Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Informatioune fir Jonker: jugendinfo.lu ass elo online
International Neiegkeeten

Informatioune fir Jonker: jugendinfo.lu ass elo online

Déi national Agence fir Informatioune fir Jugendlecher ANIJ huet elo

Pont Viaduc: D’Aarbechte ginn an d’Verlängerung
International Neiegkeeten

Pont Viaduc: D’Aarbechte ginn an d’Verlängerung

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt d’Aarbechte vun der Stroossebauverwaltung um

Bensinspräiserhéijung am Iran: 1 Doudegen
International Neiegkeeten

Bensinspräiserhéijung am Iran: 1 Doudegen

Am Iran ass bei de Protester géint d‘Bensinspräiserhéijung 1 Persoun

Coronavirus: De Viktor Orban wëll Vollmuechten

Ungarn huet Ausgangsspäre verhaangen an en Dënschdeg soll d‘Noutstandsgesetz gestëmmt ginn

Coronavirus: De Viktor Orban wëll Vollmuechten

Offiziell gëtt et zur Stonn an Ungarn eng 300 Infektiounsfäll an 10 Affer, déi der Pandemie vum Coronavirus Covid19 zouzeschreiwe sinn. Elo huet de Ministerpresident Viktor Orban sech fir Ausgangsbeschränkungen ausgeschwat an nächsten Dënschdeg misst d‘Parlament zu Budapest dat ëmstridden Noutstandsgesetz beschléissen. Dat beonrouegt d‘EU-Kommissioun schonn eppes.

D‘Aschränkung vun der Beweegungsfräiheet ass zanter Mëtternuecht a Kraaft, a gëllt elo emol bis den 11. Abrëll. Dat heescht datt d‘Ungaren nach just d‘Haus verloossen dierfe fir: op d‘Schaff an akafen ze goen, Sport ze dreiwen oder soss „Saachen“ déi essentiell sinn, ze erleedegen. Wien dat net sollt behäerzegen, kann ee Protokoll vu bis zu 500.000 Forint (1.400 Euro) kréien.

ViktorEt ass och ee „Sécherheetsofstand“ vun 1,5 Meter ugeuerdent ginn. D‘Geschäfter si vun 9 bis 12 Auer de Mënschen iwwer 65 Joer virbehalen. Mat dëser erdréiglecher Oftrennung vun der eelerer Bevëlkerung, wier d‘Risikogrupp am beschte geschützt. D‘Police ass ugewise keng Verstéiss ze toleréieren. Ungarn erwaart d‘Spëtzt vun der Coronavirus-Pandemie fir Juni oder Juli.

Noutstandsgesetz

Déi nächst Woch soll op Wonsch vum Viktor Orban, d‘Parlament en Noutstandsgesetz stëmmen, dat elo net wierklech begeeschtert, besonnesch op europäeschem Niveau. Dat dierft dem rietsradikalen an op kloer Muechtverhältnisser agestallte Ministerpresident, zimmlech egal sinn, vun Europa huet hie bis ewell éischter wéineg gehalen, an onbegrenzt per Dekret regéieren, war schonn ëmmer d‘Zil.

A senger politescher Famill, der EPP, mee och bei den anere Membere vun der Kommissioun, ass een dann op en Neits besuergt. Dat ungarescht Noutstandsgesetz war dann och Géigestand vun de Gespréicher bei der wëchentlecher Sëtzung vun der EU-Kommissioun. Déi versicht de Länner esou eppes wéi Solidaritéit ofzegewannen, a verlaangt vun de Mesuren datt se verhältnesméisseg sinn.

Viktor

Dee e Freideg virgeluechte Gesetzesentworf awer, géif dem Viktor Orban erméiglechen, onbegrenzt a per Dekret ze regéieren. Esou ass an dësem Gesetz d‘Méiglechkeet virgesinn, d‘Parlament vun allen Entscheedungen ofzebannen. Déi ungaresch Regierung nennt et eng „parlamentaresch Paus“ an sech enger Zweedrëttelmajoritéit zimlech sécher. Domadder ginn „al Muster“ nees zur Reegel.

Keng Skrupel awer vill Zynismus

Interessant, datt et nees „seng Leit“ an der EPP sinn, déi schaarf Kritik zum Ausdrock bréngen. Den däitsche CDU-Europaparlamentarier Daniel Caspary: „D‘Pläng vum Viktor Orban si jensäits menger Virstellungskraaft“ an dat huet Valeur, well hien ass och net dat, wat een en „Humanist“ kéint nennen. Mee dës Kritik aus den eegene Reien, wäert de Viktor Orban wéineg beandrocken.

ViktorDat ass och dem Fait geschëlt, dat dem ungaresche Ministerpresident seng Partei Fidesz (eendeiteg ideologesch faschistesch) zwar nach bei de Sëtzunge vun der EPP dierf nolauschteren, bis awer de Rescht vun der Famill eng „Besserung“ festgestallt huet, net matschwätzen dierf. Et läit elo awer op der Hand, datt de Viktor Orban d‘Kris notze wëll fir d‘Rechtsstaatlechkeet ausser Kraaft ze setzen.

Den Ausschuss vun de biergerleche Fräiheeten huet d‘EU-Kommissioun opgefuerdert, den Text, deen um Dënschdeg wäert ugeholl ginn, ze iwwerpréiwen. Et wier net zoulässeg, datt d‘Mesuren déi sech an dëser Kris imposéieren, derzou féieren datt Grondrechter, d‘Rechtsstaatlechkeet an virun allem déi demokratesch Grondsätz ofgeschaaft géifen. Ungarn wäert weisen datt dat geet…

mat indymedia/bud

Foto: © Visegrad24

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Fidesz, Noutstandsgesetz, Viktor Orbán, Vollmuecht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel