Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Pont Viaduc – Adaptatiounen am Verkéier an am ëffentlechen Transport
International Neiegkeeten Stories

Pont Viaduc – Adaptatiounen am Verkéier an am ëffentlechen Transport

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch Aarbechte vun der Stroossebauverwaltung

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?
International Neiegkeeten Stories

Aus Israel e jiddeschen Nationalstaat gemaach?

Wat fir déi eng d‘Bestätegung ass, gesinn déi aner als

moneysurprise
D‘Rechnung wann ech gelift ! Déi finanziell Säit vum Brexit, erkläert
International Neiegkeeten Stories

D‘Rechnung wann ech gelift ! Déi finanziell Säit vum Brexit, erkläert

Zwanzeg Milliarden Euro, véierzeg, siechzeg? Déi Zuelen déi ëmmer nees

Amerika mécht sech de Covid19 zu Notze fir d‘Ajatollahen ze zëssen

Déi Hëllef – materiell a medezinesch- déi den Iran bréicht gëtt vun den US-Sanktioune blockéiert

Amerika mécht sech de Covid19 zu Notze fir d‘Ajatollahen ze zëssen

Dat se sech zu Washington, dank de beschte Fuerscher a Medezinner vun der Welt, gutt op de Virus an déi esou ausgeléiste Pandemie virbereede konnten, ass dem Iran net vergënnt. Zudeem ass et eng Opportunitéit fir den Donald Trump, déi Islamesch Republik politesch ze destabiliséieren. Aus esou enger Situatioun kee Kapital ze schloen, dat wier eng verpasste Geleeënheet, mengt Washington.

Teheran ass op Hëllef vu „Baussen“ ugewisen, wann d‘Pandemie net soll zum sanitären Desaster féieren. Dat huet Washington – den Alliéierten a Geschäftspartner vum Äerzfeind Saudiarabien – zur Kenntnis geholl, an d‘Sanktioun-Schrauf nach emol zolidd ugezunn. Esou bleift den Iraner eigentlech nach just deen Ëmwee iwwert d‘Schwäiz, fir medezinesch Ausrëschtung ze kafen.

Covid19Mee och hei sinn et d‘Amerikaner déi dat lescht Wuert hunn. Wien iwwert dëse „Kanal“ dem Iran Wueren am Kontext vun der „humanitärer Hëllef“ verkeeft, muss dat net nëmmen explizitt a virun allem detailléiert un den US-Finanzministère mellen, hei brauch vum Empfänger am Iran, eng Versécherung, datt näischt u Persounen oder Gruppe geet déi vun US-Sanktioune betraff sinn.

Dat ass eng galant Aart a Weis fir sécherzestellen, datt d‘Ajatollahen kee medezinescht Material kafe kënnen. Schliisslech huet Washington net nëmme generell Sanktioune géint d‘Land an seng Regierung verhaangen, nee och géint zimmlech all Member vun der Regierung, an déi onséileg Revolutiounsgardiste souwisou. Déi nei amerikanesch Weltuerdnung weist seng Wierkung…

Mam Réck zur Mauer

An am Iran hunn d‘Spidäler, déi dëst medezinescht Material dréngend néideg hätten, si guer net an der Lag den Opwand ze leeschten, deen d‘USA iwwert den Ëmwee vu senger Sanktiounspolitik an dat war genee esou beabsichtegt. Net genuch Tester, keng Medikamenter a Beotmungsapparater… Do ass d‘Fro no der Zuel vun den Infektiounsfäll éischter niewesächlech, net nëmme fir d‘USA.

Covid19Bezitt een sech op d‘Date vun der John-Hopkins Universitéit, déi och nëmme geschätzt sinn, da géif et am Iran ronn 41.000 Infektiounsfäll. Gestuerwe wieren eng 3.000 Mënschen. Elo kann awer och déi éierewäert an u sech zimmlech zouverlässeg Institutioun dës Zuelen net bestätegen. Och si hunn net d‘Erlaabnes sech proaktiv mam Iran ze befaassen, firwat et beschtefalls eng Estimatioun ass.

Nach an der leschter Woch, nodeems et soll Undeitunge ginn hunn, datt den FBI-Agent Robert Levinson an engem iranesche Prisong dat zäitlecht geseent huet, huet Washington nei Sanktioune géint den Iran ergraff. Dës Kéier sinn et d‘Entreprise vum Bau an de leschte Rescht vun der Séifaart betraff. D‘Amerikaner haten de „maximalen Drock“ versprach an dat zéien si konsequent duerch.

Covid19Sënn an Zweck vun der US-Aussepolitik ass et engersäits de Regime ze stierzen a méiglechst eng hinnen ënnerwerfeg Regierung ze installéieren. Dat alles natierlech fir de Weltfridden ze sécheren, wat sech duerch d‘Allianz mam demokratesche Kinnekräich Saudiarabien, an der Zeréckhaltung am Jemen-Konflikt beschtens noweise léist. Woubäi d‘Ajatollahen jo och nach eng Optioun hätten.

Diplomatesche Labyrinth

Den Donald Trump hat am Mee 2018 d‘Atomofkommes (JCPOA)mam Iran eegenhänneg zerrappt, wat vun deenen anere Signataire mëttelméisseg appreciéiert gi war. Mee d‘Geschäftsbezéiunge mat den USA waren Däitschland, Frankräich an och Groussbritannien méi wichteg, wéi ee Club vun ale reliéise Fanatiker, déi d‘Vollek ënnerjochen, Terrorismus fërderen an Waffesystemer entwéckelen.

Wien elo dergéint hält a méiglecherweis wéilt behaapten, datt dës Beschreiwung (reliéise Fanatismus an Entwécklung, jo och a gewësser d‘Finanzéierung vun Terror) géif och op den Donald Trump seng Ekipp zoutreffen, muss awer ënnerscheeden: Islam an evangelesche Katholizismus (d‘Welt ass eng Scheif) verfollege ganz ënnerschiddlech Ziler an d‘Iraner sinn Terroristen…

Covid19Een deen sech traut dergéint ze halen, datt ass de Senateur Bernie Sanders, dee vu Washington fuerdert d‘Sanktioune fir d‘Dauer vun der Pandemie zumindest ze lackeren. Duerch d‘Sanktioune kënne beispillsweis Beotmungsapparater, Otemmasken an eigentlech alles, wat zur Bewältegung vun dëser sanitärer Kris noutwenneg ass, nëmme mam Accord vun den USA agefouert ginn.

Op där aner Säit setzt de „Big Mike“, deen sech dës Kris zu Notze maache wëll fir den iraneschen Afloss am Irak ze zerschloen. Hei ënnerstëtzt den Iran déi schiitesch Miliz Kataib Hezbollah, déi d‘USA aus dem Land verdränge wëll. An dësem Kontext hunn d‘Amerikaner mëttels engem ganz besonneschen Dronenasaz, sech dem lästege Generol a Volleksheld Quassem Soleimani entleedegt.

Nee et ass net gutt gemengt…

Mam Coronavirus bitt sech den USA netz nëmmen d‘Geleeënheet och déi irakesch Regierung (déi jo mëttlerweil och vun den USA den Truppenofzuch fuerdert) massiv ënner Drock ze setzen, nee de Mike Pompeo géif de Covid19 nawell gären als Waff, géint d‘Feinde vun der Demokratie an den amerikanesche Wäerter asetzen. Dat kann een der Welt awer esou net verkafen, also geet et anescht.

Den US-Ausseminister huet humanitär Hëllef versprach: „Mir hunn eis verflicht, alles ze liwwere wat méiglech ass. Mir géifen eis freeë wann den Iran dës Hëllef géif unhuelen. Et ass och den eenzege Wee iwwert deen si Hëllef kréie kënnen. Si sollten dat unhuele wann hinnen dru geleeën ass de Problem fir d‘Bevëlkerung an de Grëff ze kréien“. Den Iran muss dat awer alles bezuelen…

Covid19

Den demokratesche Senateur Bernie Sanders, deen sech och als Presidentschaftskandidat am US-Wahlkampf Chancen erhofft, fuerdert vun der Trump-Administratioun eng Lackerung vun de Sanktioune géint den Iran. Aus Israel gëtt et dofir zolidd „Kritik“ an déi jiddesch Communautéit an den USA, schéngt dann awer léiwer de Standpunkt vum Krichspresident virzezéien. © The Hill

Zudeem ass net gewosst wat den US-Ausseminister ënnert humanitärer versteet a wéi eng weider Konditiounen d‘Ajatollahe missten erfëllen. Esou ass et net verwonnerlech, datt déi héich Kommissärin fir Mënscherechter, Michelle Bachelet, feststellt, datt „humanitär Hëllef“ de Problem net léise wäert. Woubäi si et natierlech och géif begréissen, wann Teheran den USA géif noginn.

Si fuerdert vun der iranescher Regierung, de Bedierfnesser vun de Bevëlkerung Rechnung ze droen a Washington endlech all déi Zougeständnesser ze maachen, déi zu enger Lackerung, a firwat net och zur Ophiewung vun de Sanktioune féieren. Dat ass natierlech nëmmen ee gutt gemengte Virschlag, si wëll sech net an iranesch Ugeleeënheeten amëschen. Den Iran huet dat net erwiedert.

mat indymedia/was/nyc/gva/lon

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, humanitär Hëllef, Iran, Sanktiounen, Terror, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel