Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Géint d‘Diskriminatioun: déi „reklasséiert“ Aarbechter erhiewen d‘Stëmm
International Neiegkeeten

Géint d‘Diskriminatioun: déi „reklasséiert“ Aarbechter erhiewen d‘Stëmm

No méintelaangen Diskussiounen zur Reform vum „Reklassement“ an no villen

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet
International Neiegkeeten

Editorial: Firwat et einfach maachen, wann et och komplizéiert geet

Datt eis Deputéiert en Dënschdeg um Krautmaart de Gesetzprojet zum

Bolivianesch Oppositiounspolitikerin erkläert sech zur Interimspresidentin
International Neiegkeeten

Bolivianesch Oppositiounspolitikerin erkläert sech zur Interimspresidentin

Nom Récktrëtt an der Flucht vum fréiere President Evo Morales,

USA: Den Donald Trump ass elo Krichspresident

De Coronavirus Covis19 klaut dem US-President am Wahlkampf déi wichtegst Argumenter

USA: Den Donald Trump ass elo Krichspresident

Wat vum Donald Trump senger „Strategie“ am Kampf géint, déi duerch de Coronavirus Covid19 ausgeléiste sanitär Kris ze halen ass, datt hunn „the juice media“ mat engem kuerze Video-Clip op androcksvoll Aart a Weis duergestallt. An och hien huet elo matkritt, datt seng Atouten: de Boom op der Bourse, d‘Aarbechtsplazen an d‘Konjunktur, an dëser Campagne keng Roll wéi wäerte spillen.

CoronavirusAn de gréissten Diplomat aller Zäiten huet sech dann elo och eng nei Roll zougeschriwwen: hien ass elo Krichspresident. Seng martialesch Rhetorik a Selbstluef huet hie sech erhalen, mee ob hien och Amstand ass wéi ee „Krichspresident“ ze handelen, dat dierf bezweiwelt ginn. Gutt hien huet beim Ausbroch vun der Kris den „Defense Production Act“ (DPA) aus dem Joer 1950 reaktivéiert.

Um Méindeg huet hien dëst Noutstandsgesetz dann och eng éischte Kéier agesat. Ënnert dësem Gesetz huet hien en Dekret géint Hamsterkeef ënnerzeechent, firwat elo d‘Lagere vu Medikamenter ënner Strof steet. Domadder solle Wucherpräisser fir Desinfektiounsmëttel, Gesiichtsmasken a soss liewenswichteg Gidder, verhënnert ginn. E Schratt deen awer net jidderengem wäit genuch geet.

CoronavirusEsou hunn d‘Gouverneure vu 50 US-Bundesstaaten gefuerdert, dëst Gesetz besser a verstäerkt unzewennen. Esou ass am DPA virgesinn, datt d‘Regierung d‘Industrie dozou unhale kann, „Krichsentscheedend“ Gidder hierzestellen. An am Krich géint de Covid19 brauch et elo dréngend Beotmungsapparater. Net een eenzegen US-Bundesstaat huet eng vernënfteg Unzuel dovunner…

Esou beklot sech de Gouverneur vum Illinois, Jay Pritzker: „Mir brauche Beotmungsapparater a Masken, an déi kréie mir net aus Washington. Mir mussen eis elo géigesäiteg um fräie Maart iwwerbidden“. Dat ass richteg, mee et entsprécht voll a ganz dem amerikanesche Wonsch no der integraler Liberaliséierung. D‘Reegele vum Kapitalismus sollten him jo awer geleefeg sinn.

Net mam Fanger op déi „aner“ weisen

Elo wou dann d‘Gouverneure matkritt hunn, datt net si de Goss an d‘Täsch stiechen, fuerderen si vu Donald Trump och als Krichspresident ze handelen. Den New Yorker Gouverneur, Andrew Cuomo, verlaangt elo vun deem Mann, dee ganz rezent behaapt huet vun Ufank gewosst ze hunn, et géif sech ëm eng Pandemie handelen, d‘Ermächtegungsgesetz géinteniwwer der Industrie unzewennen.

Coronavirus

Esou gesinn d‘Stroossen (24. Mäerz, 23 Auer Lokalzäit) zu New York aus. Dat ass schonn eenzegaarteg fir de „Big Apple“… déi Metropol vun der behaapt gëtt, datt si ni schléift… © Emanuele Ancorini (via Twitter)

Mee dat ass komplizéiert. Geet de Milliardär op d‘Fuerderung vun de Gouverneuren, riskéiert hien sech mat deene Leit an d‘Hoer ze kréien, déi seng Campagne a virun allem seng politesch Carrière finanzéieren. Et huet, esou gëtt et hanner virgehalener Hand erzielt, scho vill Iwwerzeegung vun de Beroder gebraucht, fir dem Trump kloer ze maachen, de Covid19 net méi „China-Virus“ ze nennen.

Et ass dann och erwisen, dat dem rassistesche President seng „Label-Ressentimenter“ géintiwwer US-Bierger mat asiateschem Migratiounshannergrond, seng Wierkung net verpasst huet. Asiaten hunn sech net nëmme missen déi schlëmmste Beleidegungen unhéieren, deels sinn se ganz gezillt op oppener Strooss ugegraff ginn. No de Südamerikaner, sinn och si elo net méi „erwënscht“.

CoronavirusMee de Locataire aus dem Wäissen Haus ass esou ofgebréit an zuweilen och kreativ, do war eng nei „Bezeechnung“ séier fonnt. Aus dem amerikanesche „China-Virus“ gëtt elo déi „onsiichtbar Plo“ (the invisible scourge). Mee Rhetorik hëlleft hei net weider. D‘Zuel vun den Infektiounsfäll steigt enorm, an et gëtt mëttlerweil zouverlässeg Quellen, déi vu bis zu 2 Milliounen Affer ausginn.

Kann den Trump eng Rezessioun verhënneren?

Wann een esou mächtege Mann, deen eenzeg säi Mandat verlängert wëll gesinn, um Rudder vum Schëff ass, steet eng geféierlech Croisière un. Esou geséich hien et gären, datt d‘US-Wirtschaft schonn zu Ouschteren nees uleeft. Sengem Haussender Fox-News huet hien erkläert, datt sengem Verständnis no, d‘Geschäfter am Land zu Ouschteren nees kéinten hir Dieren opmaachen.

CoronavirusElo fält Ouschteren dëst Joer op en 12. Abrëll, dat wier also an eppes kléngs méi wéi zwou Wochen. Säin Argument: déi wirtschaftlech Folge vun engem landeswäiten ëffentleche Stëllstand kéinten ee Land zerstéieren, firwat déi vun de Wëssenschaftler a Medeziner prekoniséiert „Behandlung“ vill méi schlëmm wéi den eigentleche Problem wieren. A seng Vergläicher si gewinnt erschreckend.

Wann, esou säin aktuelle Standpunkt d‘Wirtschaft net bannent dëser Zäit nees uspréngt, wäerten nach vill méi Leit stierwen. Hien huet – wéi dat och vill vun eise Lieser an de sozialen Netzwierker bemierkt hunn, wéi mir am Januar op eng méiglech Kris higewisen haten – ënnerstrach, datt all Joer Dausende Mënschen un der Gripp oder duerch Accidenter am Verkéier géife stierwen, an keen op d‘Iddi géif kommen dowéinst de wirtschaftleche Stëllstand ze fuerderen. Och dat ass Kapitalismus.

An elo stellt sech den Amerikaner eigentlech nach just eng Fro: „Sinn Aarbechtsplaze méi wichteg wéi een an der Zäit begrenzte strenge Schutz géint de Coronavirus?“. Nach klengt alles, gemooss un der gréisst vum Land an den zur Verfügung stoenden Zuelen, net dramatesch. D‘John-Hopkins Uni mellt eng 50.000 Infektiounsfäll a ronn 600 Affer. Dat ass entschidden Optimistesch…

CoronavirusEsouguer d‘Weltgesondheetsorganisatioun, schléisst net méi aus, datt d‘USA zum neien Epizenter vun der Pandemie kéinte ginn. Deem hält de Chef vu Gesondheetsinspektioun Jerome Adams entgéint, datt een um Enn vun dëser Period mat sozialer Zeréckhaltung d‘Lag bewäerte wëll an den US-President eng ugemoossen Entscheedung op der Grondlag vun den Donnéeën treffe wäert…

mat indymedia/was/nyc/chi

Foto: © AJ+

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Donald Trump, Pandemie, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel