Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Zukunft vun der Zousazversécherung CMCM
International Neiegkeeten

D‘Zukunft vun der Zousazversécherung CMCM

Vum demographesche Wandel profitéieren an den Affiliéierte méi Servicer ubidden,

surprise
Dem Donald Trump seng ex-Maîtressen packen aus
International Neiegkeeten

Dem Donald Trump seng ex-Maîtressen packen aus

De Niveau vum Donald Trump senge juristeschen Ausenanersetzunge mat verschiddene

Tierkescht Geriicht erdeelt Wikipedia eng Ofso
International Neiegkeeten

Tierkescht Geriicht erdeelt Wikipedia eng Ofso

AFP-Informatiounen no huet en tierkescht Geriicht eng Demande vu Wikipedia,

Ouschteren: D‘Tories feieren d‘Operstoung vum Boris

Ouschteren: D‘Tories feieren d‘Operstoung vum Boris

De britesche Premierminister Boris Johnson hat sech zu Ufank schwéier mat der Pandemie gedoen, bis et hie schlussendlech och erwëscht hat, a sech „aus renger Virsiicht“ eng kuerz Auszäit op der Intensivstatioun gegënnt huet. Ob de Mann Bibelfest ass, ass esou net gewosst, mee ähnlech dem Mann aus Nazareth, ass hien op Ouschtersonndeg „operstanen“ a gouf aus dem Spidol entlooss.

An datt et „net méi fir ze laache war“ huet de Boris Johnson, dee leschte Sonndeg am St. Thomas Spidol zu London preventiv op d‘Intensivstatioun bruecht gi war, kann een dann och sengem Tweet enthuelen. Hie wéilt sech elo um offizielle Landsëtz vun de Premierminister zu Chequers erhuelen, iert hie sech nees ëm d‘Regierungsgeschäfter këmmere kann. Bis dohinner behält den Dominic Raab, briteschen Ausseminister d‘Heft an der Hand.

Schonn ee Samschdeg hat sech de Boris Johnson un d‘Personal vum St. Thomas Spidol adresséiert, an dëse verséchert, datt hien hinne säi Liewe géif verdanken. Hie huet och all deenen Zuelräiche Fans Merci gesot, déi him iwwert de Postwee eng séier Besserung gewënscht hunn. Och seng an aner Ëmstänn befëndlech Liewenspartnerin, Carrie Symonds, soll him all Dag geschriwwen an Ultraschallbiller vum Baby zougeschéckt hunn.

Wéi laang elo dem britesche Premier seng Erhuelung nach wäert unhalen, ass net gewosst, et sollt een awer mat Woche rechnen, heescht et säitens der Regierung. Esoulaang regéiert den Dominic Raab, dat allerdéngs net mat de Befugnisser vum Premierminister. An der ongeschriwwener Verfassung vu Groussbritannien, gëtt et keng kloer Regelung fir de Fall, datt de Regierungschef ausfält. An dee wier gutt beroden eng Rei Problemer séier ze léisen.

Ville Britten, och wann se der Regierung d‘Partie halen, mëssfällt den Ëmgang mam der Kris. Ee gutt Beispill bitt de Protest vun der Gewerkschaft „Royal College of Nursing“ déi, déi meeschten Infirmiere representéiert. Nach ëmmer gëtt et net genuch Schutzausrëschtung an et wier een elo um Punkt ukomm, wou d‘Fleegepersonal a leschter Instanz d‘Behandlung vu Patiente misste refuséiere well den eegene Schutz net méi ze leeschten ass.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Nghia Le / unsplash

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Coronavirus, Covid19, Dominic Raab, Groussbritannien
Nächsten Artikel Virrechten Artikel