Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Amazonas-Sommet: Vernonft oder Zwang?
International Neiegkeeten

Amazonas-Sommet: Vernonft oder Zwang?

Um Amazonas-Sommet am kolumbianesche Leticia hu sech siwe Länner an

Kanner-Jugendtelefon: Fräiwëlleger gesicht!
International Neiegkeeten

Kanner-Jugendtelefon: Fräiwëlleger gesicht!

Fir eng nei Ausbildungsgrupp sicht de Kanner-Jugendtelefon elo no fräiwëllege

Chemnitz: Onséileg Unioun vun de Populiste mat de Faschisten
International Neiegkeeten

Chemnitz: Onséileg Unioun vun de Populiste mat de Faschisten

Um Samschdeg sinn eng 8.000 Manifestanten duerch d‘Stroosse vu Chemnitz

D‘Schwede sinn (nach) entspaant

Am skandinavesche Land geet ee geloosse mam Coronavirus Covid19 ëm. An de Schigebidder sinn d‘Pisten ausgelaascht, an de Bistroen herrscht Ausgeloossenheet an och d‘Schoulen an d‘Crèchen si bis op Weideres op. Medeziner a Wëssenschaftler si just entsat…

D‘Schwede sinn (nach) entspaant

Et ass Fréijoer, vill Sonn an ee bloen Himmel bitt engem d‘Haaptstad Stockholm op dësem nach jonke Weekend. Op de Spillplazen ass vill Betrib, Elteren déi a Gruppe matenaner poteren, an d‘Krapperten déi sech un de Klunschen an Klettergerëschter drängen. Déi meescht gi schaffen an datt d‘Schoulen – vun der Crèche bis zur néngter Klass – op hunn, dat fannen si, wier richteg.

Eng Koppel dozou: „Dat ass gutt, well et soss immens Konsequenze fir d‘Gesellschaft hätt – d‘Leit missten doheem bleiwen“. Esou schéngen dat och d‘Autoritéiten am Land ze gesinn. D‘Regierung ass der Usiicht, datt d‘Crèchen an d‘Schoulen zoumaachen d‘Verbreedung vum Virus net verhënnert an datt ee mat Mooss muss virgoen. Wéi laang se sech un dëser „Maxime“ kënne festhalen?

CoronavirusBléckt een op déi offiziell Zuelen, esou huet Schweden aktuell ronn 1.600 bestätegt Infektiounsfäll an 16 Stierffäll ze bekloen. Sécher kee Grond a Panik ze geroden, mee wann den Anders Tegnell vun der Gesondheetsverwaltung erkläert: „Dat wichtegst wat mir elo maache kënnen, ass doheem bleiwe wa mir eis krank fillen. Dat soe mir all Dag an wäerten dat och weider maachen esoulaang wéi d‘Epidemie unhält, well dat ass d‘Grondlag fir alles wat mir maachen“, da wonnert ee sech.

Zum engen ass et eng zolidd Pandemie, an wann d‘Leit eréischt doheem bleiwen, wa si sech „krank fillen“, dierften si längst hire Beitrag zur Verbreedung vum Covid19 geleescht hunn. A genee dat ass de Problem, wéi eis déi erschreckend Biller an Noriichten aus Italien, Spuenien an och direkt an der Noperschaft, der Regioun „Grand Est“ androcksvoll virun Ae féieren. Ass Schweden anescht?

Vu „Risikofreedeg“ bis „Onbekëmmert“

Datt sech de Coronavirus zur globaler Gefor entwéckelt, dat kann och déi schwedesch Regierung net ignoréieren, an awer sinn d‘Recommandatioune geréng. Veranstaltunge mat méi wéi 500 Leit sinn zwar verbueden a wie ka sollt Homeoffice maachen. Och vu Reese gëtt ofgeroden. E Rot dee wéineg befollegt gëtt, ugesiichts dem touristeschen Undrang an de Schigebidder. Wansinn?

Sécherlech, well et si grad d‘Touristegebidder, déi dem Virus quasi eng „Stäre-Faart“ an esou eng rapid Verbreedung erméiglechen. Mee de Covid19, wat ass dat schonn? Et gesäit een et net, richen a schmaachen deet een et och net. Gutt, wann de Coronavirus 5 Meter grouss wier, hätt een e wuel och längst erleedegt, deem ass awer net esou, an de Beholl vun de Schweden ass net virbildlech.

CoronavirusUgeschwat, argumentéiert en „Tourist“: „Ech fannen dat schonn iergendwéi gerechtfäerdegt, wa mir versichen eis Entreprisen ze schützen, also am Tourismussecteur“. En Damm huet gemengt: „Wann et säitens der Regierung Richtlinne gëtt, déi engem géifen den Deplacement verbidden, da wier ech wuel och net komm“. Esouvill Onbesuergtheet kéint duerchaus dramatesch Folge fir d‘Land hunn.

D‘Medezinner kënnen sech nach just un de Kapp gräifen. Zanter Deeg gëtt gewarnt, appelléiert jo scho bal op knéie gebieden domadder opzehalen. An tatsächlech, sollt et zum Ausbroch am Schigebitt Sälen kommen (Ischgl an Éisträich huet gewise wat geschitt) wou sech bis zu 25.000 Touriste versammelt hunn, géif et guer net déi medezinesch Kapazitéite ginn, dergéint virzegoen.

Si hunn erneit d‘Regierung opgeruff den Tourismus anzestellen. Aus Stockholm heescht et dozou, datt sech Vertrieder vun der Gesondheetsinspektioun déi nächst Woch mat de Vertrieder aus der Regioun treffe wëllen an iwwert d‘Lag berode wëllen. Bis dohinner heescht et, datt et wuel besser wier wa kee géif dohinner fueren, mee d‘Schilifter, d‘Pisten an d‘Gastronomie bleiwen op.

CoronavirusDat freet de Virsëtzende vum Tourismusverband. Fir de Mats Forslund ass et esou: „Ech interpretéieren dat, wat esou héieren esou, datt een elo an déi national Schigebidder fiert fir Reesen an d‘Ausland ze vermeiden“. Och hie stellt also eendeiteg de monetäre Profit virun d‘Gesondheet, et sief dann, si hätte keen Internet a keen Zougank zu Medien. Oder de Mann ass richteg Domm…

Firwat se sech weigeren de Medezinner nozelauschteren, a grad zu Stockholm, de schwedeschen „Epizenter“ vun der sanitärer Kris, de Betrib nach ëmmer „normal“ ass, léist sech net erklären. Woubäi och hei d‘Stroossen ëmmer méi eidel ginn. D‘Bierger fänken also u selwer drop ze kommen, datt net mam Covid19 ze spaassen ass. Trotzdeem ginn déi aktuell Mesuren net duer.

mat indymedia/sto

Foto: Déi schwedesch Arméi ass schonn am Asaz, a baut Noutfallzenter… Firwat passt dat net zu de vun der Regierung ergraffe Mesuren? © Radio Sweden (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Pandemie, Sanitär Kris, Schweden, Tourismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel