Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nogeduecht: Vläicht awer nach eppes Fréi fir d‘Restauranten opzemaachen?
International Neiegkeeten

Nogeduecht: Vläicht awer nach eppes Fréi fir d‘Restauranten opzemaachen?

Zanter elo bal 14 Deeg erhéijen d‘Firspriecher vun enger Reouverture

Schoul eleng ass keng Preparatioun op d’Liewen
International Neiegkeeten

Schoul eleng ass keng Preparatioun op d’Liewen

Méi wei 10.000 jonk Leit vu méi wei 150 Länner

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun
International Neiegkeeten

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun

Dat grousst Festzelt vum „Nancy Jazz Pulsations“ (NJP) ass e

Coronavirus: Eng Situatiounsiwwersiicht

Italien steet virun enger nationaler Noutlag, Däitschland a Frankräich verbidde Versammlunge vu méi wéi 1.000 Persounen a bei eis am Land klëmmt d‘Zuel vun den Infektiounsfäll op fënnef…

Coronavirus: Eng Situatiounsiwwersiicht

An Italien wou d‘Verbreedung vum Coronavirus dramatesch zouhëlt, huet d‘Regierung sech um Sonndeg fir drastesch Moossnamen entscheet. Ganz Regioune sinn ofgespaart, Millioune Bierger opgeruff doheem ze bleiwen. Per Dekret huet de Ministerpresident Giuseppe Conte d‘Lombardei, esou wéi weider 14 betraffe Provënzen gespaart.

Vun de Moossname sinn d‘Wirtschaftsmetropol Mailand wéi och d‘Touristenhéichbuerg Venedeg betraff, mee och Parma muss sech der Noutlag stellen. Kinoen, Theateren, Muséeën, mussen zou bleiwen, déi grouss Sportveranstaltunge ginn entweder ofgesot oder et gëtt hannert zouen Diere gespillt. D‘Demonstratiounen si bis ob weideres och ënnersot.

Déi vun der Regierung beschlosse Moossname gëlle bis mindestens den 3. Abrëll. Déi gespaarten Zonen dierf een nëmmen aus eeschten an onvermeidleche Grënn betrieden, respektiv verloossen. Familiär oder berufflech Grënn kënne berécksiichtegt ginn. Déi ageschränkt Mobilitéit gëllt fir dat ganzt Land, och wann den Norde besonnesch observéiert gëtt.

Och bannent de Spärzone gëlle Restriktiounen: Ëffnungszäite Bistroen a Restauranten si begrenzt an d‘Cliente musse kënnen ee Meter Ofstand vunenaner halen. Dat soll och fir déi aner Geschäfter gëllen. Vun dëser Decisioun sinn eng 15 Milliounen Italiener betraff. D‘Regierung réit de Leit nëmmen dann ausser haus ze goen, wann et wierklech wichteg ass.

Wat eis däitsch Noperen decidéiert hunn

Zu Berlin hunn d‘Koalitiounsspëtzen iwwert méiglech Moossnamen am Kampf géint de Covid19 beroden. Wéinst der Verbreedung vum Coronavirus huet de Gesondheetsminister derzou geroden, all d‘Evenementer vun iwwer 1.000 Leit ofzesoen. Ugesiichts der dynamescher Entwécklung vun den Infektiounsfäll, kéint et awer och zu engem Verbuet kommen.

„Ech si mir bewosst, wéi eng Folgen dat fir d‘Veranstalter an d‘Bierger wäert hunn a mir mussen an den nächsten Deeg doriwwer beroden, wéi mir mat de wirtschaftleche Folgen ëmginn. Et muss awer kloer sinn, datt d‘Gesondheet ëmmer Virrang huet“, esou de Jens Spahn (CDU). Wéi de Betriber an Handwierker, mee och de Gastronome ka Gehollef ginn, bleift ze klären.

CoronavirusDe Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, Armin Laschet (CDU) – dee sech zesumme mam Jens Spahn als duebel Spëtzt fir de Parteivirsëtz opgesat huet – huet annoncéiert, datt hien a seng Landesregierung dem Rot vum Gesondheetsminister wäerten nokommen. „Mir mussen den Tempo eraushuele fir op all Eventualitéite virbereet ze sinn“, esou de Politiker.

An Däitschland huet d‘Zuel vun den Infektiounsfäll déi 1.000er Mark iwwerschratt. Am stäerkste betraff ass weiderhin Nordrhein-Westfalen, mee och aus Baden-Württemberg goufe vill nei Fäll gemellt. De Virsëtzende vun der „Kassenärztlicher Bundesvereinigung“, Andreas Gassen, hält gesetzlech Verbueter fir Groussveranstaltungen net fir ziilféierend….

Frankräich geet dëse Wee mat

Net nëmmen an Däitschland gëtt sech Gedanke gemaach, wéi dëser Pandemie ze begéinen ass, och eis franséisch Nopere fänken un seriéis nervös ze ginn. Gëschter huet de Gesondheetsminister, Olivier Véran bekannt ginn, datt Versammlunge vu méi wéi 1.000 Leit verbuede sinn, woubäi et soll Ausname ginn. Dat zumindest ass de jëtzege Stand.

„D‘Prefekturen an d‘Ministère mussen elo eng Lëscht mat deenen Evenementer virleeën, déi als nëtzlech fir d‘Liewe vun der Natioun betruecht ginn. D‘Manifestatiounen, d‘Concoursen oder och de Recours op den ëffentlechen Transport soll weiderhi méiglech bleiwen“, esou de Minister no enger laanger Sëtzung vum Verdeedegungsausschoss.

Frankräich bleift awer beim „Noutstand“ op Niveau 2. D‘Prioritéit besteet den Ament doranner, d‘Verbreedung vum Covid19 um nationalen Territoire anzedämmen. D‘Bierger sinn opgeruff sech un déi grondsätzlech Hygiènesmoossnamen (Hänn wäschen) ze halen a sech méiglechst vun eeleren an/oder Mënsche mat enger Immunschwächt ewech ze halen.

Als weider Moossnam ass entscheet ginn, datt d‘Begrenzung vun den Iwwerstonnen an de Spidäler opgehuewen ass. En entspriechend Dekret soll haut erstallt ginn. Och a Frankräich ass d‘Zuel vun den Infektiounsfäll iwwer 1.000 geklommen a läit aktuell bei 1.126 bestätegten Infektiounen. 19 Leit si schonn un de Folge vum Coronavirus verstuerwen.

Lëtzebuerg nach ëmmer entspaant

Zu Lëtzebuerg ass d‘Zuel vun den Infektiounsfäll mat engem um Sonndegnomëtteg neie Fall, elo op fënnef ugewuess. Zanter e Freideg ass esou all Dag ee neien Infektiounsfall derbäi komm. Vum Gesondheetsministère an der Gesondheetsdirektioun sinn zur Stonn keng weider Moossnamen, wéi déi allgemeng bekannt Geste ugekënnegt ginn.

Et sinn awer och bei eis am Land eng Rei Veranstaltungen ofgesot ginn, anerer fannen (zumindest ass dat aktuelle Stand) wéi virgesi statt. Dat suergt deels fir Kritik an Onverständnis. Ob et elo sënnvoll wier dem Beispill vun Däitschland oder Frankräich ze follegen, léist sech net soen. Et besteet awer nach ëmmer kee Grond iwwerdriwwen nervös ze ginn.

Wien déi grondsätzlech Virsiichtsmoossname behäerzegt: sech regelméisseg d‘Hänn wäschen, den Ament vum Hänndrécken an der Begréissungsbees ofgesäit, schützt sech. Wie bedenken oder Froen huet, kann sech iwwert den Telefon 8002 8080 (gratis Hotline) oder den Internetsite vum Gesondheetsministère informéieren. Vill méi geet den ament net.

An nach emol: de Covid19 ass liewensbedreelech fir Mënschen am héijen Alter oder déi wou scho Pathologien hunn, déi den Immunsystem schwächen. Dat heescht net, datt déi aner et am Fall vun enger Infektioun sollten einfach hunn, mee déi allermeeschten Infektiounsfäll konnte geheelt ginn. Dofir ass besonne bleiwen déi wierklech eenzeg gutt Entscheedung.

Illustratioun: © Sharon McCutcheon / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Epidemie, Longeninfektioun, Pandemie, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel