Search

You may also like

Méi bezuelbare Wunnraum um Kierchbierg
International Neiegkeeten

Méi bezuelbare Wunnraum um Kierchbierg

D‘Piraten, déi lénk, d‘Gewerkschaften an ongezielten ONGe fuerderen zanter enger

E Norovirus an den Austere vun der Mark MYTILIMER
International Neiegkeeten

E Norovirus an den Austere vun der Mark MYTILIMER

D‘Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet si vum Grupp Auchan informéiert ginn,

Klierf a Kiischpelt erkennen d’Potential vun de Vëlosweeër
International Neiegkeeten

Klierf a Kiischpelt erkennen d’Potential vun de Vëlosweeër

D’Visitt vum Transportminister François Bausch zu Klierf an zu Äischer

Coronavirus: Och d‘WHO ka Feeler maachen

Konfusioun no widderspréchlechen Aussoe vun der Weltgesondheetsorganisatioun

Coronavirus: Och d‘WHO ka Feeler maachen

Wou Mënschen zu Wierk gi passéiere Feeler an d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) mécht do keng Ausnam. Nodeems d‘Institutioun – eegenen Aussoen no aus Iertum – geschriwwen hat, datt d‘Gefor déi vum neiaartege Coronavirus 2019c-Cov „moderat“ wier, hätt eigentlech d‘Gefor als „Héich“ genannt ginn.

D‘Welt ass eppes an Opreegung an d‘Evaluatioun vun der WHO suergt net fir Entspanung. An de leschten Deeg huet d‘WHO a senge Rapporten erkläert, datt de Risk an China „ganz Héich“, op regionalem Niveau „Héich“ an um internationalen Niveau „Moderat“ ass. Leschten Donneschdeg awer, hat den Direkter vun der WHO, Tedros Adhanom Ghebreyesus, de Medien erkläert datt de Risk um internationalen Niveau „Héich“ wier.

Coronavirus

Dës Informatioun ass, wéi mir elo wëssen, eppes „falsch“.

An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg gouf en neie Rapport verëffentlecht, an deem d‘Siicht vum WHO-Direkter bestätegt gëtt. Eng Spriecherin vun der Organisatioun huet hirersäits bestätegt, datt déi virecht Rapporten „ee Feeler an der Formuléierung enthalen hunn“, deen elo corrigéiert gi wier. „Dat heescht net datt mir eis Evaluatioun vum Risk geännert hunn, mee et huet ee Feeler an de Rapporte ginn“, esou d‘Pressespriecherin vun der WHO.

Zur Stonn misst de WHO-Direkter zu Peking ukomm sinn, wou hien sech mat der Regierung an de Spezialisten treffe wëll. Hei soll berode ginn, wéi een dem Coronavirus begéine kann. Bei aller gebuedener Virsiicht, wier et awer nach verfréit d‘Epidemie als international Urgence ze erklären. Säit Ausbroch vun dëser neiaarteger Krankheet huet d‘Weltgesondheetsorganisatioun sechs Situatiounsberichter verëffentlecht.

Frankräich, d‘Schwäiz an Däitschland

Bei eise franséischen Nopere sinn dräi Infektiounsfäll bestätegt: 1 zu Bordeaux an 2 zu Paräis. Hei sinn d‘Patienten isoléiert, mee et géif hinnen den Ëmstänn entspriechend gutt goen. De Patient vu Bordeaux, e chinesesche Bierger, géif sech an engem stabillen a berouegendem Zoustand befannen. Hie géif wuel nach ënnert engem staarken an invalidéierenden Houscht, wéi och ënner Féiwer a Middegkeet leiden, esou de Prof. Denis Malvy vum CHU Pellegrin.

Den Dokter, Verantwortlech fir de Service vun den tropesche Krankheeten, huet bäigefüügt, datt de Patient mat Antipyretikum (ee Mëttel fir d‘Féiwer ze drécken) behandelt gëtt a bis ewell nach net mat Sauerstoff huet misse versuergt ginn. „Unhand den Informatioune vun eise chinesesche Kollegen, ass et ëm de 7. Dag wou et sech entscheet. D‘Gefor fir de Patient ass weider grouss, firwat mir dës Echeance besonnesch am A behalen“.

CoronavirusAn der Schwäiz sinn och zwou Persounen, déi aus China zréckkomm sinn, am Triemli-Spidol a Quarantaine. Nach ass net geséchert, ob béid Persoune vum 2019-nCov betraff sinn, mee si géifen Zeeche vun der Infektioun opweisen. De Verdacht wier awer „geréng“ an d‘Doktere sollen nach haut d‘Resultater vun den Analyse kréien. Am Triemli-Spidol huet een Erfarung mat neiaartegen Erkrankungen an et besteet kee Risk fir aner Patienten oder d‘Personal.

Fir de Mann a Bayern steet scho fest, datt hie sech mam neie Coronavirus infizéiert huet. Laut dem bayresche Gesondheetsministère wier de Patient isoléiert ginn a géif medezinesch iwwerwaacht Säi klineschen Zoustand wier zur Stonn „gutt“. Leit déi mat dëser Persoun Kontakt haten, goufen och schonn ausféierlech opgekläert an iwwer méiglech Symptomer, Hygiènesmesuren a méiglech Iwwerdroungsweeër informéiert.

D‘Auslänner wëlle China verloossen

Zu Wuhan, wou de Coronavirus ausgebrach ass, halen sech eng 800 Fransousen op. D‘Autoritéiten zu Paräis stinn a stännegem Kontakt mat der diplomatescher Vertriedung zu Wuhan, déi sech mat der Organisatioun vum Rapatriement beschäftegt. Méiglecherweis kënnen d‘Leit scho muer Mëttwoch mat Charterfliger ausgeflu ginn, mee d‘Logistik gestalt sech komplizéiert. D‘Missioun gëtt vum Quai d‘Orsay als „Delikat“ ëmschriwwen.

Och fir déi däitsch Bierger vu Wuhan, gëtt eng Evakuatioun an d‘A gefaasst. Berlin huet sech virgeholl seng Bierger virun enger méiglecher Infektioun ze schützen a wäert wuel d‘Arméi mam Rapatriement beoptragen. E Mëttwoch oder en Donneschdeg sollen en Truppentransporter a falls noutwenneg eng MedEvac-Maschinn (Medical Evacuatioun) agesat ginn. Bis ewell hu sech 90 Persoune beim Auswäertegen Amt gemellt.

CoronavirusWärend Peking vu Berlin erwaart, datt hei zivil Fliger agesat ginn, hunn d‘USA scho Moossnamen ergraff. An enger éischter Phas, sollen d‘Mataarbechter vun de staatlechen Administratiounen a Bierger déi e gréissere Risk duerstellen ausgeflu ginn. Fir Privatpersoune géif et allerdéngs nëmme begrenzt Kapassitéiten. Dat sinn net déi beschten Nouvelle fir déi ronn 1.000 Amerikaner vu Wuhan. Déi aner ginn op San Francisco Ausgeflunn…

A China selwer beleeft sech d‘Zuel vun den Infizéierten op aktuell 2.744. Verstuerwe sinn 82 Leit, déi meescht dovunner, sollen eeler Persounen oder Mënsche mat gesondheetlecher Problemer sinn. Peking baut zu Wuhan 2 nei Spidäler, eent dovunner – mat 25.000 M² Fläch – soll schonn an den nächsten Deeg operationell sinn. Dosende Groussstied huet d‘Zentralregierung ofgerigelt wouduerch faktesch 56 Millioune Chinesen a Quarantaine gehale ginn.

mat indymedia/par/ber/zrh/sfo/tpe

Foto: Elo sinn och déi grouss Verkéiersachse vu Wuhan gespaart ginn. © Gan

Related topics 2019-nCoV, China, Coronavirus, Longenentzündung, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO, Wuhan
Next post Previous post