Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Storm Area 51: Gëtt muer aus Witz batteren Eescht?
Neiegkeeten

Storm Area 51: Gëtt muer aus Witz batteren Eescht?

Muer de Mëtteg soll no enger spektakulärer Ukënnegung de groussen

Atomofkommes mam Iran gescheitert
Neiegkeeten

Atomofkommes mam Iran gescheitert

Mat der Annonce vun Teheran, datt den Iran sech net

money
Chômage Zuele weider réckleefeg
Neiegkeeten

Chômage Zuele weider réckleefeg

Op den 30. Juni ass op e neits eng Baisse

COVID-19: Wann Natur an Ëmwelt sech erhuelen

COVID-19: Wann Natur an Ëmwelt sech erhuelen

Endlech kann d’Natur nees opootmen. Datt de Mënsch sech duerch de Coronavirus COVID-19 just nach bedéngt, bis guer net méi dobaussen ophält, bréngt och mat sech, datt verschidden Emissiounswäerter erofginn a soumat d’Loft nees méi propper gëtt. Den offizielle Beweis fir d’Erhuelung vun der Natur an Ëmwelt bitt elo d’European Space Agency (ESA) mat sengen neiste Satellittebiller.

Wéi d’ESA elo matgedeelt huet, gesäit een op den Opnamen vum Copernicus Sentinel-5P, datt d’Loftverschmotzung iwwert Europa, speziell Italien däitlech ofgeholl huet. Opfälleg ass besonnesch de Réckgang un Emissiounen vum Stéckstoffdioxid – eng gasfërmeg Verbindung, déi virun allem als Niewereaktioun bei Verbrennungsprozesser (Beispill: Verbrennungsmotor am Stroosseverkéier) entsteet. Ze erklären ass dëst Phenomen duerch den nationale Lockdown vum Land, fir esou déi weider Verbreedung vum neiaartege Coronavirus ze limitéieren.

Op der Animatioun am Video gëtt verdäitlecht, wéi déi verschidde loftverschmotzend Elementer sech iwwert Europa viru beweegen. Presentéiert ginn eng Zäitspan un Emissiounen vum 1. Januar 2020 bis den 11. Mäerz 2020, woubäi een all 10 Deeg den Duerchschnëtt geholl huet. De Claus Zehner, Manager vun der Copernicus Sentinel-5P-Missioun vun der ESA erkläert: „De Réckgang u Stéckstoffdioxid iwwert dem Valle Po an Nord-Italien ass besonnesch offensichtlech.“

Zwar kéint et duerch d’Wolleken a Changementer beim Wieder zu liichte Variatioune vun den Date kommen, trotzdeem ass een zouversiichtlech, datt déi siichtbar Reduktioun vun den Emissiounen duerch de geréngen Trafic a wéineg industriell Aktivitéite am ofgerigelten Nord-Italien kommen.

Ma, net nëmmen d’Loft soll besser sinn. Eng Persoun aus Venedeg weist, datt d’Waasser an de Kanäl nees méi kloer gëtt, an een esou ganz Fëschschwärm observéiere kann. D’Natur erhëlt sech relativ schnell a schéngt d’Zäit ouni de Mënsch ze notzen. Dobäi ass scho bal schued, datt nom Virus erëm alles säi gewinnte Verlaf hëlt.

COVID-19

© Albert Folaz / Twitter

Zum Satellit an der ESA-Missioun

Aktuell ass de Satellit Copernicus Sentinel-5P Tropomi dat performantst Instrument fir Miessunge vun der Loftverschmotzung aus dem Weltall eraus ze maachen. D’Daten, déi iwwert déi ganz Äerd gesammelt ginn a jiddwerengem oppen zur Verfügung stinn, liwweren noutwenneg Informatioune fir esou Decisioune fir d’Zukunft ze treffen.

De Sentinel-5P Precursor, och einfach just Sentinel-5P genannt, ass déi éischt Copernicus-Missioun fir esou Miessunge zu eiser Atmosphär duerchzeféieren. Mam Tropomi Instrument gëtt eng Villzuel u Gasen (ënnert anerem Ozon, Methan oder och Stéckstoffdioxid) analyséiert an opgezeechent.

Ähnlech Sujeten Copernicus Sentinel-5P, Coronavirus, Covid-19, Ëmwelt, Erhuelung, ESA, European Space Agency, Lockdown, Loftverschmotzung, Natur, Norditalien, Stéckstoffdioxid, Tropomi, Weltall
Nächsten Artikel Virrechten Artikel