Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et brennt: Dës Kéier zu Bettel
Auto International https://moien.lu/hook-up-jumper-cables-wrong/ tempat dating kota kinabalu speed dating alleinerziehende

smoker dating sites

Kuerz no 10:00 Auer de Moien ass et an der

Déi éischt Regierungsrotsëtzung – wat koum eraus?
Auto International https://moien.lu/hook-up-jumper-cables-wrong/ tempat dating kota kinabalu speed dating alleinerziehende

Déi éischt Regierungsrotsëtzung – wat koum eraus?

Gëschter war déi éischt Sëtzung vun der neier Regierung ënnert

Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt
Auto International https://moien.lu/hook-up-jumper-cables-wrong/ tempat dating kota kinabalu speed dating alleinerziehende

Damme vum FC Mamer 32 ganz positiv opgestallt

De FC Mamer 32 hat sech gëschter vill virgeholl an

surprise

Ongemitterlech Course zu Mexiko

Porsche Mobil 1 Supercup: Den Dylan Pereira ass an der éischter Manche ofgeschoss ginn

Ongemitterlech Course zu Mexiko

De Lëtzebuerger Espoir am internationale Motorsport, Dylan Pereira, ass dëse Weekend a Mexiko, wou hien um Autodrom Hermanos Rodriguez déi zwou lescht Course vun der Porsche Mobil 1 Supercup Saison bestreit. Et sinn déi zwee eenzeg Leef déi baussent Europa stattfannen. Deen „Zäitënnerscheed“ tëscht Mexiko a Lëtzebuerg bedréit 7 Stonnen, wat „Upassung“ verlaangt huet.

Eng vun de Particularitéite vun der Streck sinn déi ganze séier Kéieren, lues Schikanen an eng laang riicht Start/Zil Linn, vun iwwert engem Kilometer Distanz. Hei gëtt natierlech profitéiert fir zolidd Gas ze ginn an de Géigner ze iwwerhuelen. Wier nach drop hinzeweisen, datt de Circuit ganz héich geleeën ass (2.240 Meter) wat dem Dylan sengem Porsche GT3 Cup net wierklech entgéint kënnt.

Mexiko

Den Dylan Pereira hat mat sengem Porsche GT3 Cup (riets am Bild) eng gutt Qualifikatioun erreecht, mee e Géigner sollt him déi éischt Manche schon direkt an der zweeter Kéier versauen. © Porsche Pressezenter / Porsche Cars North America

Hei ass d‘Loft „dënn“ wat sech op d‘Performance an d‘Kraaft vun der Rennmaschinn néierschléit. Et ass rieds vun engem Leeschtungsverloscht ëm déi 20%. Dat betrëfft allerdéngs all d‘Piloten an während dem fräien Training hat d‘Ekipp vum Dylan Pereira uerdentlech eppes ze dinn, fir déi bescht méiglech Astellung um Gefier virzehuelen. Hien huet do och déi 4. Beschtzäit hikritt.

Qualifikatioun

Fir d‘Qualifikatioun huet sech de Pilote vum Porsche Mobil 1 Supercup Zirkus eng ganz propper Pist ugebueden. Et hat an der Nuecht gereent, wat derzou gefouert huet, datt et kaum Gripp op der Streck ginn huet. Keng einfach Aufgab fir de Lëtzebuerger, besonnesch wou d‘Qualifikatioun fir déi zwou Manchen zielt. Et also drëms gaangen zwou ganz, wierklech ganz gutt Ronnen hinzekréien.

MexikoDofir heescht et dann och „roueg“ bleiwen. Den Dylan huet fënnef Minutten ofgewaart iert hie sech op d‘Pist lancéiert huet. De Lëtzebuerger huet seng Ronne mat beduecht gedréint, d‘Limitte vun der Streck betount a konnt sech um Enn mat enger ganz gudder 4. Startplaz am éischte Rennen, an eng 7. Startplaz fir dat zweet Rennen, aus der Affär zéien. Elo muss et an der Course och klappen…

Kernonzéngpëppel an der Dänn an am Schaf

Um Samschdeg huet dann déi éischt vun den zwou Manchen um Autodrom Hermanos Rodriguez stattfonnt. Esou wéi een dat vum Dylan Pereira mat sengem Porsche GT3 Cup gewinnt ass, war de Start nees exzellent an hie konnt och direkt op Plaz 3 virfueren. Dat huet beim Team an de Supporter vill Begeeschterung ausgeléist, déi awer leider nëmme kuerzzäiteg sollt unhalen…

Mexiko

De “Teamkolleg” Michael Ammermüller huet sech mat der Victoire an der 9. Manche vum Porsche Mobil 1 Supercup Championnat zu Mexiko schonn emol den Titel geséchert. © Porsche Pressezenter / Porsche Cars North America

An der zweeter Kéier war déi éischt Manche fir de Pilot vum Momo Megatron Lechner Racing Team gelaf. De Mikkel Overgaard Pedersen (dee schonn um Hockenheimring de Michael Ammermüller ofgeschoss hat) war nees zolidd iwwermotivéiert an huet den Dylan Pereira wuertwiertlech vun der Pist geholl. De Lëtzebuerger kann awer haut nees un de start goen.

Méi vum an iwwert den Dylan:

Foto: Den Dylan Pereira hat mat sengem Porsche GT3 Cup (riets am Bild) eng gutt Qualifikatioun erreecht, mee e Géigner sollt him déi éischt Manche schon direkt an der zweeter Kéier versauen. © Porsche Pressezenter / Porsche Cars North America

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Mexiko, Momo Megatron Lechner Racing, Porsche Carrera Gt3 Cup, Porsche Mobil 1 Supercup
Nächsten Artikel Virrechten Artikel