Haut de Mëtteg 16 Auer: IMPRO KANNER SHOW
Dir hutt bei dësem flotte Wieder nach keng Ahnung wat
Dir hutt bei dësem flotte Wieder nach keng Ahnung wat
De Lëtzebuerger Politiker äussert sech zouversiichtlech zu den ëffentlech Enquêten
No laangen an zeien Verhandlungen huet déi griichesch Regierung sech
Esou appelléiert d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert elo och un de gesonde Mënscheverstand: „Sou laang et nach keng effikass Medikamenter géint d’Krankheet Covid-19 oder een Impfstoff géint de Virus SARS-CoV-2 gëtt, deen d’Krankheet ausléist, sinn dëst déi effikasst Moossnamen fir géint d’Epidemie unzekämpfen. Andeems ee responsabel handelt dréit jiddwereen dozou bäi, d’Ausbreedung vum Virus ze verhënneren an eng zweet Wëll ze vermeiden.“
© Chambre des Députés
D’Schutzmask ass obligatoresch fir:
Ausgeschloss vun dësen Obligatioune sinn:
Zur sozialer Distanz an der Schutzmask:
Spezifesch Moossnamen fir Restaurant, Wellness a Co.:
Folgend Aktivitéite si verbueden:
Dës Verbueter goufen erstallt, wëll si wuel een erhéichte Risiko zur Kontaminatioun opweisen, respektiv kann d’Distanz net agehale ginn.
© prostooleh / Freepik
Ass een infizéiert, da muss een dem Direkter vun der Santé verschidden Informatiounen zum Gesondheetszoustand an zur Identitéit vun de Persounen, mat deenen een 48 Stonnen virdrun a Kontakt war, uginn. Och déi Responsabel vu n organiséierte Reesen (kollektiven Transport vu Persounen), d’Responsabel vu Spideeler, vum Hebergement oder der Fleeg kënnen op Demande befrot ginn.
D’Donnéeën ginn natierlech konform dem Dateschutz behandelt, ginn uschléissend anonymiséiert an 3 Méint gespäichert.
Weist eng Persoun, op medezineschem Uerder, een erhéichte Risiko op, fir aner Persounen unzestiechen, kann d’Santé a Form vun enger Ordonnance verschidde Moossnamen treffen:
Concernéiert Persoune mussen een Zertifikat areechen, datt si net schaffen, respektiv an d’Schoul goe kënnen. Beim Verwaltungsgeriicht kann ee sech bis spéitstens 3 Deeg no der Benoriichtegung géint d’Ordonnance vun der Santé wieren.
Wien en erhéichte Risiko fir d’Gesondheet vun aneren opweist, sech awer géint d’Quarantaine oder d’Isolatioun wiert, dee kann zwangshospitaliséiert ginn, respektiv vun enger anerer gläichgestallter Struktur zwangsisoléiert ginn. D’Zäit beleeft sech dobäi op d’Dauer, déi laut Ordonnance nach ofzesetzen ass. Ass een op dësem Punkt ukomm, muss ee sech un immens strikt Konditiounen halen, déi am Artikel 6 vum Gesetz zu de physesche Persounen festgehale sinn.
Déi zwee Gesetzer gëllen fir ee Mount a kënnen zu all Ament ugepasst ginn, wann et dann néideg ass. All Ännerung muss duerch eng Chambersitzung diskutéiert ginn. Am Verglach zu eise belschen Noperen, si mir do jo gutt organiséiert.
Weider Informatioune ginn et ënnert www.covid19.lu an www.sante.lu.
Opmaacherbild: © Freepik