Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwert d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg fléisst nees Waasser
5.1 surround hookup costs of dating websites

womens funny dating profile examples

De Projet, d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg nees ze rehabilitéieren, war

https://moien.lu/pb-dating/
5.1 surround hookup costs of dating websites

Temperaturrekord zu Lëtzebuerg mat 40,8 °C

Gëschter ass zu Steesel een neien offizielle Rekord vun der

déi gréng: Global denken, lokal agéieren
5.1 surround hookup costs of dating websites

déi gréng: Global denken, lokal agéieren

Déi Déifferdenger Gemeng hat dëse Samschdeg d’Éier de Landeskongress 2017

Coronavirus: Thailand huet sech eppes afale gelooss

An enger Usproch op der Tëlee, huet de Premierminister annoncéiert, datt ab Muer Donneschdeg den „Nationalen Noutstand“ gëllt

Coronavirus: Thailand huet sech eppes afale gelooss

Zanter ee puer Deeg klammen d‘Infektiounszuelen an d‘Regierung zu Bangkok verschäerft seng Moossnamen: Touriste musse fir zwou Wochen a Quarantaine, an sech eng „Kontroll-App“ op den Handy lueden

CoronavirusDatt et iwwerhaapt nach Leit gëtt, déi sech vum Coronavirus Covid19 net vu „Vakanz-maachen“ ophale loossen, klengt onverständlech, ass awer esou. Trotz allem sinn och d‘Aktivitéiten op de Fluchhäfe vun Thailand staark reduzéiert. Wien zanter Februar an d‘Land areese wëll, muss e Formulaire ausfëllen a sech d‘App „AOT Airports App“ op den Handy lueden. An dat ass net alles.

Huet den Tourist dat gemaach, mussen an dëser App Informatiounen zu de Flich an den oder déi lescht Openthaltsuert(er) agedroe ginn. Säit leschtem Samschdeg, dem 21. Mäerz mussen Touristen e Gesondheetszertifikat an eng Krankekeess-Couverture vu mindestens 100.000 US-Dollar virleeën, iert et dann heescht sech selwer emol fir 14 Deeg a Quarantaine ze setzen. Et ass ee beschäftegt…

CoronavirusHuet een d‘Arees iwwerstanen, muss een dann an der App all esou eppes wéi ee Gesondheetscheck ausfëllen. Et geet ëm Symptomer déi een huet oder och net. Dat muss eemol den Dag gemaach ginn an d‘Autoritéite – dat huet den Tourist bei senger Arees esou verfüügt – kënnen och den aktuelle Standuert ofruffen. Wien also net „muss“, sollt sech dat mat der Vakanz an Thailand iwwerleeën.

An et gëtt nach eng Applikatioun, déi gäre vun der Regierung genotzt gëtt, an déi ass vun der Start-up „Articulus“ entwéckelt ginn. De CEO Kongphan Chamrat erkläert dozou, datt hir Applikatioun „Sydekick for ThaifightCOVID“ eigentlech eng App ass, mat där Elteren hir Kanner lokaliséiere kënnen. Elo soll d‘Regierung den Openthaltsuert vun den Touriste „lokaliséiere“ dierfen.

Keng Bedenken

De Kongphan Chamrat stellt awer kloer, datt mat dëser App keen Tourist kann ausspionéiert ginn. Et ass villméi esou, datt d‘Persoun op d‘Ufro reagéiere muss. Mécht een dat net, da schécken déi zoustänneg Autoritéiten e laanscht fir ze kucken, op ee sech do ophält wou ee soll. De CEO vun Articulus weist Bedenken zu Dateschutz zréck, zumindest am Bezuch op déi agesaten Applikatioun.

CoronavirusHie stellt fest, datt d‘Regierung jo och nach d‘Méiglechkeet huet, d‘Leit iwwert d‘Operateuren ze iwwerwaachen. Et sinn dat dann och net déi eenzeg Moossnamen, déi d‘Regierung ergraff huet, fir der Pandemie ze begéinen. Schoulen an Universitéite sinn zou, säit e Sonndeg och d‘Geschäfter an all d‘Veranstaltungen si bis mindestens den 12. Abrëll ofgesot ginn. Fir Articulus eng Opportunitéit.

„Elo wou esouvill Leit vun doheem aus schaffen, ass de Besoin un technologesche Léisungen enorm. Och eLearning an Online-Léisungen am medezinesche Beräich gi gebraucht“, esou de Kongphan Chamrat, de feststellt, datt dës sanitär Kris och Chance verbiergt. Esou géifen d‘Leit mierken, datt et méi effizient an och méi bëlleg ass, vun doheem aus ze schaffen.

mat The Irrawaddy

Foto: Thailand muss séier eppes géint d‘Verbreedung vum Coronavirus Covid19 ënnerhuelen. Et gëtt gefaart, datt et zu enger Situatioun ähnlech wéi Italien komme kéint. © Thai News Blog (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Applikatioun, Bangkok, Coronavirus, Covid19, Noutstand, Pandemie, Thailand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel