What the Fakt – De Gebuertsdag vum Här Mambo No. 5!
Virun 20 Joer wousst de Lou Bega net op en
Wann s de näischt kanns an dat meescht dovunner och
Am Espace H20 zu Déifferdeng, war um Donneschdeg de Vernissage
D’Aufgabe vum Aarbechtsgrupp sinn:
Ervirzehiewe sinn och déi dräi Haaptberäicher, déi den Task Force ënnert anerem behandele wäert:
An de vergaangenen Deeg konnte schonn immens konkreet Moossnamen ergraff ginn. Heizou gehéiert zum Beispill, datt Fuerschungsariichtungen hiert Fachpersonal a Material zur Verfügung stellen. An dësem Zesummenhang ass besonnesch d’Mobiliséierung vun den zukünftegen Dokteren, déi aktuell déi sougenannt „formation spécifique en médicine générale“ absolvéieren, ze nennen.
Vill vun dësen zukünftegen Generalisten hu sech scho bereet erkläert, d’Fleegepersonal a véier Spideeler vum Land ze stäerken. Fir dës Initiativ méiglech ze maachen huet d’Regierung mat Ënnerstëtzung vun der Uni.lu an den Dokteren, déi un der Formatioun bedeelegt sinn, schnell déi entspriechend Bedingungen ugepasst an noutwenneg Moossnamen ergraff, fir den Asaz vun dëse Fräiwëllegen un de kommenden Deeg ze erméiglechen. Och Fleegepersonal, dat normalerweis Fuerschungsetüden begleet, sou wéi Medezinsstudenten wäerten zur Ënnerstëtzung vum Spidolspersonal weidergebilt ginn.
Weltwäit hunn d’Regierungen an d’Fuerschungsfërderer bewierkt, datt bal all wëssenschaftlech Daten a Verëffentlechungen zu COVID-19 an digitaler Form fräi verfügbar sinn. Dës Daten sinn eng wäertvoll Quell, déi elo fir Text- an Data-Mining mëttels kënschtlecher Intelligenz zougänglech ass. Lëtzebuerg verfüügt an genau dësem Beräich eng iwweraus staark Expertis.
Fir d’Beméiungen ze beschleunegen, wéi och nei Iddien a Kooperatiounen tëscht de Fuerscher ze fërderen, wäerte weider Mëttel vum Nationale Fuerschungsfong (FNR) bereetgestallt ginn. D’Situatioun fuerdert schnell Handlungen.
Matgedeelt vu Research Luxembourg, dem Ministère fir Héichschoulwiesen a Fuerschung – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu
Opmaacherfoto: © ThisisEngineering RAEng / Unsplash