Search

You may also like

D’CGFP ënnerschreift d’Ofkommes zur Aarbechtszäitreegelung
Neiegkeeten

D’CGFP ënnerschreift d’Ofkommes zur Aarbechtszäitreegelung

A senger jéngster Sitzung huet sech den CGFP-Nationalvirstand virun allem

9 Iddien, wéi s du der Lëtzebuerger Sprooch hëllefe kanns
Neiegkeeten

9 Iddien, wéi s du der Lëtzebuerger Sprooch hëllefe kanns

Gäre gëtt reklaméiert, datt et eiser Sprooch net gutt geet.

Nei am Verlag Lilu: De Molbier
Neiegkeeten

Nei am Verlag Lilu: De Molbier

Am neie Wierk „De Molbier“ gëtt d’Geschicht vum klenge Bier

Pandemie-Réckbléck:12 Doudesfäll vum 19. bis de 25. Oktober

Pandemie-Réckbléck:12 Doudesfäll vum 19. bis de 25. Oktober

An der Woch vum 19. bis de 25. Oktober, ass d’Zuel vun de Leit déi positiv op den COVID-19 getest goufen, staark eropgaangen (+265%) mat 3.387 Fäll am Verglach zu 1.280 Fäll an der Woch virdrun.

D’Zuel vun de Kontakter huet mat 9.980 och en héijen Niveau erreecht am Verglach zu 7.878 Kontakter déi virdrun identifizéiert goufen (+27%). D’Zuel vun den ausgefouerte PCR Tester louch bei 60.669 am Verglach zu 47.939 an der Woch virdrun.

De 25. Oktober, war d’Zuel vun den aktiven Infektiounen op 4.682 (den 18. Oktober waren et der 2.112). An d’Zuel vun de geheelte Persounen ass vun 8.765 op 9.570 geklommen. Et goufen 12 nei Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19 opgeholl.

D’Erhéijung vun der Zuel vun den neie positive Leit, gouf och vun enger Erhéijung vun de Patienten an de Spideeler begleet. Dës huet sech op déi normal Versuergung konzentréiert, wat duerch d’Altersstruktur vu positive Fäll erkläert ka ginn.

Fir d’Woch vum 19. op de 25. Oktober ass den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv diagnostizéiert goufen, op 40,3 Joer geklommen.

Den effektive Reproduktiounstaux ass dobäi vun 1,17 op 1,52 geklommen. D’Positivitéitsrat vun den duerchgefouerten Tester läit bei 5.59%. An der leschter Woch waren et 2,67% am Duerchschnëtt.

Eng Erhéijung vun all den Alterskategorien

D’Inzidenz bedréit 541 Fäll pro 100.000 Awunner iwwer 7 Deeg, respektiv 745 Fäll pro 100.000 Awunner iwwer 14 Deeg. D’Evolutioun vun dëser Inzidenz an de leschten 9 Woche weist eng Erhéijung vun all den Alterskategorien.

D’Altersgrupp vun de 15-29-Järegen ass weiderhin am meeschte betraff, déi 30-59-Järeg hunn an der leschter Woch déi gréissten Erhéijung erlieft.

D’Inzidenz bei de jonke Mënschen am Alter vun 0 bis 14 Joer ass nach ëmmer hallef esou héich wéi bei den Erwuessener.

Quarantainen an Isolatiounen

Fir d’Woch vum 19. bis de 25. Oktober ware 3.948 Leit a Quarantaine (+ 23% am Verglach mat der Woch virdrun) an 3.239 an Isolatioun (+ 93% am Verglach zu der Woch virdrun).

Verdeelung vu Quarantainen no Altersgrupp

Covid-19

Ustiechung virun allem am Familljekrees

Ënnert den attributéierbaren Ursaache vu Kontaminatioun bleift de Familljekrees déi heefegst Quell mat 27,6%. Den Undeel vu Fäll am Hëllefs- a Fleegesecteur klëmmt.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg

De jéngste CORONASTEP-Bericht vu LIST (Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie) weist, datt sech den nationale Niveau vun de SARS-CoV-2 Kontaminatiounen an de Kläranlage vum Land an der Woch vum 19 bis de 25 Oktober praktesch vervéierfacht hunn – an dat am Verglach mam Héichpunkt Enn Mäerz.

Erhéijung vun den deegleche SARS-CoV-2 Stréim gouf bei allen iwwerwaachte Kläranlage mat enger gerénger Intensitéit zu Wolz registréiert.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Aktuell Zuelen:

Covid-19

All Zuelen an Informatioune fannt Dir an dësem Dokument zesummegefaasst (PDF).

Related topics Covid-19, Infektiounszuelen, Isolatioun, Pandemie, positiv, Retrospektive, Spidol
Next post Previous post