Search

You may also like

Knock it out: Hei ginn et der an d‘Schnëss, awer fir de gudden Zweck
Meenung Neiegkeeten

Knock it out: Hei ginn et der an d‘Schnëss, awer fir de gudden Zweck

Wann sech der zwee zerklappen da freet sech den Drëtten…

D‘USA setzen e Kappgeld op dem Osama bin Laden säi Bouf aus
Meenung Neiegkeeten

D‘USA setzen e Kappgeld op dem Osama bin Laden säi Bouf aus

Den Hamza bin Laden, Fils vum fréieren al-Quaida Chef Osama

D’Gewënner vum 8e Lëtzebuerger Filmpräis
Meenung Neiegkeeten

D’Gewënner vum 8e Lëtzebuerger Filmpräis

E Samschdeg, den 22. September huet déi 8. Editioun vum

D’Covid-Gesetzer musse grondsätzlech verbessert ginn!

D’Covid-Gesetzer musse grondsätzlech verbessert ginn!

Dräi Méint nom Ufank vun den éischte Moossnamen zur Andämmung vum SARS-CoV-2-Virus konnt d’Epidemie zu Lëtzebuerg dank den Ustrengunge vun der Bevëlkerung ganz staark begrenzt ginn.

Et ass ëmsou méi enttäuschend, datt d’Regierung den Auswee aus der Noutstansituatioun trotz wochelaange Verhandlungen, ënnert anerem a parlamentaresche Kommissiounen, offensichtlech nach ëmmer net fanne kann. Fir déi Lénk gëlle folgend Prinzipien:

  1. Eng moderat Pandemiepolitik kann net mat den autoritäre Rezepter vum 19. Joerhonnert dohier kommen. Dat setzt viraus, datt d’Mënschen iwwert déi real Fakten opgekläert ginn, datt mat hinne geschwat an hir Zoustëmmung gesicht gëtt. Eng Aschränkung vun de Grondrechter ka just opgrond vun enger tatsächlecher Gefor beschloss ginn. Si muss proportional zu de Gefore sinn.

  2. Quarantaine (fir mutmoosslech Kontaktpersounen) an Isolatioun (fir positiv Getest) kënnen nëtzlech Instrumenter zur Andämmung vun den Infektioune sinn, wa si mam Aemooss an der Geforelag entspriechend ugewannt ginn. Si sinn awer Gëft fir sozial Bezéiungen, wann den Obrigkeetsstaat sech dohannert verstoppt.Mir sinn dofir, datt d’Isolatioun doheem oder op enger anerer Plaz mam Accord mat der positiv getesteter Persoun an ënnert Zoustëmmung vun der gréisstméiglecher Hëllefsstellung ze geschéien huet. Besonnesch Persounen an Noutsituatiounen (Sans-Abrien, Affer vu Gewalt, prekär Agestallter, Geflüchteter, asw.) mussen all erdenklech Hëllef erhalen, fir hinnen ee mënschewierdegen Daach iwwert dem Kapp ze garantéieren.Zwangsmoossname si just bei besonneschen Ëmstänn an ënnert Usproch op all Garantien ze toleréieren. D’Expertise vun der Mënscherechtskommissioun an alle Gerechtsinstanze sinn eendeiteg, hinne muss Rechnung gedroe ginn.

  3. Mir kritiséieren déi aktuell Bestëmmungen zur Behandlung vun den Daten. Och wann dës elo schonn no 3 Méint nom Auslafe vum Gesetz (amplaz 6 Méint) anonymiséiert solle ginn, esou kéint dës bei Weiderféierung vum Gesetz iwwert den 25. Juli hinaus eng laang Zäitspan ginn. Zudeem schléisst de Kommentar vum entspriechenden Artikel d’Weiderleedung vun den Daten un „auslännesch an europäesch“ Gesondheetsdéngschter an. Dëst kéint geféierlech Auswierkungen op d’Areespolitik an anere Staaten hunn.

  4. Wëll d’Entscheedungsgewalt elo nees formal vum Parlament ausgeet, verlaange mir en Abléck an all Fuerschungsresultater an aner Etüden, fir datt zu all Zäit all Decisioune vum Parlament an de Verwaltungen op der Konkreter sanitäre Faktelag begrënnt sinn a keng mëssbrauchlech Ausnotzung vun enger Noutlag méiglech ka sinn.

  5. Mir fuerderen d’Abannung an d’Gesetz vu Kontrollmoossnamen vun der ITM an der Aarbechtsmedezin, sou wéi ee Recht op Réckzuch vun den Employéen am Fall vu Gefor Besonnesch Virsiicht muss och weiderhin fir all Beräicher an der medezinescher Versuergung an der Fleeg gëllen.

déi Lénk beobachten déi weider Entwécklung ganz genau a wäerten hir Zoustëmmung zu dëse Gesetzer an zu eventuell nokommende Gesetzer just da ginn, wann hire Bemierkungen am Kär Rechnung gedroe gëtt.

Matgedeelt vun déi Lénk

Related topics Covid-19-Gesetz, Datenschutz, déi lénk, Etüden, Fuerschungsresultater, Isolatioun, ITM, Rechter
Next post Previous post