Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

GEWENNSPILL 2019: De MELLIS Hunnegbéier waart op Iech!
International Neiegkeeten

GEWENNSPILL 2019: De MELLIS Hunnegbéier waart op Iech!

Och am Hierscht soll gefeiert ginn – A wéi kéint

Pipo Peng: E Pak Kichelcher
International Neiegkeeten

Pipo Peng: E Pak Kichelcher

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Automobilsport: Den Dylan Pereira zitt sech gutt aus der Affär
International Neiegkeeten

Automobilsport: Den Dylan Pereira zitt sech gutt aus der Affär

Déi zweet Manche vum Porsche Carrera Cup um Red Bull

Coronavirus: China schneit Wuhan d‘Verkéiersubannungen of

An der Milliounestad war d‘Longenerkrankung als éischt festgestallt ginn

Coronavirus: China schneit Wuhan d‘Verkéiersubannungen of

Säit haut de Moien (23. Januar) sinn d‘Verkéiersverbindungen zur a vun der chinesescher Metropol Wuhan ënnerbrach, de lokalen ëffentlechen Transport bleift bestoen. Um Coronavirus, vun deem elo gewosst ass, datt e sech vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroe léist, si scho 17 Persoune gestuerwen.

Ufank Januar hat d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) op déi mysteriéis Longekrankheet, opmierksam gemaach, déi bis ewell a China 17 Mënscheliewe gefuerdert huet. D‘Krankheet hëlt dann elo och zolidd Zich vun enger Epidemie un. Bannent engem Dag hunn d‘Autoritéiten iwwer 200 nei Fäll nogewisen. Aktuell goufen an der Provënz Hubei iwwer 500 Fäll registréiert.

Wuhan

Fir eng Ausbreedung ze verhënneren huet d‘Zentralregierung zu Peking entscheet, datt all wichteg Verkéiersverbindunge vun an a Richtung Wuhan ënnerbrach ginn. De Fluchhafen, d‘Garen an Fähre ginn ugehalen, verschidde Bus- a Metro-Linne sinn och agestallt ginn. D‘Mënschen aus der 11 Millioune Metropol si gebiede ginn, d‘Stad nëmmen ënner besonneschen Ëmstänn ze verloossen.

Vu China an d‘Welt eraus…

Zwee Facteuren droen zur Verbreedung bäi: zum engen déi Migratioune bannent China, wou bis zu 400 Millioune Mënschen zu Neijoerschdag hir Famillje besiche ginn. Zum Aneren den Tourismus, wou Auslänner de Virus op hirer „Rees“ mathuelen. Esou goufen och schonn an aneren asiatesche Länner Fäll gemellt. Ee Fall huet et des Woch och zu Seattle ginn, a bei deem wäert et net bleiwen.

WuhanZur Stonn ass nach kee Fall an Europa bekannt, woubäi d‘Autoritéite vum Fluchhafen zu Roum als eenzeg e Monitoring duerchféieren. Frankräich huet just ugeuerdent, datt d‘Léit déi Féiwer hunn an/oder groussen Houscht, sech melle sollen. Den Europäeschen Zenter fir d‘Preventioun an d‘Kontroll vu Krankheeten (ECDC) gesäit nëmmen e Moderate Risk fir eng Pandemie an der EU.

Wéinst dem erhéichte Reesverkéier – a Verbindung mam chineseschen Neijoerschdag – klëmmt allerdéngs d‘Wahrscheinlechkeet, datt de Virus och Europa erreecht ass sech hei ausbreet. An de Virus breet sech séier aus. Trotz dëser Erkenntnis hu se zu Genève bei der WHO zu Stonn keng bedenken. D‘Experte gesinn nach keng „gesondheetlech Noutlag“ mee et gëtt sech weider beroden.

Wat bedeit et wann d‘WHO eng Noutlag ausrifft?

Wa sech elo vill Leit d‘Fro stellen, ob am Kontext vun engem neiaartege Virus, dee sech och nach schéngt séier ze iwwerdroen, net scho preventiv sollt eng „Noutlag“ ausgeruff ginn, esou verlaangt dat ee puer Erklärungen. Eng „gesondheetlech Noutlag vun internationalem Ausmooss“ ass en ausseruerdentlech Ereegnes, dat déi ëffentlech Gesondheet an anere Länner an der Folleg vun enger grenziwwerschreidender Ausbreedung bedreet an international ofgestëmmt Moossnamen erfuerdert.

WuhanZanter 2005 huet d‘Weltgesondheetsorganisatioun fënnef mol esou eng „Noutlag“ missen ausruffen. Déi leschte Kéier 2019, wéinst der Ebola-Epidemie am Kongo. Zu Genève gëtt awer d‘Decisioun vu Peking, d‘Stad Wuhan ënner Quarantaine ze stellen, ausdrécklech begréisst. Dozou erkläert den WHO-Generaldirekter Tedros Adhanom Ghebreyesus: „Dat ass eng ganz streng Moossnam, déi hei ergraff gëtt, a China schützt esou net nëmmen dat eegent Land mee verhënnert eng Verbreedung“.

mat indymedia/tpe/gva

Foto: Hei eng Duerstellung vum SARS-Virus. Den neiaartege Coronavirus ass dësem zimlech gläich a vu Mënsch zu Mënsch iwwerdrobar. © 3D4Medical

Ähnlech Sujeten China, Coronavirus, Logenentzündung, WHO, Wuhan
Nächsten Artikel Virrechten Artikel