Search

You may also like

Palestina an Israel nees op Konfrontatiounskurs
International Neiegkeeten Stories

Palestina an Israel nees op Konfrontatiounskurs

Dem Mahmoud Abbas, President vu Palestina, geet de Beholl an

Däitschland ’89: Duerch e Mëssverständnes zum Mauerfall
International Neiegkeeten Stories

Däitschland ’89: Duerch e Mëssverständnes zum Mauerfall

D’Berliner Mauer gëllt als historescht Monument, representéiert gläichzäiteg awer och

Zivil Loftfaart braucht bis 2036 iwwer 600.000 Piloten
International Neiegkeeten Stories

Zivil Loftfaart braucht bis 2036 iwwer 600.000 Piloten

De Wuesstem an der Loftfaart verlaangt bis 2036 de Rekrutement

Vollmuecht fir de Viktor Orban (mat Analys)

Amerika huet ee Krichspresident, d‘Ungarn gënnen sech en Diktator

Vollmuecht fir de Viktor Orban (mat Analys)

Hien a seng neofaschistesch Fidesz gehéiert an der Unioun zu selwechter Famill wéi d‘CSV an déi meeschte Membere vun der EU-Kommissioun. Scho fir de Jean-Claude Juncker war et net einfach, mee d‘EPP (Europäesch Vollekspartei) wollt net op der Fidesz hir Mandater verzichten, déi waren néideg fir sech un der Muecht ze halen. Dat wa net gescheit…

Dem Viktor Orban, deem ze Zäit senges Liewes weder ëm Mënscherechter, Pressefräiheet, jo net emol ëm d‘Demokratie gaangen ass, muss d‘Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, muss dem ungaresche Ministerpresident wéi ee Geschenk vum Himmel gesinn hunn. Och hien huet, wéi vill EU-Länner, stramm Mesure geholl a hat vum Parlament Noutstandsgesetzer gefuerdert.

OrbanAn déi sinn e Méindeg wéi erwaart ugeholl ginn, firwat de Viktor Orban elo onbegrenzt per Dekret regéiere kann a faktesch aus Ungarn eng Diktatur gemaach gouf. Bréissel hat Ungarn am Virfeld ermahnt „Mooss ze halen“, gëschter nom Beschloss huet Bréissel Ungarn ermahnt vun net iwwerdriwwene Moossnamen ofzegesinn. Woubäi, eigentlech ass Ungarn net direkt genannt ginn.

Zitat Ursula von der Leyen: „All d‘Noutstandsmossname mussen op dat wat néideg ass, begrenzt a streng verhältnesméisseg sinn, Si dierfen net onbegrenzt daueren“. An du gouf annoncéiert, datt elo d‘EU-Kommissioun d‘Noutstandsgesetzer bannent der Unioun „iwwerpréiwe“ wëll. De Kolléisch vun den EU-Kommissäre soll schonn um haitege Mëttwoch zu Bréissel doriwwer beroden…

Instrumentaliséierung vun der Kris

Elo wou de Viktor Orban mat ëmfaassende Vollmuechten ausstafféiert ass an dat gestëmmten Noutstandsgesetz him op onbegrenzten Zäit zougesteet per Dekret ze regéieren, kann hien dem Vollek seng Uerder „diktéieren“. An et sollt ee eng Zweiwel dorunner hunn, datt den ungaresche Ministerpresident dës Kris fir seng Ziler wäert instrumentaliséieren. Dat ass net opzehalen…

Orban

Zu de Bestëmmungen déi scho „rechtskräfteg“ sinn: während dem Noutstand dierfe weder Walen, nach Referende stattfannen. Et gëtt konsequent Strofe fir Verstéiss géint d‘Bestëmmunge vun der Quarantaine. Wie falsch Noriichte verbreet setzt sech der ganzer Häert vun der Justiz aus. Woubäi eigentlech eng „kritesch“ Berichterstattung gemengt ass. Et wäerte Journalisten am Prisong landen.

An déi hu kaum Hëllef vu Bréissel ze erwaarde. Zwar huet d‘Ursula von der Leyen gemengt, datt et grad elo wichteg wier sécherzestellen, datt Journalisten an Lag sinn hire Job „fräi a prezis“ kënnen ausüben. Woubäi et natierlech ëmmer richteg a wichteg ass, „fake News“ ze bekämpfen. An awer kann et keng Demokratie ouni fräi Medie ginn. „Fräi Medien“ gi vu der Fidesz net gäre gesinn…

Onbegrenzte Gier no Muecht

Datt dem Viktor Orban seng Fidesz awer elo zimlech maache ka wat si, a virun allem de Viktor Orban wëll, ass awer och den Ungare selwer zouzeschreiwen. Si hunn de Faschiste bei de Walen 2018, mat hirer Stëmm eng Zweedrëttelmajoritéit am Parlament erméiglecht, an esou eng zweete Kéier däitlech gemaach, wéi eng politesch Gesënnung an Ideologie hinnen am beschte „gefält“.

Orban

Interessant dann awer de Statement vum Staatssekretär Bence Retvari, deen d‘Kritik vun der Oppositioun an d‘Gejéimers vu Bréissel net méi erdroe kann. Hie behaapt sech drop datt dës Vollmuecht esouwuel an der Zäit wéi och am Ëmfang begrenzt ass. „Si steet ausschliisslech an Zesummenhang mam Coronavirus, an dir jäizt ‚Diktatur‘“. Firwat steet et dann net am Gesetz?

Esou wéi d‘Gesetz opgestallt ass, steet fest, datt de Viktor Orban op onbestëmmten Zäit no de Reegele vum Noutstandsgesetz regéiere kann. Hie kann nei Gesetzer maachen an al Gesetzer ignoréieren. Hie ka Wahle verzögeren, de Medien de Maulkuerf nach eppes weider méi enk uleeën a virun allem sech vu Géigner, déi him kéinte geféierlech ginn, ganz einfach entleedegen.

Dat alles kléngt net gutt

Wann et richteg ass, datt dëst Noutstandsgesetz just fir d‘Dauer vun der „Kris“ geduecht ass, esou ass et awer de Viktor Orban dee ganz eleng entscheet, wéini se dann eriwwer ass. An esou bereet engem dëst Noutstandsgesetz eppes Suergen. Et gëtt allerdéngs eng gutt Noriicht, déi een hei net sollt verheemlechen: „Bis ewell huet de Faschist keng Muecht mëssbraucht!“.

Orban

Hien huet wéi vill aner Länner alles zougemaach wat net zwéngend gebraucht gëtt, wat weder vun der Oppositioun nach vum Vollek a Fro gestallt gëtt. Dat ass awer wierklech dat eenzegt, wat een ka begréissen, an dofir huet et keng onbegrenzt Vollmuechte gebraucht. Et ass dann och net den éischte Virstouss deen dem ultranationalisteschen EU-Kritiker ënnerkënnt, dat hate mir schonn 2015…

Deemools hat de Viktor Orban den Noutstand ausgeruff, well esouvill Flüchtlingen an Ungarn ukomm waren. Kaum e Flüchtling wollt do bleiwen an haut kënnt nach kaum een. Dat huet mat der offenkundeger Gewalt ze dinn, déi d‘Polizisten an d‘Grenzschützer géint d‘Flüchtlingen uwennen, wéi et och dem Fait geschëlt ass, datt déi ungaresch Grenzen hermetesch ofgerigelt sinn.

Wou sinn d‘Knackpunkten?

Zum enge sinn do dem Orban seng „onsiichtbar“ Géigner. Déi allermeeschte Medie gi vun der Regierung schaarf kontrolléiert, wat eng objektiv Berichterstattung onméiglech mécht. Kann elo d‘Regierung och nach d‘Oppositioun ausschalten, da kritt d‘Ëffentlechkeet guer net méi mat, wat déi Mënschen esou denken, déi elo net mat der nationalistescher Strategie averstane sinn.

Orban

E wierklech „Problem“ bedeit de Fait, datt et d‘Regierung ass, déi elo entscheeden dierf, wat eng „Falschmeldung“ ass oder och net. Et ass eng indirekt Zensur, an onbeléifte Journaliste riskéiere ganz séier am Prisong ze landen. An déi sinn all der Regierung bekannt, do gëtt et tatsächlech esou eppes wéi „Lëschten“. Ee Fakt deen de Viktor Orban säit 2018 net emol méi dementéiert…

An déi Medien, déi sech dem Diktat vum Faschist ënnerworf hunn, droen dank Zensur derzou bäi, datt d‘Mënschen nach méi schlecht op dës sanitär Kris virbereet sinn. Hat et nach um 6. Mäerz geheescht, datt et guer keng Epidemie géif ginn, an alles vun de „béise“ Medie géif héichgespillt ginn, esou, huet den „Idiot“ no éischten Doudeger dann awer um 11. Mäerz de Noutstand verkënnt.

Apropos „fake News“

Wa mir also festhalen, datt jiddereen, dee Falschmeldunge verbreet vun enger Prisongsstrof sollt ausgoen, esou kann dat natierlech net fir regierungstrei a regierungsno Medien ugewannt ginn. An déi nationalistesch (deels och zolidd faschistesch ausgeriichte) Press huet dann elo och behaapt, datt déi ganz Kris vum Iran erbäigefouert gouf. Iranesch Studenten hätten de Covid19 ageschleeft.

Orban

Schold sinn also d‘Auslänner, woubäi de Choix „iranesch Studenten“ net ganz zoufälleg gewielt ginn ass. Den ungaresche Ministerpresident, erwisenermoossen ee „Groupie“ vum gréissten a beschten US-President aller Zäiten, weess woumadder ee senge Frënn ka gefälleg sinn. Woubäi d‘Ungarn generell eng schlecht Meenung vum Islam als Relioun an de Moslemen hunn.

Fakt ass, datt ee jonke Student (aus Ungarn) Symptomer hat, sech du wollt teste loossen, wat awer net zougelooss gouf. De Papp vum Student war dann de éischten offiziellen Infektiounsfall an Ungarn. An dëser Beispiller vu Volksverhetzung gëtt et masseg, d‘Vollek huet esou ee Ventil an d‘Regierung ka sech „technesch gesinn“ vun alle Verfeelunge fräi spriechen. Alles easy…

E puer Fakten?

Ungarn, wéi eng Rei aner Länner och, huet de Gesondheetssystem esou ausgehielegt, datt ee bei der Regierung gutt berode gewiescht wier, sech de Fall vun Italien a Spuenien eppes zu Gemitt ze féieren. Dat gouf net gemaach, an et ass erwisen – mee dat dierfen ungaresch Medien esou op kee Fall beriichten – datt et an Ungarn weder genuch Schutzausrëschtung, Tester oder Personal huet.

OrbanInteressant ass awer och d‘Feststellung datt et bannent der Fidesz „Bedenke“ gëtt. Déi hunn elo net wierklech Stress domadder datt Ungarn sech zu Diktatur verwandelt, mee si géife gäre wëssen, ob de Viktor Orban si och an der Kris privilegiéiert. Si wieren et jo awer, déi sécherstellen, datt de Ministerpresident all d‘Instrumenter zur Verfügung huet fir mat eisener Fauscht ze regéieren.

An et schéngen dann elo dës Uspréch ze sinn, déi dem Viktor Orban eppes géint de Stréch ginn, firwat hien ufänkt dem eegene Lager ze Mësstrauen. Och dat ass eppes wat vill Diktatore gemeng hunn. Hie wäert also seng Muecht och mussen notzen, fir bannent senger Partei opzeraumen, an sech esou vergewësseren, datt et do keng Widderspréch gëtt, déi no baussen dréngen.

Related topics Coronavirus, Covid19, Diktatur, Fidesz, Noutstandsgesetz, Ungarn, Viktor Orbán
Next post Previous post