Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Innovatiounskraaft vu Lëtzebuerg soll eis de Sëtz vun EuroHPC abréngen
Meenung Neiegkeeten

D’Innovatiounskraaft vu Lëtzebuerg soll eis de Sëtz vun EuroHPC abréngen

Wéi et de Wirtschaftsministère déi lescht Woch bekannt ginn huet,

Mam Auto an de Kino
Meenung Neiegkeeten

Mam Auto an de Kino

An Zesummenaarbecht mat Caramba a Bauhaus Lëtzebuerg, gëtt elo an

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung
Meenung Neiegkeeten

Den FNR fërdert Projeten zur Weltraumerfuerschung

Et ass déi éischte Kéier, datt sech de nationale Fong

Groussflächeg Covid-19-Tester – Jo, Nee, vläicht a wann, wisou?

Groussflächeg Covid-19-Tester – Jo, Nee, vläicht a wann, wisou?

Huet een de Bréif vum LIH an der Boîte, fir sech op Covid-19 testen ze loossen, kann ee sech op Rendez-vous fräiwëlleg a gratis teste loossen. Sollt ee sech am viraus nach keng Gedanken gemaach hunn, ob een dësen Akt maache wëll oder net, da schéissen engem beim Opmaache vum Bréif e puer berechtegt Froen duerch de Kapp. Dobäi ass de PCR-Test dach hallef esou well, oder?

D’Santé erkläert, datt mat de groussflächegen Tester – och Large Scale Testing genannt – d’Gesamtzuel un Infizéierten soll op e Minimum reduzéiert ginn. Déi bescht Method ass et dobäi d’Infektiounsketten ze ënnerbriechen, andeems Infizéierter an all Persounen, mat deene si a Kontakt waren, ze isoléieren. Dobäi hieft ee besonnesch ervir, datt ee mam Test am Halsraum net nëmmen déi eege Famill, Frënn an Aarbechtskollegen, mee och vulnerabel Persoune schützt.

Teste loossen: Jo oder nee?

D’Majoritéit vun den Infizéierten (ëm 80 % laut science.lu) weist just schwaach bis guer keng Symptomer op. Ouni et ze wëssen droe si de Virus virun. Duerch déi vergréissert Kapassitéiten kënne mëttlerweil all Persounen, déi d’Invitatioun zougeschéckt kruten, um groussflächegen Test deelhuelen. Esou dréit ee net nëmmen säin Deel dozou bäi d’Infektiounsketten ze ënnerbriechen, mee och de Risiko fir eng zweet Well ze reduzéieren. Oder sidd Dir schaarf op en weidere Lockdown?

Wat vill Leit awer ofschreckt ass, datt och wann ee sech haut teste léisst, ee jo quasi kuerz duerno ustieche kann an esou den Test kee Sënn huet. Fir wierklech hëllefräich ze sinn, misst all Persoun all Dag getest ginn, wat awer logistesch a praktesch net ze maachen ass. Et wëll een awer net nom Prinzip „Alles oder Näischt“ handelen, mee mat deem schaffen, wat een huet a wat ze meeschteren ass. All Moossnam, fir eng weider Infektioun ze verhënneren, bitt dobäi Verbesserung fir déi ëffentlech Gesondheet.

Covid-19-Tester

Da komme vläicht nach Zweiwel no der Zouverlässegkeet vum PCR-Test op. Dobäi huet een an de leschte Wochen dru geschafft, fir d’Sensibilitéit vun den Tester eropzeschrauwen. Aktuell läit ee bei enger Sensitivitéit vun 100 % – klengst Quantitéite vum Virus si soumat noweisbar.

Eng weider Angscht sinn d’Rumeuren ëm dat eekelegt Gefill beim Ofstréch an der Nues. D’Stäbercher sollen an der Nues brennen, immens wäit eragestach ginn, an deelweis Blutt de gereizte Banneraum souguer. Verschidde getest Persoune si souguer der Meenung, datt op den Tester ee Mëttel soll sinn, wat ouni eist Wëssen getest gëtt. Et huet ee sech decidéiert beim Large Scale Testin just nach am Hals testen ze loossen, fir esou dat onangenehmt Gefill ze ëmgoen. Bon, zur Saach mam ominéise Mëttelchen, wat un eis getest soll ginn – entweder waren et Verschwörungstheoretiker (Aluhutt op) oder mir ginn an noer Zukunft opgekläert, datt mir als Versuchskanéngchen benotzt gi sinn.

Meng Erfarung zu Schieren

Nodeems ech scho vill iwwert d’Tester gelies an héieren hunn, hat och ech bemol d’Invitatioun an der Bréifboîte, fir mech dach wann ech gelift an enger vun de 17 Statiounen testen ze loossen. Enttäuschend dobäi war awer, datt de Bréif a 4 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch) verfaasst war, awer net op Lëtzebuergesch. Als Lëtzebuerger versteet een natierlech – bis vläicht op Portugisesch – déi an er 3 Versiounen, an awer hätt ee grad bei enger Invitatioun, déi un d’Lëtzebuerger Bevëlkerung soll goen, och eis schéi Sprooch kënnen abauen. Nujee, vläicht ass dat awer och just perséinlech Klengkaréiertes.

Covid-19-Tester

Eleng aus Virwëtz, wéi dat Ganzt dann elo ofleeft, hunn ech dunn awer mäi Rendez-vous um Internet geholl. Den nächsten Nodeel: Ënnert de 17 Statiounen, déi ageriicht gi sinn, wier déi Noost zu Stengefort (25 Minutte fueren), respektiv Schieren (30 Minutte fueren). Gutt datt ee mobil ass, an mat der Confirmatioun dann an den Drive-In zu Schieren fuere konnt. Eng genee Adress gouf – bis op den Hiweis „Schieren/Kolmer-Bierg N7“ – awer net vermëttelt. Fir ee Mënsch, dee gär alles prezis virbereet huet dat banneschte Stress bedeit. Op der Sich no der Statioun huet ee wärend dem Fueren iwwerall nom Schëld gesicht, an dann och am Ausgang vu Schieren (wann ee vun Ettelbréck kënnt) op der rietser Säit fonnt.

Uschléissend goung alles zimlech schnell. D’Bestätegung, d’Carte d’Identité goufe vu Beamte gekuckt, ier een da weider bei eng Damm geleet gouf – iwwregens déi Eenzeg, déi do Lëtzebuergesch geschwat huet. Si huet d’Confirmatioun gescannt an een nees virun bei d’Zelter gelotst, wou ee vun de gutt verpaakte Männercher da getest ginn ass, nodeems d’Bestätegung nach emol gescannt gouf. E bësse grujeleg ass den Ubléck schonn, mee wat mécht een net alles fir d’Gesondheet. Kapp zréck, Ahhh soen an aushalen huet et dunn geheescht. An elo hunn ech all déi Leit verstanen, déi den PCR-Test onangenehm fonnt hunn. Den Här a Blo stécht engem de Stäbchen déif an den Hals, dréint dann och e bësse ronderëm, sou datt gegierkst gëtt. „Ca c’est normale Madame“, sot hien, wou et schliisslech fäerdeg war. D’Persounen op der Plaz waren all immens fein a verständnisvoll, hu gutt erkläert an de Punkt mam net-existente Lëtzebuergesch op der Invitatioun gutt gemaach.

Dat Opreegentst war schonn eriwwer. 30 Minutte gefuer, 5 Minutten am Drive-In gewiescht an nees 30 Minutten fir Heem. An elo gëtt dann op d’Auswäertung gewaart, déi per SMS geschéckt gëtt. Trotz Teletravail an reduzéierte soziale Kontakter, sinn ech gespaant op d’Resultat an hoffen – eigentlech sinn ech der Iwwerzeegung – datt et negativ ass.

Fazit: De PCR-Test ass schnell gemaach an ze verléieren huet een näischt. Och wann ech selwer ufanks de Sënn net gesinn hu mech testen ze loossen, wëll ech mech jo direkt nom Test mam Virus ustieche kéint, da sinn ech elo frou mäi Beitrag geleescht ze hunn. Am Kapp hat ech dobäi meng Elteren, déi alle béid zu de vulnerabele Persoune gehéieren. Oft entscheet een Doudesfall am enken Ëmkrees doriwwer, ob een elo vun der Existenz vum Virus an de Moossname fir seng Ausbreedung ze reduzéieren, iwwerzeegt ass.

Ähnlech Sujeten Covid-19, Covid-19-Tester, Deconfinement, Drive-In, Ëffentlech Gesondheet, Invitatioun, Large Scale Testing, LIH, Luxembourg Institute of Health, PCR-Test, Santé, Schieren/Kolmer-Bierg, Statioun, Verschwörungstheorien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel