetze vun den individuelle Fräiheeten. De Fait der Regierung d‘Muecht ze ginn, Reglementer anzeféieren déi legal Gültegkeet hunn, dat ouni datt den éischte Pouvoir, also d‘Chamber, se validéiert, géif hinnen, deenen déi demokratesch Prinzipie wichteg sinn, Kappzerbrieches bereeden, esou de Marc Baum.

Hien dann och nach emol drop higewisen, datt d‘Chamber weider schafft a besonnesch elo, senger Kontrollmissioun nozekommen huet. Ähnlech gesäit dat och den Deputéierte vun der Piratepartei, Sven Clement: „Mir hunn dëst Gesetz net gestëmmt well et eis gutt gefält, mee well et drëms geet Moossnamen ze ergräifen, déi Liewe rette kënnen“. Et war deemno onëmgänglech matzemaachen.

Woubäi de Sven Clement, deem een net virwerfe kéint d‘Regierung „ze droen“, déi richteg Schlëss zitt. „Den Noutstand auszeruffen, berout op gesondem Mënscheverstand an de wëssenschaftlechen Erkenntnisser déi virleien. Mir hunn hei net liichtfankeg ofgestëmmt“, esou de Sven Clement, dee mat sengem Parteikolleg, Marc Goergen, wäert déi ganz Situatioun mat Argusae verfollegen.

Um Enn vun der Sëtzung huet de Premier den Deputéierten „Merci“ fir hiert Vertraue gesot an nach emol betount, datt sech d‘Regierung duerchaus bewosst wier, datt si hei kee Blanko-Scheck ausgestallt kritt huet. Zil wier et, Solidaritéit a Verantwortung ze demonstréieren. De Kampf géint de Covid19, wier keng Fro vu Majoritéit oder Oppositioun, mee vun der nationaler Eenheet.

Ähnlech Sujeten Chamber, Coronavirus, Covid19, Krautmaart, Noutstandsgesetzer, Regierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel