Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereedegung: D’Verfassungsgeriicht huet zwee nei Memberen
International Neiegkeeten

Vereedegung: D’Verfassungsgeriicht huet zwee nei Memberen

Am Kader vun der Zeremonie beim Justizministère huet d’Ministesch Sam

What the Fakt – De Saturn a seng Réng
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Saturn a seng Réng

Den technesche Fortschrëtt erlaabt et eis, d’Bild vun eiser Ëmwelt,

Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Äishockey: Beaufort Knights géint Tornado Lëtzebuerg

Gëschter Owend koum et op der Beeforter Äispist zum Revaliteits-Match

Coronavirus: Eng Situatiounsiwwersiicht

D‘Weltgesondheetsorganisatioun passt seng Risikobeuerteelung un – Och Nigeria elo betraff

Coronavirus: Eng Situatiounsiwwersiicht

Während d‘Meenunge vun de Leit diametral auserneeginn – dat geet vun „looss mech domat a Rou“ bis „Panik“ – schéngt et ëmmer méi schwiereg ze ginn, d‘Fakten ze vermëttelen. Einfach Léisungen, wéi dat an de sozialen Netzwierker verbreet gëtt, huet et zur Stonn keng an no China sollt sech och Europa op eng Zounam vun den Infektiounen astellen. Ass dann elo alles ze spéit?

An Europa sollt et trotzt der spronghafter Entwécklung an Italien, Däitschland a Frankräich kee Grond gi besuergt ze sinn. Seriéis bedreet sinn eeler a fragiliséiert Leit, fir all déi besteet keng direkt Liewensgefor, zumindest wann ee sech un d‘Uweisunge vun den zoustännegen Autoritéiten hält an wéi bei enger saisonaler Gripp, déi u sech selbstverständlech Hygiènesmesurë behäerzegt.

Wou si mir drun?

Zu Genève huet d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) ugesiichts der steigender Zuel vun neien Infektiounsfäll de Risk vun enger Pandemie vun „Héich“ op „Imminent“ opgewäert. Et ass een allerdéngs nach ëmmer zouversiichtlech, et mam SARS-CoV2 ophuelen ze kënnen an esou och eng Verbreedung vum Coronavirus andämmen ze kënnen. Mee dofir musse mir alleguerte matmaachen.

De WHO-Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus: „D‘Andämme fänkt mat all eenzelen un. An zesummen si mir staark. Eise gréisste Feind ass net de Virus, ons gréisst Feinde sinn d‘Angscht, d‘Rumeuren an d‘Stigmatiséierung. Wat mir brauchen si Fakten, Vernonft a Solidaritéit“. An hien huet domatter absolut Recht, mee dat ass et net wat d‘Leit héiere wëllen, si wëllen Erklärungen…

Italien: dat südeuropäescht Land ass dat am stäerkste betraffend Land an der Unioun. Nodeems hei eng Rei Fäll entdeckt goufen an méi „intensiv“ getest ginn ass, huet d‘Zuel vun den Infektiounsfäll spronghaft zougeholl. Bis gëschter goufe bis zu 700 Fäll bestätegt, 20 Persoune sinn dem Virus erleeën eng gutt Dosen ass nees „Gesond“. D‘Schutzmoossname gi bäibehalen an deels erweidert.

D‘Wirtschaft an Italien muss sech op Verloschter astellen. D‘Reservatioune vun den Touriste ginn an de Keller, d‘Annulatiounen heefen sech. Den Tourismussecteur dreet zum Stëllstand ze kommen, an dat betrëfft ganz Italien, net eleng déi am stäerkste betraffe Regiounen. Experte fäerten, datt sollt sech d‘Situatioun net rapid verbesseren, d‘Land wirtschaftlech eng Rezessioun erliewe kéint.

Däitschland: Hei huet sech d‘Zuel vun den Infektiounsfäll verduebelt a läit elo bei 60. Woubäi an dësen Zuelen och déi nees gesond Mënschen enthale sinn. A Baden-Württemberg huet et zéng nei Fäll ginn an säitens der agesate Krisenzell gëtt et Recommandatioune fir Groussveranstaltungen. Eng Dausend Persounen si bei sech doheem a Quarantaine gesat ginn, Betriber schécke Leit heem.

D‘Lufthansa huet annoncéiert datt et an de nächste Woche manner Flich gëtt, Administratiounen, Schoulen a Crèche bleiwe bis op weideres zou. Déi international Vakanzefoire (ITB) zu Berlin ass vun der Gesondheetssenatorin ofgesot ginn. „Panik“ an deem Sënn gëtt et keng, woubäi Facebook an Twitter en aneren Androck vermëttele wëllen. Mee och eis Noperen si ganz gutt virbereet.

Frankräich: Hei hat et 38 Infektiounsfäll ginn, 12 Mënsche gëllen als geheelt, 18 Fäll sinn nach „akut“ an et huet och Affer ginn. Am grousse Ganzen hu si d‘Epidemie awer am Grëff. Och bei eise frankophonen Nopere sinn eng Rei Groussveranstaltungen ofgesot ginn, dorënner déi renomméiert Kavalkad vun Nice. Méi Moossname kéinten entspriechend der Entwécklung geholl ginn

Iran: Informatiounen aus deem vun US-Sanktioune mam Réck géint d‘Mauer gestallte Land sinn net einfach ze iwwerpréiwen. Offiziellen Zuelen no awer wiere 34 Mënschen um Covid19 verstuerwen, d‘Zuel vun den Infektiounsfäll géif bei 388 leien. Hei dierft d‘Donkelziffer allerdéngs vill méi héich sinn. Teheran huet elo decidéiert d‘Schoulen am Land zouzemaachen…

Afrika: E Fall gouf hei aus Egypten gemellt, wat beonrouegend ass. Wiesentlech méi Suergen awer mécht der WHO d‘Feststellung vun engem Infektiounsfall an Nigeria. Et ass dat éischt Land südlech der Sahara dat betraff ass. Laut den Autoritéiten handelt sech heibäi ëm en Italiener deen am Land schafft an aus Mailand an d‘Wirtschaftsmetropol Lagos zréckgeflu war.

Hei gëtt et erhieflech méi Grënn déi engem Angscht virun enger onkontrolléierter Verbreedung maache sollten. Zum enge sinn do d‘Hygiènesmesure „anescht“ an zum anere kann ee generell behaapten, datt et esou eppes wéi ee Gesondheetssystem net gëtt, ausser et gehéiert een zu deene „Räichen“. Dobäi ass Nigeria eent vun de fortschrëttlechste Länner um afrikanesche Kontinent.

Korea: Während aus Nordkorea net een eenzegen Infektiounsfall gemellt gëtt, bestätegen déi zoustänneg Autoritéiten a Südkorea 2.337 Infektiounsfäll. Gëschter goufe 571 nei Infektioune bestätegt. Iwwert d‘Hallschent vun den Infektioune betreffen d‘Member vun der reliéiser Sekt „Shincheonji Church of Jesus“. D‘Regierung wëll elo déi 20.000 Memberen „iwwerpréiwen“.

China: Hei, wou alles an der Provënz Hubei, méi prezis an der Milliounemetropol Wuhan, ugefaangen huet, schéngt sech d‘Lag ze berouegen. D‘Zuel vun den Nei-Infektiounen ass staark réckleefeg, wat allgemeng begréisst gëtt. Op dat eleng de strenge Quarantaine-Moossnamen zouzeschreiwen ass, léisst sech net beweisen. Dat erkläert och firwat Peking weider dru festhält…

Lëtzebuerg: Bei eis am Land ass d‘Situatioun zur Stonn onverännert „friddlech“ déi puer Fäll déi „verdächteg“ sinn, gi gutt begleet. De Gesondheetsministère huet eng interministeriell Krisenzell agesat. Leit déi fäerten sech méiglecherweis ugestach ze hunn oder aus enger „Kriseregioun“ kommen, sollen sech bei der Sanitärinspektioun mellen a w.e.g. net am CHL uruffen oder bei den Hausdokter goen.

mat indymedia/gva

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Epidemie, Infektiounskrankheet, Pandemie, SARS-CoV2
Nächsten Artikel Virrechten Artikel