Search

You may also like

What the Fakt – D’Geschicht vum Rock am Ring!
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Geschicht vum Rock am Ring!

Haut ass den Optakt vun der 32. Editioun vum Rock

OGBL: Onbaarmhäerzeg mam Patronat an der Regierung
Neiegkeeten

OGBL: Onbaarmhäerzeg mam Patronat an der Regierung

Et war geselleg um grousse Gewerkschaftsmeeting zu Péiteng, wou den

Fake News am Viséier
Neiegkeeten

Fake News am Viséier

D’Regierung hëlt sech de Fake News un. Sou schéngt et

De Coronavirus stellt d‘Aarbechtsrecht a Fro

De Coronavirus stellt d‘Aarbechtsrecht a Fro

Well d‘Infektiounszuelen nees klammen, an d‘Regierung decidéiert schéngt am Kampf géint de Coronavirus d‘Waffen net néierzeleeën, gëtt aktiv un neie Mesure geschafft. Net all schénge bei jidderengem op Géigeléift ze stoussen – esou am Enseignement – a vill sinn éischter Plooschteren.

Elo ass d‘Situatioun awer batter eescht, an et brauch ee just ee Bléck iwwert d‘Grenzen ze werfen, fir ouni grouss Erklärung ze verstoe wéi eescht et ass. Dee wichtegste Pilier am Kampf géint de Covid19 ass a bleift de Gesondheetssystem. Déi éischt Prioritéit muss dann och heeschen: dëse Secteur net ze iwwerfuerderen. Dat ass bekanntlech méi liicht gesot wéi am Alldag ëmzesetzen.

Mee et gëtt net genuch Personal an eisem Gesondheetssystem, firwat elo déi wou do sinn, eppes méi laang Schaffe sollen. Si sinn awer net déi eenzeg, déi hiren Aarbechtsdag verlängert kréien. Esou huet den Aarbechtsminister d‘Chamber saiséiert, fir déi maximal Aarbechtszäit an deenen „essentielle Secteure“ per Gesetz eppes unzehiewen. D‘Gewerkschafte sinn net amuséiert.

An der Gesetzespropositioun vum Dan Kersch (LSAP) soll – an dat betrëfft zur Stonn an éischter Linn de Fleegesecteur – d‘Aarbechtszäit op 12 Stonnen/Dag (maximal 60 Stonnen an der Woch) ugehuewe ginn. Dozou gehéieren och d‘Salariéeë vun de Laboratoiren. Iwwerraschend ass dës Moossnam allerdéngs net, si gouf scho wärend dem Etat de Kris ugewannt, an huet gewierkt.

Et wier, esou zumindest d‘Argument vum Aarbechtsminister, dat eng preventiv Moossnam, mat där soll séchergestallt ginn, datt de Fonctionnement vun de Spideeler an de Laboratoire assuréiert ass. A well de Covid19 och virun dëse Mënschen net Halt mécht, mussen déi wou nach kënnen, de Manko ausgläichen. Mee et gëtt verséchert, datt de Minister dës Derogatiounen net einfach esou vergëtt.

Wann ee sech dierf umoossen ze ënnerstellen, datt grad den Dan Kersch sech esou eng Decisioun net liicht mécht, esou sinn et alt nees déiselwecht, déi d‘Pan klake mussen. Mat Applaus eleng ass déi nei Erausfuerderung fir déi betraffe Lounofhängeg awer net gutt ze maachen. Elo wier et ubruecht dat mat der Revalorisatioun vun de Gesondheetsberuffer, eescht ze mengen an unzegoen.

Illustratioun: Statt 8 Stonnen dierfen d‘Salariéeën aus de Gesondheetsberuffer elo 12 Stonnen de Kapp duerhalen. Wiem dat net gefält, deem sief gesot, datt d‘Anhale vun de bekannte Mesuren an de Verzicht op iwwerméissege Kontakt mat „Aneren“ derzou bäidroe kann, datt et net muss zur Uwennung kommen. © Barnabas Hertelendy / unsplash

Related topics Aarbechtsministère, Aarbechtsrecht, Chamber, Coronavirus, Covid19-Pandemie, Dan Kersch, Gesetz
Next post Previous post