Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten
International Neiegkeeten

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten

Hie konnt den Houfert um Freideg net verstoppen, eisen Inneminister

De Christophe Hansen gesäit den nationale Klimaplang mat Skepsis
International Neiegkeeten

De Christophe Hansen gesäit den nationale Klimaplang mat Skepsis

D’Lëtzebuerger Regierung huet den nationalen Energie- a Klimaplang presentéiert. Nodeems

CATS – Op véier Patten duerch den Owend!
International Neiegkeeten

CATS – Op véier Patten duerch den Owend!

Gëschter Owend ass déi éischt Show vum Musical Cats an

Coronavirus: Quarantaine fir Spuenien

Coronavirus: Quarantaine fir Spuenien

Fir der, duerch de Coronavirus ausgeléiste, Kris eppes entgéint ze stellen, huet déi spuenesch Regierung elo den Noutstand ausgeruff. D‘Leit dierfen hir Haiser nach just verloosse fir op d‘Schaff ze goen oder liewenswichteg Akeef ze tätegen. D‘Mesure gëllt fir mindestens 14 Deeg.

Um Samschdegowend huet de Ministerpresident Pedro Sanchez den Alarmzoustand fir dat ganz Land ausgeruff an eng Ausgangsspär verhaangen. Déi eenzel Mesuren huet de Regierungschef erläutert. Déi sécherlech wichtegst an zuweile bedreelechst: et dierf een d‘Haus nëmmen nach an „Ausnamefäll“ verloossen. Esou fir anzekafen, bei den Dokter oder an d‘Apdikt ze goen.

Natierlech ass et weiderhin erlaabt op d‘Aarbecht ze goen (besonnesch wann déi Systemrelevant ass). Spadséiere goen oder Frënn besiche wier domadder ënnersot. Am Géigesaz zu deene meeschten anere Länner, erlaben déi spuenesch Autoritéiten de Besuch vun eeleren, kierperlech geschwächten an/oder behënnerte Mënschen. Et sollt een dobäi ganz besonnesch virsiichteg sinn.

D‘Police ass ugewise ginn, dës Moossnamen am A ze behalen. Si dierf dann och Mënschen a Gefierer unhalen, fir sech ze vergewësseren, datt all déi gefuerdert Mesuren och agehale ginn.

CoronavirusSpuenien huet an de leschten Deeg eng reegelrecht Infektiounsexplosioun misse verkraaften. Laut den offiziellen Zuele vum Samschdeg, gëtt et Spuenien iwwer 6.000 Infektiounsfäll a ronn 190 Mënschen hunn de Covid19 net iwwerstanen. Wéi et heescht, soll sech och d‘Fra vum Pedro Sanchez infizéiert hunn. Bis ewell reagéieren d‘Bierger majoritär ganz besonnen.

CoronavirusZu Madrid ware gëschter Owend dausende Spuenier op d‘Fënsteren an d‘Balcone gaangen, fir den Dokteren, Infirmieren, Aide-soignanten, Fleegkräften a Rettungsdéngschter; minuttelaang mat engem massiven Applaus „Merci“ ze soen. Eng Solidaritéit déi net vu Muttwëll ass. Grad dat medezinesch Personal schafft ënner ganz schwierege Konditiounen. No Italien ass Spuenien dat an Europa am stäerkste vun der Kris betraffend Land…

mat indymedia/mad

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Epidemie, Grenzschléissung, Longeninfektioun, Pandemie, Pedro Sanchez, SARS-CoV2, Spuenien, Stëllstand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel