Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bildung a Verkéier: zentral Themen am CSV-Wahlprogramm
Neiegkeeten Sport

Bildung a Verkéier: zentral Themen am CSV-Wahlprogramm

Autobunnen, den Ausbau vum Tram, Vëlosweeër laanscht all nei Strooss.

Bei der Kris einfach embliederen
Neiegkeeten Sport

Bei der Kris einfach embliederen

Wie gären eng Keier eng Industrie a Krisestëmmung well gesinn,

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit
Neiegkeeten Sport

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit

Wéi d’Wahlresultat läscht Joer bis stoung, krut een nach oft

Dammefussball 1/8 Final Coupe de Luxembourg: SC Beetebuerg erziilt paradisescht Resultat

Den AS Rupensia Lusitanos Larochette ass am Reen ënnergaangen

Dammefussball 1/8 Final Coupe de Luxembourg: SC Beetebuerg erziilt paradisescht Resultat

Bei engem Wieder wou een eigentlech keen Hond hannert dem Kamäin ervirlackele kann – et war kal, et huet riicht erageschifft an de Wand huet säin Iwwreges geleescht – hunn d‘Damme vu béiden Equippen (SC Beetebuerg/AS Rupensia Lusitanos Larochette) vill Courage a Motivatioun bewisen.

Gëschter stoungen sech an der Fiels, fir d‘Aachtelsfinall an der Coupe de Luxembourg, d‘Damme vu Beetebuerg an der Fiels géinteniwwer. Déi Fielsser hate schonn am Championnat eng Lektioun vum SC Beetebuerg erdeelt kritt, an trotz wierklech behäerztem Asaz an enger Motivatioun déi Sengesgläiche sicht, sollt et hinnen och an der Coupe net geléngen, d‘Differenz ze maachen.

Knapps datt den Arbitter d‘Spill ugepaff hat, hunn déi Beetebuerger Dammen – et kann een et net anescht soen – mat vollem Asaz ofgezunn. Nach an der éischter Minutt, huet d‘Lat sech op der Fielsser Säit misse schudderen. Zwou Minutten drop huet de huet de Martyrium vum AS Rupensia säi laf geholl. De SC Beetebuerg huet duerch en direkt séiert Spill, d‘Géignerinnen iwwerrannt. An domatter war u sech, schonn an der éischter Véierelsstonn de Match entscheet.

Hei huet et 0:5 gestanen, an déi Beetebuerger Dammen hunn net Androck opkomme gelooss, wei wann et domatter scho gedoe wier. Duerch ee Feeler an der Beetebuerger Verdeedegung konnten déi Fielsser an der 17. Minutt duerch d‘Catarina Moreira (12) den Éierentreffer fir sech verbuchen. Dat ass dann awer leider alles u Chancen déi si sech konnten erausspillen. Woubäi et wichteg ass ze betounen, datt d‘Spillerinnen aus der Fiels, sech zu kengem Ament opginn hunn.

Beetebuerg

Kuerz virun der Paus (44. Minutt) stoung et dann 1:6. No der paus, ass d‘Leide fir d‘Dammen aus der Fiels weidergaangen. Beetebuerg hat den Terrain am Grëff, war spillbestëmmend an huet weider op de Goal gespillt. Déi Fielsser hunn daper dergéint gehalen, a dem Sport wierklech all Éier gemaach. Si haten dem Géigner wierklech näischt entgéint ze setzen, mee dierfen sech houfreg an d‘Wanterpaus verabschiden, wëll si ee grousse Sportsgeescht bewisen hunn. Dofir Merci.

De SC Beetebuerg huet sech – wéi gesot – net ginn, an esou sinn an dëser zweeter Halbzeit nach emol 5 Goaler gefall. Dëse Coupe-Match geet mat 11:1 fir den SC Beetebuerg op en Enn, an dat absolut verdéngt. Dofir werfe mir dann elo och e Bléck op d‘Goaler:

D‘Kimberley Dos Santos (10) mécht an der éischter Halbzeit den „hat-trick“ – e Goal jeeweils an der 3. der 5. an der 10. Minutt – perfekt. An der 57. gënnt et sech nach e véierten Treffer. D‘Kate Thill (20) huet den ëmgedréite Wee gemaach. Eis Beetebuerger Stiermerin setzt virun der Paus eng éischt Mark, mat engem Goal an der 44. Minutt. An der zweeter Halbzeit geléngt dann och him den „hat-trick“; e Goal jeeweils an der 59., 64., a 75. Minutt

Déi aner dräi Goaler ginn op de Konto vum Karen Marin (7), dat seng Goalchancen an der 8. a wéi an der 13. Minutt ëmsetze konnt. Déi lescht Aktioun dréit d‘Ënnerschrëft vum Melissa Teixeira (77). Dës freedeg Spillerin huet an der 89. Minutt de Rideau zougezunn…

Stëmmen zum Spill

Nom Spill hu mir beim Kate Thill de Bols gefillt. „Mir sinn dës Kéier ganz konzentréiert a roueg an d‘Spill gaangen, wat eis erméiglecht huet direkt e Goal géint d‘Fiels ze fannen. Dat huet eis de Match eppes méi liicht gemaach, wëll mir eis awer ëmmer eppes schwéier dinn, géint Equippen déi ganz Defensiv agestallt sinn“.

D‘Aline Ladroye (8) Kapitän vum AS Rupensia Lusitanos Larochette, huet sech eise Froen nom Spill gestallt: „Et kléngt blöd, mee ech sinn houfreg op meng Meedercher. Obscho mir hei ‚ënnert d‘Rieder‘ gerode sinn, huet d‘Equipp ganz disziplinéiert a motivéiert bis zur leschter Minutt Fussball gespillt“.

„Mir wousste vun Ufank un, datt et e schwéiere Match géif ginn. Eis hunn e puer Stammspillerinne gefeelt. Mir konnten eis aus der ‚Zweeter‘ Verstäerkung huelen, mee géint den SC Beetebuerg, war et eng ‚mission impossible‘. Mir spille fir d‘éischt op dësem Niveau an huelen all Erfarung dankbar mat. Mir sinn nach an enger Léierphas“, erkläert d‘Aline Ladroye.

Opstellung vun den Equippen

AS Rupensia Lusitanos Larochette: 1 Catia Teixiera, 4 Joana Marques, 3 Anna Lopes, 13 Jennifer Marcolino, 7 Emma Teixiera, 8 Aline Ladroye, 12 Catarina Rafaela Moreira, 11 Arlinda Dos Santos, 20 Soraia Lourenco, 5 Fabienne Gaspar, 17 Sara Lopes de Matos. Reserve: 16 Andreia-Filipa Moreira, 14 Joana Lopes, 6 Sandy Dos Santos. Trainer: Luis Filipe Centeio Silveira

SC Beetebuerg: 1 Catherine Keipes, 88 Amenis Correia, 11 Anouchka Besch, 9 Sadine Correia, 8 Lea Pizzimenti, 10 Kimberley Dos Santos, 7 Karen Marin, 17 Sheila Hoja, 6 Sarah Witry, 20 Kate Thill, 18 Marie-Amelie Albrand. Reserve: 22 Lena Krier, 25 Justine Oswald, 14 Camilla Ruiz Rojas, 77 Melissa Teixeira, 4 Sabrina Dukovski. Trainer: Daniel Nunes.

Foto: © Luigi De Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten AS Rupensia Lusitanos, Coupe de Luxembourg, Dammefussball, Kate Thill, Kimberley Dos Santos, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel