Search

You may also like

Urbanisatiounsprojet op verseuchtem Buedem?
Neiegkeeten

Urbanisatiounsprojet op verseuchtem Buedem?

2016 huet de Stolkonzern ArcelorMittal seng Aktivitéiten um Site Esch-Schëffleng

geek
Lëtzebuerg huet elo eng Federatioun fir e-Sports
Neiegkeeten

Lëtzebuerg huet elo eng Federatioun fir e-Sports

D‘Luxembourg Esports Federation Asbl (LESF) besteet zanter dem leschten Dënschdeg

Dem Boris säi beschte Päerd verléisst de Stall
Neiegkeeten

Dem Boris säi beschte Päerd verléisst de Stall

Fir déi brittesch „Bexiteers“, wou vum neien Empire gedreemt an

De Coronavirus am Altersheem

Um Méindeg ass eng Awunnerin vun engem Servior-Altersheem positiv op de Covid19 getest ginn

De Coronavirus am Altersheem

An engem vun de 15 Altersheemer déi vu Servior geréiert ginn, gouf eng Bewunnerin, bei där et ee Verdacht op eng Infektioun mam Coronavirus Covid19 ginn hat, getest. D‘Resultat vun dësem Test huet um Méindeg virgeleeën, an et huet sech bedauerlecherweis bestätegt, datt sech déi eeler Damm mam Virus infizéiert huet.

Fir d‘Spriecherin vu Servior, Nathalie Hanck, war et dann och kee gewéinleche Schaffdag, hiren Telefon war zolidd beusprocht ginn. Verständlech, wa gewosst ass, datt an engem weideren Haus, wou eeler Mënsche mat Demenz ënnerbruecht sinn, waren zéng Residente positiv op de Covid19 getest ginn. Et war allerdéngs ze erwaarden, nodeems den Zougang zu den Alters- a Fleegeheemer massiv gefuerdert gouf, datt eng Reouverture och en däitleche Risk géif mat sech bréngen.

Laut der Spriecherin wier d‘Infektiounskrankheet vun enger Persoun ageschleeft ginn, déi selwer net wousst, datt si infizéiert wier. Hätt sech dës Persoun, wéi dat ëmmer méi Leit ganz ouni grousst Ophiewe maachen, teste gelooss, misst een elo net zréckrudderen an d‘Visitte bis op Weideres nees Suspendéieren. D‘Famillje sinn all entspriechend informéiert ginn, d‘Personal dat Kontakt hat, huet sech direkt selwer a Quarantaine gesat. All d‘Prozeduren déi noutwenneg sinn, ginn agehalen.

Et muss Uecht gedoe ginn

An der Residence déi betraff ass, bleift de Besuch zwar weiderhin erlaabt, mee d‘Famillje sinn opgeruff ginn, hir Visitten anzeschränken. Datt ee weider an dësem Haus kann op Besuch kommen huet domadder ze dinn, datt déi eeler Damm – wéi si getest ginn ass – net an der Residence selwer, mee am Spidol war. D‘Nathalie Hanck schléisst awer net aus, datt och Residente vun der Struktur kënne betraff sinn. Dofir mussen elo d‘Awunner an d‘Personal déi Kontakt hate getest ginn.

Wéi schwéier dës Seniorin betraff ass, gouf net weider erläutert, mee et sollt eis eng Warnung sinn. Esou wéi et d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP) ëmmer nees widderhëlt, d‘Pandemie ass net eriwwer an et bleift essentiell, all d‘Gest Barrière – besonnesch am Kontext vum Kontakt mat vulnerabele Persounen – maximal anzehalen. Jiddereen, dee seng Familljenugehéiereg an engem Alters- oder Fleegeheem besiche wëll, sollt esouvill Anstand hunn, an sech teste loossen.

Illustratioun: © United Nations / unsplash

Related topics Altersheem, Covid19, Covid19-Tester, Fleegeheem, Servior
Next post Previous post