Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Alles am Bléck: Zu Besuch am Cargozenter
International Neiegkeeten

Alles am Bléck: Zu Besuch am Cargozenter

Jo, mir si spéit un, an awer: Um vergaangene Freideg

Nationalfeierdag a Katalounien: Honnertdausende fir d‘Onofhängegkeet
International Neiegkeeten

Nationalfeierdag a Katalounien: Honnertdausende fir d‘Onofhängegkeet

Säit elo geschwë 40 Joer zelebréieren d‘Katalanen zu Barcelona um

Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?
International Neiegkeeten

Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?

Nom US-Ambassadeur zu Berlin, Richard Grenell, ass et elo deen

Coronavirustestflicht fir d‘Arees an Däitschland

Nodeems d‘Zuel vun den Neiinfektiounen nees zolidd zouhuelen, ergräifen eis Nopere Mesuren…

Coronavirustestflicht fir d‘Arees an Däitschland

Datt ee sech sollt teste loosse wann een aus der Vakanz heemkënnt, ass u sech vernënfteg, egal wou een hir kënnt. Wien awer aus engem ausgewisene Risikogebitt an Däitschland areest, muss sech elo teste loossen. Wien sech net un dës Oplag hält, sollt sech op drastesch Strofen astellen.

„Fräiwëlleg“ war gëschter an ugesiichts dem Widderstand dee vu villen däitsche Bierger geleescht gëtt, huet de Bundesgesondheetsminister Jens Spahn (CDU) elo verfüügt, datt all déi Leit wou aus sougenannte Risikogebidder an Däitschland areesen, sech engem Covid19-Test ënnerzéie mussen. Eng Mesure déi ausser vun der AfD vun allen anere Parteie matgedroe gëtt.

Wärend dës Moossnam sech op de Fluchhäfe verhältnesméisseg liicht ëmsetze léisst, ass et op anere Plazen eppes méi komplizéiert. Bei de grousse Garen am Land ginn Testzenter ageriicht an och bei de Grenze sollt ee sech op verstäerkte Kontrollen astellen. Voyageuren a Busser, Zich a Schëffer si gehale Formulairen auszefëllen, déi da vun den zoustännegen Autoritéite stëchprouwenaarteg kontrolléiert ginn. Domadder dierften d‘Gesondheetsämter allerdéngs séier iwwerfuerdert sinn.

Si wäerte vun der Bundespolizei an dem Bundesgrenzschutz mussen ënnerstëtzt ginn, wann déi ganz Operatioun sollt erfollegräich oflafen. Experte weisen dann nach drop hin, datt all Test och nëmmen eng Momentopnam ass, an et streng geholl och nach en zweeten Test brauch. Dat gëtt vun enger Rei Bundeslänner berécksiichtegt, firwat och den zweeten Test do soll zur Flicht ginn.

Wien aus der Tierkei zréck an Däitschland wëll, muss sech scho virun der Ausrees teste loossen. Dat ass esou vun den tierkeschen Autoritéite festgeluecht ginn. Dësen Test muss aus der eegener Täsch bezuelt ginn, wärend den test an Däitschland weiderhi gratis ass. Den Test kascht elo net der Däiwel vill: 110 tierkesch Lira, ëmgerechent sinn dat ronn 14,50 Euro. Ouni dësen Test loossen déi tierkesch Autoritéiten allerdéngs keen Tourist ausreesen, egal wéi een Transportmëttel genotzt gëtt.

De bayresche Ministerpresident Markus Söder (CSU): „Mir mussen déi Vernënfteg virun den Onvernënftege schützen. A dofir ass kloer, wie verflichtend Tester net mécht obwuel hien aus engem Risikogebitt kënnt, sech deem verweigert an ganz bewosst géint d‘Mesure verstéisst, dee muss dann och mat engem Bousgeld rechnen“. Dat kann ënner Ëmstänn bis zu 25.000 Euro goen.

Bekanntlech zielt jo och Lëtzebuerg zu den ausgewisene Risikogebidder, mee dank dem Asaz vun de Ministerpresidenten aus dem Saarland a Rheinland-Pfalz, wéi och eisem Ausseminister Jean Asselborn, vergënnt eis Berlin eng Extrawurscht. Beruffspendler, Familljememberen a Studenten, si streng geholl vun dëser Mesure ausgeholl. Fir all déi aner heescht et en „negativen Test“ virweisen. Wien deemno kee gudde Grond huet iwwert d‘Grenz ze fueren, sollt et vläicht besser si loossen.

Illustratioun: Fernando Zhiminalcela / pixabay

Ähnlech Sujeten Bousgeld, Covid19, Covid19-Tester, Däitschland, Jens Spahn, Testflicht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel