Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Star Trek Discovery weisst sech vu senger explosiver Säit
https://moien.lu/vibe-dating-site/ Neiegkeeten

gratis nederlandse dating app

Nodeems den éischten Trailer fir gemëschte Gefiller gesuergt huet, bréngt

https://moien.lu/free-female-dating-profile-examples/
https://moien.lu/vibe-dating-site/ Neiegkeeten

Nordkorea versus Amerika: kuerz virum Showdown?

„D‘Lompe sténken net, se brennen“ – esou kéint een d‘Situatioun

70 Joer NATO: Zum Gebuertsdag e Bierg aus Gold
https://moien.lu/vibe-dating-site/ Neiegkeeten

70 Joer NATO: Zum Gebuertsdag e Bierg aus Gold

Et ass jo net well engem no Feieren ass, datt

Turbulent Zäiten och fir den Zar vu Russland

Turbulent Zäiten och fir den Zar vu Russland

Nach iert de Coronavirus dem russesche Gesondheetssystem de Stecker gezunn huet, huet sech déi russesch Federatioun eng ongeheierlecher Wirtschaftskris ze stellen. Bannent wéinege Wochen huet de Rubel ronn 30% vu senger Valeur géintiwwer dem US-Dollar verluer. Mir hunn nogekuckt…

Den Ursprong vun dëser Wirtschaftskris, déi dem Vladimir Putin, dee grad d‘Verfassung op sech zouschneide gelooss huet, eppes ongeleeë kënnt, féiert zréck op en Dissens mat Saudiarabien vun Ufank Mäerz. Et ass ëm de Pëtrolspräis gaangen, an Moskau war dës Kéier net bereet, sech mat der OPEC op eng Reduzéierung vun de Fërdermengen ze accordéieren. Esou falen d‘Präisser weider.

Mat der weltwäiter duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitärer Kris, ass déi russesch Wirtschaft voll an ëmfänglech um sougenannte „falsche Fouss“ erwëscht ginn. De Finanzminister Anton Siluanov, huet de Verloscht bei den Einnamen am Gas- a Pëtrolsgeschäft op 3.000 Milliarde Rubel geschätzt (ronn 35 Milliarden Euro). Dat bedeit Rezessioun a méiglecherweis Schlëmmeres.

CoronavirusNatierlech huet och de russesche Finanzminister, der Wirtschaft finanziell Ënnerstëtzung zougesot, fir den Ënnergang vu ganze Branchen ze verhënneren. Mee entgéint der am „Westen“ ugewannter Method, kommen dës Hëllefen nëmmen engem exquisitte Krees vun Entreprisen zerguttst. Vill kleng a mëttelstänneg Entreprise wäerten esou an den nächste Méint einfach verschwannen.

De sougenannte Mëttelstand hat et schonn ënnert normalen Ëmstänn net wierklech liicht, an dat wat elo u Moossname versprach ginn ass, kann een net als „Hëllef“ bestätegen. Dat gesinn och russesch a regimmtrei Wirtschaftsexperten esou. Wann et dem President sollt dru geleeë sinn, dës Ekonomie ze schützen, misst entscheet ginn, de klengen a mëttelstännege Betriber all Steieren ze erloossen.

Schweigen am Kreml

Entgéint villen anere Staats- a Regierungscheffen op der Welt, huet sech de Vladimir Putin nach net mat enger „Ried zur Lag vun der Natioun“ un d‘Vollek gewannt. Op Nofro huet säi Spriecher, den

Dmitri Peskov dann och bestätegt, datt de russesche President dat bis op weideres och net vir hätt. Hien hätt sech déi lescht Woch zur Situatioun, bedéngt an ausgeléist duerch de Covid19, geäussert.

Stëmmt an de Vladimir Putin sot, Zitat: „Ugesiichts dem grousse Risiko, hu mir insgesamt déi ganzt Sitautioun ënner Kontroll. Mir hunn ee gutt Gesondheetssystem, d‘Grenze gi streng kontrolléiert an all noutwenneg an zoustänneg Servicer sinn am Asaz“. Zanter hir herrscht Schweigen am Kreml an de wirtschaftlechen Ofschwong fänkt un ee wierklech bedreelecht Ausmooss unzehuelen.

CoronavirusDat wierkt sech dann aktuell och massiv op de russeschen Alldag aus. D‘Leit kafen nach just dat bluttnoutwennegst, Bistroen a Restaurante sinn eidel. Taxifueren ass spottbëlleg a kleng Enseignë kämpfe mat Spendenaktiounen ëm dat wirtschaftlecht Iwwerliewen. Staatlech Hëllef kënnt net bis heihinner, an elo kënnt och nach de Coronavirus a gëtt der Gastronomie de Rescht.

Et si wuel vereenzelt nach Restauranten op, an et kann ee feststellen, datt d‘Personal immens op d‘Hygiène uecht deet, an awer komme keng Clienten. Wien nach eng Schaff huet hält sech dru fest, mee ëmmer méi Salariée gi gebieden doheem ze bleiwen. E Bild datt sech och esou an den anere Secteure vum Eenzelhandel verbreet. A wéi schlecht et der Wirtschaft geet léisst sech Moossen…

A Russland kann e Stroossemuseker „iwwert d‘Ronne“ kommen, also eigentlech. An „normalen“ Zäite loossen d‘Russe gären eng Mënz an den Hutt falen, mee dat ass den Ament net dran. De Russ muss all Kopek zweemol an der Täsch wennen iert e sech entschléisst se auszeginn. Wéi d‘Regierung deem entgéintwierke wëll ass net gewosst. Fir vill Betriber gëtt et awer kaum Chancen.

mat indymedia/mow

Foto: De russesche President Vladimir Putin am Gespréich mam Finanzminister Anton Siluanov. Während de Finanzminister den Entreprise finanziell Hëllef versprach huet, hält sech de Chef mat Erklärungen zréck. © Kremlin Russia

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Russland, Vladimir Putin, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel