Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Minister Claude Meisch brécht säi Wuert!
Neiegkeeten

De Minister Claude Meisch brécht säi Wuert!

No den Notes vum MENJE zur « Envergure de la

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt
Neiegkeeten

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt

Zu Lëtzebuerg kann een 2017 als Joer vum Vëlo bezeechnen.

Regierung éiert d‘Zwangsrekrutéiert zu Tambov
Neiegkeeten

Regierung éiert d‘Zwangsrekrutéiert zu Tambov

No hirem Openthalt zu Moskau, wou de Xavier Bettel an

Weider Upassungen am ëffentlechen Transport

Weider Upassungen am ëffentlechen Transport

Déi aktuell Ausbreedung vum neiaartege Coronavirus Covid-19 zwéngt den ëffentlechen Transport zu weideren Upassungen. Hei fannt Dir all Ännerungen.

CFL

  • Zukünfteg Chantieren si bis op Weideres annuléiert
  • Um Week-End vum 28. an 29. Mäerz 2020 zirkuléieren d’Zich zu den aktuellen Zäite vu Samschdes a Sonndes. D’Ënnerstëtzung duerch Busser ass net noutwenneg.
  • Vum 4. bis den 19. Abrëll (Ouschtervakanz) fueren d’Zuchlinnen 10 an 30 zu den ugeschriwwenen Zäiten
  • Wärend der Pandemie ginn d’Servicer fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit agestallt. Bei Besoin solle si vun der Offer vun Adapto profitéieren. Weider Informatioune ginn et ënnert www.adapto.lu.

D’Fuerzäiten vun de verschiddenen Zuch-Linnen bleiwe bis den 19. Abrëll 2020 inclus gläich. Bei Ännerunge gëtt de Client esou schnell et geet informéiert.

Hei nach emol d’Pläng säit e Méindeg, den 23 Mäerz 2020:

  • Linn 10
    • Lëtzebuerg – Ëlwen/Gouvy (RE/IC) mat Halt Giewelsmillen a Méchela: Een Zuch pro Stonn a pro Richtung
    • Lëtzebuerg – Dikrech (RB): Een Zuch pro Stonn a pro Richtung
    • Wolz – Kautebach mat Korrespondenz mam Zuch vun/a Richtung Ëlwen: Een CFL-Bus pro Stonn a pro Richtung
  • Linn 30
    • Lëtzebuerg – Tréier (RE): Een Zuch pro Stonn a pro Richtung zu Stousszäiten, soss een Zuch all 2 Stonnen
    • Lëtzebuerg – Waasserbëlleg (RB): Een Zuch pro Stonn a pro Richtung
  • Linn 50
    • Lëtzebuerg – Arel (IC): Een Zuch pro Stonn a pro Richtung
    • Lëtzebuerg – Arel (RB): Een Zuch pro Stonn a pro Richtung
  • Linn 60
    • Lëtzebuerg – Péiteng (RB): Een Zuch pro Stonn a pro Richtung
    • Beetebuerg – Wuelmereng: Normalen Trafic
    • Esch-Uelzecht – Audun-le-Tiche: Normalen Trafic
    • Näerzeng – Rëmeleng: Keen Trafic. D’Clienten sollen op regional Busser zeréckgräifen
  • Linn 70
    • Lëtzebuerg – Attem (RB): Een Zuch pro Stonn a pro Richtung
    • Lëtzebuerg – Lonkech: Normalen Trafic Moies an Owes. Wärend dem Dag fuere keng Zich.
  • Linn 90
    • Den TER-Programm ännert vun Dag zu Dag
    • Den TGV fiert net méi

Weider Informatioune fannt Dir ënnert www.cfl.lu, an der CFL-App oder beim Call Center vun der CFL (Tel. 2489-2489)

Bus

  • D’Navette „Luxembourg Saarbrücken Express“ fiert zu reduzéierten Zäiten. Fir genee Detailer sollt Dir och hei op www.cfl.lu oder d’CFL-App zeréckgräifen.
  • D’Navette „Gare Lorraine Express“ fiert net méi

TGV

  • Zënter dem 20. Mäerz 2020 fiert keen TGV méi a Richtung Paräis oder an de Süde vu Frankräich. Sollt Dir hei am viraus ee Billjet kaaft hunn sollt Dir Iech fir de Remboursement un d’Entreprise riichten, déi Iech den Ticket verkaft huet. Bei Froe kënnt Dir och hei de Call Center vun der CFL kontaktéieren.
Ähnlech Sujeten Bus, CFL, Coronavirus, Covid-19, Ëffentlechen Transport, TGV
Nächsten Artikel Virrechten Artikel